Posts Categorized: Actualités

Formatioun Animateur A

26.+27. Februar | 26.+27. Mäerz | 04. Juni 2022

D’Gemeng Schëffleng offréiert och 2022 nees, an Zesum­menaarbecht mam Schëfflenger Jugendhaus, d’Formatioun Animateur A.
Mat dëser Formatioun kanns du spéider als Animateur un Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher an de Schoulvakanzen deelhuelen an zesumme mat de Responsablen Aktivitéiten organiséieren, duerchféieren an d’Participante begleeden.
D’Formatioun riicht sech un all interesséierte Jonken am Alter tëschent 15 a 26 Joer, fënnt zu Schëffleng an an der Ëmgéigend statt a kascht 55€.

Weider Informatiounen zur Formatioun an der Umeldung fannt Dir an eisem Youthmag.

Kollekt vun ale Chrëschtbeemercher / Collecte des sapins de Noël

LU
D’Gemeng Schëffleng sammelt den 10. 11. an 12. Januar 2022 déi al Chrëschtbeemercher an. Wann Ären ale Beemche soll entsuergt ginn, da stellt e w.e.g. mueres viru 6.00 Auer op den Trottoir vun Ärem Haus oder Ärer Residence. De Beemche muss allerdéngs “propper” sinn, dat heescht en däerf net gesprayt sinn an et däerf keng Dekoratioun méi drun sinn.

Merci!

FR
La Commune de Schifflagne organise le ramassage des sapins de Noël le 10, 11 et 12 janvier 2022. Si vous souhaitez faire enlever votre sapin, placez-le sur le trottoir de votre propriété avant 6 heures du matin. Les sapins doivent être « propres », c’est-à-dire pas teints au spray et sans décoration.

Merci !

 

Neijoersgléckwënsch vum Buergermeeschter

E Gedanke zum neie Joer

Léif Matbiergerinnen a Matbierger

Jo, et ass nees esou wäit. Mir soen Äddi 2021 a begréisse voller Freed an Hoffnung dat neit Joer 2022. Et ass och de Moment fir e Bléck zréck op 2021 ze werfen. E Joer, wat eis nees villes ofverlaangt huet.

Fir 2022 wënschen ech Iech all Guddes, Gléck a Gesondheet. Jo, virun allem Gesondheet, well dat ass d’Basis fir e glécklecht an zefriddent Liewen.

Am Mëttelpunkt vum neie Joer steet ouni Zweifel d’Kulturhaapstad Esch 2022, wou och eis Gemeng involvéiert ass, déi e flotte Programm fir Frëndschaft a fir Mateneen op d’Been gestallt huet. Den Eurofestival Enn Juli soll een Zeeche vun europäescher Solidaritéit tëschent de Natiounen a Kulturen duerstellen. D’Zesummeliewen tëschent de Mënsche geléngt eis, wa mir alleguer bereet si mat Modestie, Toleranz a Versteesdemech nei Brécken ze bauen.

Jo, dat ass eis Aufgab an eis Flicht beim Opbau vun enger Welt vu Gerechtegkeet a Wuelstand. An et ass ni ze spéit domadder unzefänken, fräi nom Motto vum Dag Hammarskjöld, fréieren UNO Generalsekretär: « Hal ni op unzefänken, a fänk ni un opzehalen am Beméien ëm eng besser Welt ».

Paul Weimerskirch

Buergermeeschter

 

Hei kënnt Dir d’Ried vum Här Buergermeeschter per Video vun der AMCIS ukucken oder um « Radio Gutt Laun » lauschteren:

 

Concours Schëffleng am Schweess

LU

Hei e klenge Collage vun der digitaler Nuit du Sport Aktioun #SchëfflengAmSchweess vum Juni 2021:


Passend zu de Feierlechkeete vum Enn des Joers, kréien d’Gewënner vum Fotosconcours e klenge Kaddo. Mir mellen eis bei hinnen.

Hei eise Gewënner-Podium:

-D’Ladies vu LëtzPole’n’Dance asbl
-D’Kanner aus der Crèche bei de Raupen
-D’Seniore vum « Fit mam Kiosk »

E grousse Merci u jiddereen, dee matgemaach huet! Bleift gesond a monter!

 

 

Schéi Feierdeeg

LU
D’Gemeng Schëffleng wënscht all den Awunner schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer!

Passt op Iech op a bleift gesond!

 

FR
La Commune de Schifflange souhaite à ses citoyens de bonnes fêtes de fin d’année et nos meilleurs voeux pour 2022!

Prenez soin de vous et restez en bonne santé !

 

 

Calendrier des déchets 2022

LU

Den neien Offallkalenner ass do! Dir kënnt Iech dësen elo schonns hei online ukucken an fannt e geschwënn an Ärer Boite!

Net nëmmen e Kalenner, mee och en ökologesche Guide an dem Dir praktesch Informatiounen a Rotschléi iwwer Offallreduktioun a Kompostéierung noliese kënnt.

FR

Le nouveau calendrier des déchets est arrivé! La version digitale peut être consultée ici et sera bientôt distribuée dans votre boîte aux lettres.

A la fois guide éco-responsable et calendrier, vous y trouvez des informations et conseils pratiques en matière de réduction des déchets et de compostage.

Poubelles: Congé de Noël du CIGL

LU

Opgepasst!

D’Gemeng Schëffleng deelt mat, datt de CIGL dëst Joer e Congé collectif tëschent de Feierdeeg mécht.

D’Collecte vum 27/12/21 vun de 40-Liter Bacen fir d’Glas an déi vum 31/12/21 fir de Pabeier falen also aus.

Déi brong Dreckskëschten (Glas) ginn awer de 27/12/21 normal eidel gemaach.

Merci fir Äert Versteesdemech!

 

FR

Attention !

La Commune de Schifflange vous informe que le CIGL sera en congé collectif pendant les vacances de Noël cette année.

La collecte du 27 décembre 2021 des bacs à 40 litres pour le verre et la collecte du 31 décembre 2021 pour le papier seront annulées.

La poubelle brune (verre) sera cependant vidée normalement le 27 décembre 2021.

Merci pour votre compréhension !

 

De perfekte Kaddo / Le cadeau parfait

Wëllt Dir dëst Joer Äre Léifsten eppes Spezielles schenken? Da kuckt Iech dëse Flyer un:

De perfekte Kaddo

Vous voulez offrir quelque chose de spécial à vos proches cette année ? Regardez ici :

Le cadeau parfait

Impfbus / Bus de vaccination

LU

Impfen ass wichteg! D’Gemeng Schëffleng ënnerstëtzt d’Impfkampagne vun der Regierung a mécht nach eemol en Appell un all Awunner fir solidaresch an en Deel vun der Léisung ze sinn. An deem Sënn informéiert de Schäfferot Iech, datt all Schëfflenger gratis vum „Ruffbus“ profitéiere kann fir sech an den Impfzenter op Esch/Belval féieren ze loossen.

All Infoe fannt Dir op dësem Flyer

 

FR

Le vaccin est important ! La Commune de Schifflange soutient la campagne de vaccination du Gouvernement et fait un appel à ses citoyens afin de contribuer à la solution. Dans cet esprit, le Collège échevinal vous informe que vous pouvez à nouveau profiter du service « Ruffbus » pour vos trajets vers le centre de vaccination à Esch/Belval.

Vous trouvez toutes les infos sur ce dépliant

Achtung: Ruhezonen Lalléngerbierg

LU

Opgepasst!

D’Schëfflenger Gemeng rappelléiert hir Bierger, datt d’Naturverwaltung säit dem 15. November Rouzone fir d’Fauna a Flora um Lalléngerbierg ariicht. Dofir ginn eng Rei Weeër permanent fir de Public zou gemaach. Et wäert awer en adaptéierte Réseau vu Weeër fir d’Spazéiergänger bestoe bleiwen.

All Info iwwert dëse Projet fir Ruhezonen z’amenagéieren fannt Dir hei!

 

FR

Attention !

La Commune de Schifflange rappelle à ses citoyens que l’Administration de la nature et des forêts procède depuis novembre à l’aménagement de zones de quiétude pour la faune dans la réserve naturelle Lalléngerbierg. A cette fin certain nombre de chemins ou de zones seront fermés au public.  Un réseau de sentiers adapté restera à disposition des promeneurs.

Vous trouvez des informations plus détaillées dans cet article !

Voici un aperçu :