27.10.2022

Concert – The Metz Foundation

„The Metz Foundation“ ass en energiegeluedenen Trio, deen aus den internationale Museker Alfredo Gimenez (Bassgittar, Spuenien) Tuomas Ruokonen (Batterie, Finland) a Joël Metz (Tenor Saxophon, Lëtzebuerg) besteet. Zesummen huele si Iech mat engem intrinseschen Mix tëschent akustescher an elektronescher Musek mat op eng Rees vu komponéierter an improviséierter Musek. Gegrënnt zu Rotterdam am Joer 2021, si si frou Iech op den Ofschloss vun hirer éischter Tournée duerch d‘Benelux Länner (Amsterdam, NL; Antwerpen, BE; Schëffleng an d’Stad Lëtzebuerg, LUX) z’ invitéieren.

03.11.22
Salle G.D.- Jean, Schifflange
18:00-19:00