Posts Categorized: Actualités

Octobre Rose

La Commune de Schifflange s’est mise en couleur rose! L’octobre, c’est le mois de sensibilisation au cancer du sein qui touche chaque année près de 460 femmes au Luxembourg.

Les petits rubans roses symbolisent la lutte contre le cancer du sein.

« Parler de la maladie, c’est prévenir. Et prévenir, c’est guérir » (Association Europa Donna)

Cliquez ici pour avoir plus d’infos sur le Broschtkriibslaf virtuel et pour faire un don en ligne!

 

CNFL – Rentrée d’automne 2021

De 27 Oktober huet de Conseil National des Femmes op hir alljärlech Hierschrentrée invitéiert, déi dëst Joer hei zu Schëffleng stattfonnt huet. Nieft de Membere vum Schäffen- a Gemengerot an de Mataarbechterinnen a Membere vun den Associatioune vum CNFL war och d’Madamm Minister vun der Chancëgläichheet Taina Bofferding present.

Seng Ried huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch mat enger Liewenswäisheet, déi seng Boma him an ee vu senge Kannerbicher geschriwwen hat, ugefaangen: “Wann een eppes matkritt, wat net richteg, net fair oder net gerecht ass, da muss du dat soen. Awer feststellen eleng geet net duer, du muss och eppes dogéint maachen, an entspriechend handelen”. Den CNFL a seng Membere setzen sech säit 1975 aktiv op politeschem Plang a mat villen Aktioune fir d’Fraerechter an d’Gläichheet tëschent Männer a Fraen an. Hir Aarbecht bleift weiderhin immens wichteg, well ëmmer nach grouss Inegalitéiten z’ajustéiere bleiwen, esou den Här Buergermeeschter weider.

D’Nadine Bertrang, Presidentin vum CNFL an engagéiert Schëfflenger Matbiergerin, huet de Programm vun de nächste Wochen a Méint virgestallt. Besonnesch ervirgehuewen huet si d’Inauguratioun vun der Statue am Kader vum 100 Joer Fraewalrecht zu Ettelbréck de 15. November, d’Orange Week – national Sensibiliséierungscampagne zum Thema Gewalt géint d’Fraen (25.11-10.12) an de Projet ‘les rues au féminin’, deen am Laf vum nächste Joer an der Zesummenaarbecht mat de Gemenge soll erweidert ginn. Dëst sinn allen dräi Projeten, un deenen d’Schëfflenger Gemeng an hirem Engagement fir d’Chancëgläichheet bedeelegt ass.

D’Madamm Minister ass hirersäits ënnert anerem op d’Schwieregkeeten agaangen, déi d’Pandemie an Zesummenhang mat der Aarbecht géint d’Gewalt am Stot mat sech bruecht huet, an huet dem CNFL Merci gesot fir déi gutt Zesummenaarbecht an hiren Engagement um Terrain.

Nom offiziellen Deel huet d’Gemeng op e Pättchen invitéiert.

 

De Schoulbuet 2021/2022 ass do!

Mat der Schoulrentrée, kënnt och de Schoulbuet! Wärend d’Schoulkanner, hire Buet an de Schëfflenger Schoulen ausgedeelt kréien, kann natierlech och all aner Bierger dësen op d’Gemeng siche kommen oder via eisen Internetsite consultéieren.

Vill Spaass beim Liesen!

Schoulbuet 2021/2022

 

Weider Informatiounen zum Schoulwiesen zu Schëffleng kritt Där natierlech bei eisem Schoulservice.

 

Route barrée: Avenue de la Libération

LU

Avis un d’Awunner:

Vum 2. November (07:00 Auer) bis spéitstens de 6. November (20:00 Auer) gi Kanalisatiounsaarbechten an der Liberatiounsstrooss ënnerholl. Deemno ass d’Strooss op engem klengen Deel wärend där Dauer gespaart.

D’Deviatioun fir d’Foussgänger an den uleiende Verkéier ass gezeechent, mee d’Autoe gi generell gebieden iwwert d’Rue de Drusenheim, Rue du Moulin an d’Rue de Lallange ze fueren.

D’Buslinn 4 vum Tice fiert dann och d’Deviatioun iwwert Lalleng.

Hei de Plang vum Chantier

 

FR

Avis aux habitants:

Du 2 novembre (07:00 heures) au 6 novembre (20:00 heures) au plus tard, des travaux de canalisation seront réalisés dans l’avenue de la Libération. Une partie de la rue principale sera donc barrée pendant cette période.

Une déviation pour les piétons et le trafic local sera signalisée, mais nous prions les automobilistes d’utiliser le détour via la rue de Drusenheim, la rue du Moulin et la rue de Lallange.

La ligne de bus 4 du Tice passera également via Lallange.

Voici le plan du chantier

1er Nohaltegkeetsdag à Schifflange

Le 30 octobre 2021 aura lieu le 1er Nohaltegkeetsdag (sur invitation) dans un cadre réduit au Centre Sportif à Schifflange.

 

Pour le grand public :

Suivez la séance via livestream à partir de 9:00 heures !

 

À cette occasion, Mme Carole Dieschbourg, Ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement Durable, présentera officiellement le check de durabilité « Communes 2030 ». Il s’agit d’un outil mis à disposition de toutes les communes par le Gouvernement pour leur permettre de mesurer, évaluer et mettre en évidence leur engagement pour un développement durable. Schifflange est la première commune du Luxembourg à publier les résultats de la mise en œuvre de Communes 2030.

Le programme est le suivant :

  • 8h30 Ouverture des portes aux invités
  • 9h00 Arrivée des officiels – Début de la séance académique
  • 11h00 Point presse
  • 11h00 – 13h00 Visite guidée facultative

Les orateurs qui s’exprimeront :

  • M. Paul Weimerskirch, bourgmestre de Schifflange, « Mot de bienvenue»
  • Mme Carole Dieschbourg, Ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement Durable, « L’Agenda 2030 des Nations Unies, le Plan National pour un Développement Durable Luxembourg 2030 et le rôle des communes.»
  • M. Albert Kalmes, 1er échevin de Schifflange, « Présentation de la transposition de Communes 2030 au sein de la Commune de Schifflange »
  • Mme Marguy Kohnen, conseillère MEV, « Présentation de la plateforme digitale Communes 2030 »
  • M. Roland Schreiner, bourgmestre honoraire de Schifflange, « L’engagement de Schifflange pour l’écologie et la cohésion sociale »
  • M. Emile Eicher, président du SYVICOL, « Le rôle des syndicats de communes dans la mise en œuvre de Communes 2030 »

Plus d’infos sur Communes 2030

Festlechen Hierschtconcert

E Sonnden, de 24. Oktober 2021 hat de Schäfferot op e musikaleschen Nomëtte mam Orchester „Estro Armonico“ an de Centre Sportif invitéiert.

Ënnert der Leedung vum Dirigent Jeannot Weimerskirch an dem Concertmeeschter Guy Goethals si Stécker vum Georg F. Händel, Wolfgang A. Mozart, Franz Schubert a Ludwig van Beethoven gespillt ginn. Den Highlight war awer den Optrëtt vun der ganz talentéierter Schëfflenger Violonistin Alexia Ouyang. D’Alexia ass 13 Joer jonk a Schülerin vun der Madamm Danka Petzova, chargée de cours am « Eveil à la musique » an eise Schoulen. D’Leit ware begeeschtert vu sengem Optrëtt an hunn dëst duerch hire laangen Applaus zum Ausdrock bruet.

Op desem Link kënn Dir de Concert nach eng Kéier nokucken/nolauschteren: https://youtu.be/9tRvHcZNQHs

Workshop Wildblumenwiese

Am 23.10.2021 fand auf Initiative der lokalen Umweltkommission und unter der Anleitung von Marianne Kollmesch von der “Emweltberodung Lëtzebuerg Asbl”  in der “Cité Paerchen”  ein lehrreicher Workshop über das Anlegen einer Wildblumenwiese statt.

Nach der Begrüßung durch den Bürgermeister Paul Weimerskirch und in Anwesenheit von Schöffe Albert Kalmes wurde den Teilnehmern erläutert, dass es unweit des Platzes schon eine selbst entstandene Wildblumenwiese neben der Schallschutzmauer gibt. Im Anschluss an die einleitenden Erklärungen legte jeder Teilnehmer los, um jeweils die Fläche von 1 m2 in der Fußgängerpassage längs der Schallschutzwand zur Kanalstraße vor zu bereiten. Nach dem Abtrennen der oberen Grasschicht und dem Auflockern der Erde wurde die Fläche mit einem Rechen geebnet und anschließend die mit Sand vermischten Samen gleichmäßig ausgebracht.

Das Anlegen der Wildblumenwiese im Herbst hat den Vorteil, dass im folgenden Frühjahr auch diese Samen keimen, die zuvor einer Frosteinwirkung ausgesetzt sein müssen. Gemäht werden sollte die entstehende Wildblumenwiese bei Bedarf im Juni und einmal in der Winterzeit, wobei die Schnitthöhe so hoch wie möglich gewählt werden sollte.

 

 

Festlechen Hierschtconcert

De Schäfferot invitéiert Iech vun Häerzen

Sonndes, de 24. Oktober 2021 ëm 17:00 Auer op e

„ Festlechen Hierschtconcert“

(an der Parkstrooss am Centre Sportif zu Schëffleng)
mam Orchester Estro Armonico a mat der Solistin Alexia Ouyang.

D‘Alexia ass eng jong talentéiert Schëfflenger Violonistin vun 13 Joer a Schülerin vun der Madamm Danka Petzova, chargée de cours am « Eveil à la musique » Gespillt gi Wierker vum: Georg F. Händel, Wolfgang Amadeus Mozart, Fritz Kreissler, Georges Bizet, Frédéric Chopin a Johann Strauss.
Dirigent ass de Jeannot Weimerskirch a Concertmeeschter ass de Guy Goeth.

Entrée 10.- Euro

Den Erléis geet integral un « Schëffleng Hëlleft »

De Concert gëtt ënnert den aktuelle COVID-Reegelen organiséiert  d.h Geimpft – Geheelt – Getest. Denkt dofir w.e.g. drun, Ären Impfpass oder en negative PCR-Test matzebréngen! E Schnelltest kann op der Platz gemaach ginn.

Klimapakt 2.0 / Pacte Climat 2.0

LU

Ufanks Oktober hat Dir e Flyer an der Boite, deen Iech erkläert, wat d’Gemeng Schëffleng a Punkto Ëmweltschutz déi lescht Joeren erreecht huet a wat mir bis 2025 a spéider – zesumme mat Iech – wëllen ëmsetzen. Mir si prett fir de Klimapakt 2.0. Sidd Dir et och?

Kuckt Iech de Flyer nach eemol digital un an deelt e roueg mat Ären Noperen!

 

FR

Début octobre, vous avez reçu un dépliant par courrier vous expliquant l’engagement que la Commune de Schifflange a montré durant les dernières année en matière de développement durable ainsi que les objectifs qu’elle souhaite encore atteindre – ensemble avec vous tous – dans ce domaine. Nous sommes prêts pour le Pacte Climat 2.0. Et vous ?

Voici la version digitale du dépliant. N’hésitez pas à le partager avec vos voisins !

 

Maart ‘gesond, regional, bio, fair a lokal’

D’Club Haus beim Kiosk invitéiert op hire flotte Maart.

Et gëllen déi 3G-Reegelen: Geimpft-genesen-getestet, dofir denkt w.e.g. un Är Pabeieren.