22.10.2022

Aweiung vun der Skulptur am Kader vum Projet Footprint

De Samschden 22. Oktober huet d’Gemeng Schëffleng zesumme mat der Kënschtlerin Yvette Gastauer-Claire bei enger feierlecher Aweiung hir Skulptur am Kader vum Projet « Footprint », devoiléiert.

De Buergermeeschter, Paul Weimerskirch, ass op d’Symbolik vum Projet « Footprint » agaangen an huet erklärt, dass et grad elo a schwéieren Zäite wichteg ass dass d’Gesellschaft soll zesummenhalen. « Et ass egal vu wou ee kënnt oder wou een higeet, egal wat ee geléiert huet oder wat ee schafft, egal wéi eng Sprooch ee schwätzt oder wéi eng Hautfaarf een huet, mer sëtzen all an engem Boot. » Doriwereraus representéiert de Projet wonnerbar d’Mixitéit vun der Schëfflenger Populatioun.

D’Madamm Gastauer huet erkläert dass et hir bei deem Projet virun allem gaangen ass ze weisen dass all Mënsch säi Foussofdrock hannerléisst, och wann een dat net ëmmer esou wouerhëlt. Sie huet sech och erfreet gewisen iwwert déi vill Ënnerstëtzung vu Frënn a Bekannten awer och anere Partner mat virop der Gemeng Schëffleng, déi dëse Projet integral finanzéiert huet.

D’Madamm Luu huet stellvertriedend fir all déi Leit geschwat, déi hire Ofdrock zur Verfügung gestallt hunn, an huet kuerz hire Wee an hir Erfarunge beschriwwen déi si gemaach huet säit si mat 20 Joer de Vietnam verlooss huet.

 

Méi Informatiounen iwwert de Projet « Footprint » fann Där am Dossier.