Posts Categorized: Actualités

Convéniat 1954/1955

FR
Les dames et les messieurs né.e.s en 1954/55 ont fêté leur convéniat le 8 octobre 2023, entre autres à la Commune de Schifflange, où ils ont été accueillis par Monsieur Carlo Feiereisen. Après un après-midi formidable, au cours duquel ils ont beaucoup ri et évoqué des souvenirs d’antan, ils ont terminé la journée autour d’un bon repas au restaurant.

LU
D’Dammen an d’Hären vum Joergang 1954/55 hunn den 8. Oktober 2023 ënnert anerem op der  Gemeng Schëffleng hirt Konveniat gefeiert, wou si vum Här Carlo Feiereisen empfaange gi sinn. No engem flotten Nomëtteg wärend deem vill gelaacht an iwwert al Zäiten gepootert gouf hunn  si den Dag bei engem gudde Maufel am Restaurant ausklénge geloos.

Concert d’automne festif

FR

Concert d’automne festif avec l’orchestre Estro Armonico le 28.10.2023 à 19h00 au Centre Sportif.

Au programme, des œuvres de deux compositeurs luxembourgeois : de Pol Albrecht de Marche Patriae Fidelis et de Laurent Menager la fantaisie « de Feierwon » pour violon et orchestre à cordes. avec Alexia Ouyang en soliste. En outre, des compositions d’Alfred Shtuni, Albert Lortzing, Carl Zeller, Jules Massenet et des valses de Johann Strauss seront interprétées.

Nous nous réjouissons de votre visite !

 

LU

Festlechen Hierschtconcert mam Orchester Estro Armonico den 28.10.2023 um 19.00 Auer am Centre Sportif

Ee Program vir all Frënn vu schéiner a stëmmungsvoller Musek mat Wierker vun 2 Lëtzbuerger Komponisten: vum Pol Albrecht de Marche Patriae Fidelis a vum Laurent Menager d’Fantaisie «de Feierwon» fir Gei a Sträichorchester mam Alexia Ouyang als Solist.

Desweideren erklénge Kompositioune vum Alfred Shtuni, Albert Lortzing, Carl Zeller, Jules Massenet a Walzer vum Johann Strauss

Mär fréen eis op Äre Besuch!

Formation gratuite aux premiers secours

FR

Formation gratuite aux premiers secours
Du 15.11.2023 au 17.01.2024, le CIS (Centre d’Incendie et de Secours Schifflange) organise à nouveau des formations gratuites aux premiers secours tous les mercredis.

Vous trouverez toutes les informations complémentaires dans le dépliant ci-dessous (PDF en luxembourgeois).

Vous aussi, vous pouvez sauver des vies !

 

LU

Gratis Eischt Hëllef Formatioun
Vum 15.11.2023 – 17.01.2024, all Mëttwoch, organiséiert de CIS (Centre d’Incendie et de Secours Schifflange) nees gratis Eischt Hëllef Coursen.

All weider Informatioune fannt Dir op dësem Flyer.

Och du kanns Liewe retten!

 

 

 

Ouverture vun der neier Moartsaison zu Schëffleng

FR
La nouvelle saison du Grand Marché sur la Place de la Liberté à Schifflange a été lancée ce 9 octobre 2023. Traditionnellement, la Confédération Luxembourgeoise du Commerce et le « Lëtzebuerger Maarteverband » ont été invités par le Collège échevinal à l’inauguration officielle qui a été accompagné musicalement par le groupe Vocals on tour.

Dans une brève allocution, le bourgmestre Paul Weimerskirch a souligné que la Commune de Schifflange se réjouit d’accueillir les commerçants du marché chaque deuxième lundi du mois à Schifflange. L’ouverture officielle a été suivie d’un café avec croissants pour tous les visiteurs.

 

LU

Wéi all Joer gëtt déi nei Saison vum „Grousse Moart“ op der Fräiheetsplaz am Oktober lancéiert. Och dës Kéier waren d“Confédération luxembourgeoise du Commerce“ an de „Lëtzebuerger Maarteverband” vum Schëfflenger Schäfferot op déi offiziell Saisonserëffnung invitéiert ginn. Musikalesch begleed gouf d’Erëffnung vun der Band Vocals on tour.

An enger kuerzer Usprooch huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch betount, dass d’Schëfflenger Gemeng frou ass, d’Moartleit all zweete Méinden am Mount op der Fräiheetsplaz begréissen ze kënnen. No der offizieller Erëffnung gouf et fir all Visiteur e Kaffi an e Croissant. Dono konnte se gemittlech iwwert de Moart trëppelen.

 

 

 

Demande d’allocation de vie chère / prime énergie par le FNS

Le Fonds national de solidarité (FNS) accorde, sur demande et sous certaines conditions, une allocation spécifique en faveur des ménages à revenu modeste.

L’allocation est exempte d’impôts et de cotisations en matière d’assurance sociale.

 

Conditions

Pour bénéficier de l’allocation de vie chère, les revenus du ménage ne doivent pas dépasser un certain seuil fixé par un règlement du Gouvernement en Conseil. Le montant de l’allocation est déterminé en fonction de la communauté domestique du demandeur (vivant seul ou en communauté de plusieurs personnes).

En outre, le requérant doit remplir les conditions suivantes :

  • Avoir le droit de séjour sur le territoire du Grand-Duché de Luxembourg
  • Avoir résidé au Grand-Duché de Luxembourg pendant une période d’au moins 12 mois en continu précédant le mois de l’introduction de la demande en obtention de l’allocation
  • Disposer seul ou ensemble avec les personnes qui vivent avec lui en communauté domestique, au moment de l’introduction de la demande, d’un revenu annuel inférieur aux limites fixées.

 

Documents requis

  • Formulaire dûment rempli (voici le formulaire)
  • Relevé d’identité bancaire (RIB) établi par votre banque relatif à votre compte courant personnel

Le cas échéant des pièces justificatives additionnelles sont à joindre à la demande. Elles sont surtout nécessaires, si un ou plusieurs membres de votre communauté domestique sont :

  • Bénéficiaire d’un salaire
  • Bénéficiaire d’une indemnité de chômage
  • Bénéficiaire d’une aide financière de l’Etat pour études supérieures
  • Bénéficiaire d’une pension luxembourgeoise ou étrangère
  • Bénéficiaire d’une pension alimentaire
  • Bénéficiaire d’un revenu mobilier et/ou immobilier
  • Bénéficiaire d’un autre revenu

 

Délai

Les demandes sont à renvoyer au FNS par voie postale avant le 31 octobre 2023.

Les demandes présentées après le délai ne sont plus prises en considération.

 

Contact

Office Social de Schifflange

 

 

Sk8ing Girls 2023 am Skatepark

They see me rollin’…

Nieft dem Hierschtforum vun der Metzeschmelz war och am Schëfflenger Skatepark den 30. September eng weider Editioun vum Sk8ing Girls – déi 5. fir genau ze sinn.

Dëst Event ass eng Zesummenaarbecht vun der Schëfflenger Gemeng mat der Stad Esch. De Kader vum internationale Meederchersdag gëtt säit e puer Joer genotzt, fir d’Skateboarden, d’Longboarden a weider Streetsportarten a Streetart-Kënscht bei de Meedercher méi bekannt ze maachen an ze weisen, dass dëst net just e renge Jongen- a Männerdomaine ass. Et ass awer och en Dag fir déi ganz Famill. Jongen ewéi Meedercher, Kleng ewéi Grouss, Jonk ewéi manner Jonk: jidderee konnt sech an deene verschiddenen Ateliere sportlech a kënschtleresch ausprobéieren, sech bei deene ville Caterings-Stänn vun de Jugendhaiser aus dem Süde verwinne loossen a vun där gudder Stëmmung profitéieren.

Och d’Memberen aus dem Schëfflenger Schäffen- a Gemengerot an aus de Kommissioune fir Sport- a Fräizäit, Chancëgläichheet a Jeunesse hu sech et net huele gelooss fir  laanscht ze kommen a matzemaachen.

E grousse Merci u jiddereen, deen um Sk8ing Girls bedeelegt war – egal ënnert wéi enger Form.

Hei déi éischt Impressioune vum Event. Weider Fotoe fannt Dir an deenen nächsten Deeg an eiser Galerie.

Diplomiwwereechung 2023

FR

Le 27.09.2023, le bourgmestre Paul Weimerskirch, en présence des membres du Collège échevinal et du Conseil communal, a eu l’honneur de remettre les diplômes aux participants des cours de langues et aux jeunes membres du « Plan d’Encadrement Périscolaire ».

 

LU

Den 27.09.2023 huet den Här Buergermeeschter Paul Weimerskirch a Presenz vun de Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot d’Éier gehat d’Diplomer un d’Participante vun de Sproochecoursen an un déi Jonk vum « Plan d’Encadrement Périscolaire » ze verginn.

 

Ovatioun vum neie Gemengerot

LU

Den 25. September 2023 hat den « Syndicat d’Initiative » vu Schëffleng op eng kleng Feier invitéiert fir den neigewielten Gemengerot ze éieren. Des sympathesch Initiative vum Syndikat huet mëttlerweil schonn Traditioun hei zu Schëffleng.

D’Presidentin vum SI, Esther Zwank, war houfreg vill Veräinsvertrieder an Éieregäscht begréissen ze kennen. An hirer Ried huet si allen Kandidaten déi sech de Walen vum 11. Juni 2023 gestallt hunn an di grouss Erausfuerderung am Interessi vu Schëffleng an all senge Bierger.innen ze schaffen ugeholl hunn, hire gréissten Respekt ausgesprach. Den Owend ass musekalesch begleed ginn vun der Schëfflenger Musek.

Där kënnt weider Fotoen an eiser Galerie gesinn.

 

FR

Le 25 septembre 2023, le « Syndicat d’Initiative » de Schifflange a organisé une petite fête en l’honneur du nouveau Conseil communal. La sympathique initiative du syndicat a une longue  tradition à Schifflange.

La présidente du SI, Esther Zwank, était fière de pouvoir accueillir de nombreux représentants d’associations ainsi que les invités d’honneur. Dans son discours, elle a exprimé son plus grand respect à tous les candidats qui se sont présentés aux élections du 11 juin 2023 et leur a souhaité beaucoup de succès dans l’exécution de leurs tâches. L’ovation a été accompagnée musicalement par l’Harmonie Municipale de Schifflange.

Vous pouvez consulter plus de photos dans notre galerie.

 

Hei dierft Dir plécken – Aktioun gielt Band

LU

D’Aktioun « Gielt Band – Hei dierft Dir plécken! » ass eng Initiativ vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung an Zesummenaarbecht mat dem Syndicat des villes et communes luxembourgeoises (Syvicol). Déi zweet Ausgab vun dëser Anti-Gaspi-Kampagne ass am Abrëll d’lescht Joer an de Bongerte vun der Gemeng Schëffleng an der Héidengerstrooss lancéiert ginn.

« Hei dierft Dir plécken – Zerwéiert Iech! » D’Konzept ass ganz einfach: Wann e gielt Band op engem Uebstbam befestegt ass, dann ass d’Plécke fir de perséinleche Gebrauch erlaabt, esouguer erwënscht, fir ze verhënneren, datt d’Uebst, op an ënnert de Beem, verfault ouni genotzt kënnen ze ginn.

D’Kampagne erwëscht deemno zwou Mécken an engem Coup: Si bekämpft aktiv d’Liewensmëttelverschwendung a wäert dat lokaalt Uebst op – egal ob et schéin a perfekt geformt oder e bësse méi ellen ass.

Vill Gemengen a Privatleit huelen entre temps un dëser Aktioun Deel a markéieren hir Beem mat deem giele Band.

 

FR

Les amateurs de bons fruits locaux ont de quoi se réjouir – l’action « Gielt Band – Hei dierft Dir plécken! » est une initiative du ministère de l’Agriculture, de la, Viticulture et du Développement rural ensemble avec le Syndicat des villes et communes luxembourgeoises (Syvicol), dont la 2e édition de cette campagne anti-gaspillage a été lancée en avril 2022 dans le verger communal à Schifflange situé dans la rue de Hédange.

« Hei dierft Dir plécken − Zerwéiert Iech ! » Le concept est simple : si un ruban jaune est attaché à un arbre fruitier, la cueillette pour usage personnel est autorisée, voire encouragée, pour éviter que des centaines de kilos de fruits pourrissent sur et sous les arbres.

La campagne permet ainsi de faire d’une pierre deux coups, en luttant activement contre le gaspillage alimentaire et en valorisant les fruits locaux, qu’ils soient beaux ou moches, parfaits ou mal calibrés.

L’élan de solidarité des communes et des personnes privées et grand.

 

Méi Info op / Plus d’information sur :

 

Schoulrentrée

LU

D’Gemeng Schëffleng ass houfreg dass eng ronn 1’000 Schoulkanner dat neit Schouljoer konnte gutt ufänken. Fir dass déi klengst aus dem Einseignement fondamental  e besonnesch schéine Start kënne hunn, huet de Schäfferot alle Kanner aus dem 1. Schouljoer eng Schmierekëscht geschenkt.

Insgesamt sinn dat 28 Kanner aus 2 Klassen aus der Nelly Stein, 27 Kanner aus 2 Klassen aus der Lydie Schmit an 49 Kanner aus 3 Klassen aus der Albert Wingert Schoul.​

An dësem Zesummenhang wënsche mer  alle Schoulkanner e gelongene Start an en erfollegräicht Schouljoer.

FR

La Commune de Schifflange est fière que près de 1.000 enfants scolarisés aient bien démarré la nouvelle année scolaire. Afin que les petits puissent débutent bien leur carrière scolaire, le Conseil communal a offert un petit cadeau à tous les enfants de la première année scolaire.

Au total, ce sont 28 enfants de 2 classes de l’école Nelly Stein, 27 enfants de 2 classes de l’école Lydie Schmit et 49 enfants de 3 classes de l’école Albert-Wingert.

Dans ce contexte, nous souhaitons à tous les enfants scolarisés un bon départ et une année scolaire réussie.