Posts Categorized: Actualités

Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen…

FR

Le 3 décembre, malgré le froid glacial, Saint Nicolas s’est mis en route pour Schifflange, accompagné de ses anges et des pères fouettard.

Les enfants, leurs parents et grands-parents, attendaient dans la cour de l’école Albert Wingert, pleins d’impatience et les yeux brillants. Encadré musicalement par l’Harmonie Municipale, le public a chanté d’une voix ferme la chanson la plus connue « Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen ».

Avant de prendre place pour saluer individuellement chaque enfant et lui offrir sa “Titchen”, Saint Nicolas a remercié les responsables communaux de lui avoir permis de venir une nouvelle fois à Schifflange.

 

LU

Den 3. Dezember 2023 hat de Kleesche sech, trotz äiskalem Wieder, mat sengen Engelcher an Houseker op de Wee bei d’Schëfflenger Kanner gemaach.

Voller Virfreed sinn d’Kanner mat hiren Elteren a Grousselteren an de Schoulhaff vun der Albert Wingert Schoul komm an hu mat engem schéine Laachen a groussen An den hellege Mann begréisst. Ënnert Begleedung vun der Schëfflenger Musek ass dat bekannte Lidd „Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen“ mat fester Stëmm gesonge ginn.

Éier de Kleeschen op sengem schéine grousse Stull Plaz geholl huet fir all Kand eenzel ze begréissen an him seng Titchen ze ginn, huet hien de Gemengeresponsabele MERCI gesot, dass hien och dëst Joer nees konnt op Schëffleng kommen.

 

 

 

 

 

 

 

Post PackUp Schifflange

FR

Depuis fin novembre 2023, Schifflange dispose d’une deuxième station PackUp au cœur du village, prés de la gare.
Les citoyen.nne.s peuvent y retirer leurs colis 24h/24h et 7j/7j.

Plus d’informations sur le fonctionnement de Post PackUp sur post.lu

 

LU

Zanter Enn November 2023 huet Schëffleng eng zweet PackUp- Statioun am Häerz vum Duerf, direkt nieft der Gare. D’Bierger.inne kënnen hir Päck hei ronderëm d’Auer 24h/24h ofhuelen.

Weider Informatiounen zum Fonctionement vu Post PackUp, fannt Dir op post.lu

 

 

Prévention des dégâts de gibier sur les terrains privés

FR

De nombreux animaux cohabitent avec les humains dans les villes. Il s’agit bien sure des animaux domestiques mais aussi des hôtes nettement moins acceptés de la faune sauvage. Beaucoup d’animaux sauvages se sont tout simplement adaptés aux conditions urbaines, dans lesquelles ils trouvent plus facilement tout ce dont ils ont besoin, surtout en hiver.

En ville, les clôtures servent principalement à délimiter les epaces entre voisins, mais celles-ci peuvent également être utilisées pour la protection des terrains privés afin de limiter les dommages dus à la faune sauvage.  Nous tenons à préciser qu’aucune indemnisation ne pourra être obtenue pour les dommages causés par les sangliers dans votre jardin privé.  Afin d’éviter des dégâts nous vous conseillons de revoir l’état de la clôture de votre terrain ou à défaut de clôturer votre propriété.

Lors d’une rencontre avec des sangliers, que ce soit dans la forêt ou dans votre jardin, il est essentiel de rester calme et de garder ses distances. Evitez également que votre chien n’aille à leur rencontre ou même tente de les chasser, car bien que les sangliers soient des animaux farouches au caractère paisible, quand ils se sentent agressés la situation peut devenir dangereuse.

De manière générale, nous vous conseillons d’éviter d’attirer les animaux sauvages tels que sangliers, chevreuils, renards ou même des rats en sécurisant vos tas de compost et en veillant à bien fermer les poubelles contenant des résidus alimentaires.

Au cas où vous feriez la rencontre d’un animal malade ou blessé, veuillez rester calme et contactez le centre de soins pour la faune sauvage à Dudelange (tél.: 26 51 39 90).

 

LU

An de Stied ass en Zesummeliewen tëschent Déieren a Mënschen net méi ewech ze denken. Heibäi handelt et sech natierlech em Hausdéieren, awer och em déi manner akzeptéiert Gäscht aus der Natur an dem Bësch, déi besonnesch am Wanter hire Wee an d’Stied an d’Gäert vun de Leit fannen. Vill wëll Déieren hunn sech un déi urban Bedéngungen ugepasst, an deenen si méi einfach Nahrung an alles  wat si brauche fannen.

A Stied ginn Dréit an Zonk virun allem benotzt fir Terrainen ofzegrenzen. Dës kënnen awer och viru Wëldschued schützen. Besonnesch Wëllschwäin wulle gären de Buedem an de Gäert op an hannerloossen hir Spueren. Mir wëllen drop hiweisen, datt keng Entschiedegung bezuelt gëtt fir Schued, deen duerch Wëllschwäin an Ärem private Gaart verursaacht gëtt. Fir Schued ze vermeiden, rode mir Iech den Zoustand vun Ärem Zonk z’iwwerpréiwen oder e komplett neien Drot opzestellen.

Wann Dir Wëllschwäi begéint, sief et am Bësch oder an Ärem eegene Gaart, ass et ganz wichteg roueg ze bleiwen an Distanz ze halen. Vermeit datt Ären Hond si verfollegt oder ubillt. Obwuel Wëllschwäi schei Déiere si mat enger friddlecher Natur, kann d’Situatioun geféierlech gi wann se sech ugegraff fillen.

Am Allgemenge kënnt dir vermeide wëll Déiere wéi Schwäin, Réi, Fiiss oder Raten unzezéien, andeems Dir Äre Kompost ofséchert an Är Dreckskëschte fest zoumaacht.

Wann Dir e krank oder blesséiert Déier begéint, da bleift roueg a mellt Iech bei der Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Diddeleng (Tel.: 26 51 39 90)

Déblayage de la neige sur les trottoirs

FR

Les citoyen.ne.s ainsi que les entreprises et sociétés qui se trouvent sur le territoire de la Commune de Schifflange sont tenus de maintenir en état de propreté les trottoirs se trouvant devant leurs immeubles.

Au cas où la circulation est devenue dangereuse ou difficile par suite de verglas ou de chutes de neige, les occupants sont  tenus de dégager suffisamment les trottoirs à empêcher tout éventuel accident.

 

LU

D’Bierger.innen esouwéi d’Entreprisen aus der Gemeng Schëffleng sinn verpflicht, d’Trottoiren virun hire Gebaier propper ze halen.

Wann de Passage duerch Äis oder Schnéi geféierlech oder schwiereg gëtt, sollen d’Awunner d’Trottoiren adequat fräiraumen fir méiglech Accidenter ze vermeiden.

Livestream du Conseil communal du 1er décembre 2023

Vous pouvez suivre la séance du Conseil communal du vendredi, 1er décembre 2023 à partir de 08.30 heures via ce lien.

 

Ordre du jour

  1. Correspondance et informations
  2. Approbation du procès-verbal de la réunion du conseil communal en date du 10.11.2023
  3. Approbation de contrats de location
  4. Approbation d’un contrat de fourniture de chaleur
  5. Approbation de conventions
  6. Approbation de l’avant-projet définitif relatif à l’aménagement d’un parc et parking public au centre de Schifflange
  7. Approbation de devis et d’un devis supplémentaire
  8. Office Social :
    • Approbation du budget rectifié de l’exercice 2023 et du budget initial pour l’exercice 2024
    • Désignation d’un nouveau membre au conseil d’administration
  1. Composition de la commission « Naturpaktteam » (liste complétée des représentants)
  2. Composition de la commission « Klimateam » (liste complétée des représentants)
  3. Approbation du relevé des jours de prolongation de l’heure normale de fermeture des débits de boissons pour l’année 2024

Visite du Foyer Elysis à Esch

FR

Après le grand succès de la réunion d’information de juillet dernier au Club Haus « Beim Kiosk », le collège échevinal en collaboration avec la commission des seniors a invité le 24.11.2023  à une visite des locaux achevés du Foyer « Elysis » à Esch.

Une cinquantaine de personnes se sont intéressées à la visite. Les responsables du foyer ont accueilli chaleureusement les citoyen.ne.s de Schifflange et les ont ensuite invités à une visite détaillée des différents bâtiments.

A la fin de cette visite, chaque participant a eu l’occasion de s’entretenir avec les responsables et de poser des questions plus spécifiques.

Il reste encore a noté que l’ouverture officielle du Foyer « Elysis » à Esch est prévu pour début 2024.

 

LU

Nom grousse Succès vun der Informatiounsversammlung vum leschte Juli am Club Haus „Beim Kiosk“, hat de Schäfferot an Zesummenaarbecht mat der Seniorekommissioun den 24.11.2023 op eng Visitt vun de fäerdeggestallte Raimlechkeete vum Foyer Elysis zu Esch agelueden.

Eng 50 Leit haten sech fir des Besichtegung interesséiert. Di Verantwortlech vum Foyer hunn d’Schëfflenger Bierger.innen frëndlech empfaangen éier si op eng ausféierlech Visitt vun de Gebailechkeeten invitéiert hunn.

Zum Schluss hat jiddereen d’Méiglechkeet mat de Responsabele selwer d’Gespréich ze sichen a seng ganz perséinlech Froen ze stellen

Et bleift nach ze notéieren, dass déi offiziell Erëffnung vum fonkelneie Gebai fir Ufank 2024 virgesinn ass.

 

 

 

Aktioun Weltkannerdag

FR

Avec UNICEF Luxembourg, nous  avons célébré le 20 novembre la Journée mondiale de l’enfance, parce que les enfants et leurs droits nous tiennent à cœur.

C’est aussi l’anniversaire de la signature de la Convention relative aux droits de l’enfant, qui a changé la vie de millions d’enfants.

Pour montrer notre soutien aux droits de l’enfant – surtout en cette période de guerre omniprésente – nous avons participé à l’action #GoBlue et ont transformé le logo de la commune en bleu pendnat toute la semaine. Plus d’informations sur la Journée mondiale de l’enfance : www.weltkannerdag.lu

De plus, la Maison Relais et le Service scolaire, en collaboration avec la galerie d’art Kamellebuttek ont organisé une action graffiti les après-midi le 21 et 23 novembre.

Plus de photos dans notre galerie /©Victor Gilbert / Kamellebuttek

LU

Zesumme mat UNICEF Luxembourg hu mir den 20. November de Weltkannerdag gefeiert, well eis d’Kanner an hir Rechter eis um Häerz leien.

Dëst ass och de Joresdag vun der Ënnerschrëft vun der Kannerrechtskonventioun, déi d’Liewe vu Millioune Kanner verännert huet.

Fir en Zeeche fir d’Kannerrechter ze setzen an zumools an dëser onroueger Zäit weltwäit, hu mir bei der Aktioun #GoBlue matgemaach an eise Gemengelogo wärend enger Woch blo ugestrach.Méi Informatiounen zum Weltkannerdag: www.weltkannerdag.lu.

Eis Maison Relais huet  och an deem Kontext zesumme mam Schoulservice a mat der Konschtgallerie Kamellebuttek e Graffitisatelier den 21. an 23 November fir d’Kanner organiséiert.

Weider Fotoen an eiser Galerie ©Victor Gilbert / Kamellebuttek

 

 

Visite du St Nicolas/De Kleesche kënnt op Besuch

La Commune de Schifflange organisera en date du 3 décembre 2023  les festivités pour la visite du Saint Nicolas.

L’arrivée du St Nicolas en compagnie de ses anges et des pères fouettards est prévue pour 15.00 heures à la cour de l’école Albert Wingert (rue Michel Rodange/rue Albert Wingert) où ils seront accueillis par les autorités communales et bien sûr par les enfants et leurs parents. Ensuite, ils prendront place sous le parvis à la cour de l’école où le St Nicolas distribuera les “Titercher” aux enfants sages. Il n’y aura pas de cortège cette année, mais des stands de catering.

Nous vous donnerons donc rendez-vous avec vos enfants dimanche, le 3 décembre 2023 à 15.00 heures pour souhaiter la bienvenue au St Nicolas. N’oubliez pas d’emmener votre bon pour récupérer le sachet.

 

Den 3. Dezember huet sech héije Besuch ugekënnegt.

De Kleesche kënnt mat sengen Engelcher a mam Houseker op Schëffleng an dofir gi mär all de Kanner mat hiren Eltere Rendez-vous um 15.00 Auer am Haff vun der Albert Wingert Schoul wou den hellege Mann vum Schäffen- a Gemengerot begréisst gëtt. Hei kritt een och e klenge Maufel z’iessen an eppes Waarmes ze drénken.

Duerno verdeelt hien zesumme mat sengen Engelcher eng flott Titchen un all braavt Kand.

Rendez-vous also sonndes, den 3. Dezember 2023 um 15.00 am Haff vun der Albert Wingert Schoul. Vergiesst Äre Bong net, deen Dir am Viraus krut.

2023 war nees Hobbymoart

LU

Fir wanterlech Stëmmung huet den traditionellen Hobbymoart zu Schëffleng de Weekend vum 25. a 26. November 2023 gesuergt.

Insgesamt hunn 41  Hobbykënschtler hir schéinste Wierker an Aarbechten ausgestallt an d’Leit konnte schonn deen een oder anere Chrëschtdagskaddo fir hir Léifst hei fannen. Vu faarwege Bijouen iwwert selwer gebitze Kleeder bis hin zu metalle Skulpturen a Konterbontes zur Wanterzäit war alles dobäi.

Solidaritéit war wéi ëmmer grouss geschriwwe beim Hobbymoart an esou waren och eng Hand voll Infostänn zu deene verschiddensten Theme vertrueden an e groussen Deel vun de Suen, déi era komm sinn, goufe fir karitativ Zwecker gespent.

Am Kader vun der ‘Ronde officielle’ hunn de Buergermeeschter Paul Weimerskirch an de President vun der Kulturkommissioun Yves Marchi jidderengem Merci gesot. Zesumme mam Schäffen- a Gemengerot sinn si doropshin bei déi vill flott Stänn kucken gaangen.

Niewent den Hobbybastler war och d’Schëfflenger Jugendhaus um Wierk an huet deene klenge Besicher e kreativen Atelier ganz am Sënn vun der Nohaltegkeet an dem Upcycling ugebueden.

E Merci geet un eis Veräiner, déi sech um Food Village bedeelegt hunn a wärend dem ganze Weekend fir richteg leckert Iessen a Gedrénks gesuergt hunn.

 

FR

Le traditionnel Hobbymoart de Schifflange a créé une ambiance hivernale le weekend du 25 au 26 novembre 2023 au Hall Polyvalent.

Au total, 41 artistes et amateur.ice.s créati.ves.fs ont exposé leurs plus belles œuvres et réalisations. Les visiteurs pouvaient profiter et y trouver l’un ou l’autre cadeau de Noël pour leurs proches.

Comme d’habitude, la solidarité était un aspect important du Hobbymoart, ainsi des stands d’information sur les sujets les plus divers étaient représentés. Les visiteurs ont eu l’opportunité de s’informer ou s’impliquer activement pour la bonne cause.

Dans le cadre de la ronde officielle, le bourgmestre Paul Weimerskirch et le président de la commission de la culture Yves Marchi ont remercié tous ceux qui ont participé au marché. Ensemble avec le conseil communal, ils ont ensuite fait le tour des stands et admiré les jolis créations.

Outre les artistes, la Maison des Jeunes de Schifflange était également sur place et offrait aux petits visiteurs un atelier créatif autours de la thématique de la durabilité et de l’upcycling.

Merci aux associations qui ont participé au Food Village et qui avaient préparé des plats salés et sucrés délicieux et des boissons chaudes pendant tout le weekend.

Dag vum Bam 2023

FR

Dans le cadre de la Journée de l’arbre, le vendredi 17 novembre 2023, le collège échevinal et le conseil communal, ensemble avec la Commission de l’environnement, le Klimateam et le NaturPaktteam, ont planté un arbre de paix, un bouleau pubescent (Betula Pubescens).
Celui-ci se trouve dans le Parc um Benn, en face de la réserve naturelle « Am Brill ».

 

LU

Um Dag vum Bam dëst Joer huet e Freideg, de 17. November 2023 de Schäffen- a Gemengerot mat Ënnerstëtzung vun der Ëmweltkommissioun, dem Klimateam an dem NaturPaktteam en extraen « Friddens-Bam », eng Moorbirke (Betula Pubescens), geplanzt. Dëse Bam steet am Parc um Benn vis a vis vum Naturschutzgebitt « Am Brill ».