Posts Categorized: Actualités

Signature du « Pakt vum Zesummeliewen »

En date du 7 mars 2022, le Collège des bourgmestre et échevins a eu le  grand plaisir de signer le « Pakt vum Zesummeliewen »
avec Madame Corinne Cahen, Ministre de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région, ainsi qu’avec Monsieur Emile Eicher, président du Syvicol.

Par le « Pakt vum Zesummeliewen » la Commune, le MIFA et le SYVICOL s’engagent en étroite collaboration, en vue d’un processus pluriannuel et dynamique qui met l’accent sur la communication, l’accès à l’information et la participation de toutes les personnes résidant ou travaillant sur le territoire de la commune. Le but est d’assurer un vivre-ensemble harmonieux de tous.

Aujourd’hui plus que jamais, il est primordial de promouvoir une bonne cohésion sociale entre tous les acteurs, comme le soulignent les orateurs Weimerskirch, Eicher et Cahen, tous émus devant le sort des nombreux Ukrainiens en détresse.

Plus d’infos autour du nouveau concept dans le dossier de presse.

Voici quelques impression de la réception dans le cadre de la signature :

Support Ukraine : action-café devant l’Hôtel de Ville

Aktioun « Schëfflenger Kaffi fir d’Ukrain »

D’Schëfflenger Gemengepersonal weist sech och solidaresch mat den Ukrainer an Nout.

Dofir wäerte si vum 8. bis de 16. Mäerz op der Fräiheetsplaz virum Gemengegebai Kaffi, Kuch, Orangejus, Glühwäin a Schampes verkafen an zwar all Dag (ausser sonndes) vu moies 8:00 bis owes 18:00 Auer.

Freides, den 11. a samschdes, den 12. Mäerz gëtt och an der Mëttegstonn gegrillt.

Zweck vun der Saach ass d’Sensibiliséiere fir déi dramatesch Situatioun. Mir däerfen net ewech kucken. Natierlech geet de ganzen Erléis vun der Vente u Schëffleng Hëlleft – eis Sammelstell vun Donen fir d’Affer vum Krich.

Kommt laanscht bei eise Chalet e Patt drénken, e Stéck Kuch iessen oder einfach eng Spend maachen!

Nëmmen zesumme si mir richteg solidaresch mat der Ukrain!

Hei kënnt Dir Iech de Video ukucken

 

Support Ukraine : appel aux dons

FR:

Nous soutenons l’Ukraine, une action de solidarité

L’association « Schëffleng Hëlleft » lance un appel à la générosité pour soutenir les centaines de milliers de personnes affectées par le conflit en Ukraine. Chaque don sera précieux, peu importe le montant. Faites un don par virement sur le compte BCEE LU87 0019 2055 7007 1000  de « Schëffleng Hëlleft » avec la mention « Schifflange aide l‘Ukraine » . La Commune de Schifflange, l’asbl « Schëffleng Hëlleft » ainsi que la population en détresse de l’Ukraine vous remercient de tout coeur pour votre soutien.

 

LU:

Mir ënnerstëtzen d’Ukrain, eng solidaresch Aktioun

Fir der ukrainescher Bevëlkerung an dëse ganz schwieregen Zäiten ze hëllefen ass all Spend wichteg. Och e klenge Montant ka Grousses bewierken. Dir kënnt en Don op de Kont  BCEE LU87 0019 2055 7007 1000 vu „Schëffleng Hëlleft“ maache mat der Mentioun „Schifflange aide l’Ukraine“. D’Gemeng Schëffleng, d’asbl „Schëffleng Hëlleft”, souwéi d’ukrainescht Vollek an Nout soen Iech ganz häerzlech Merci fir Är Ënnerstëtzung.

 

 

Presentatioun vum Modulbau op Hudelen – Phase 2

Am Kader vum Projet “Bildungslandschaft Schëffleng” huet de Schäfferot e Freideg, de 4. Mäerz 2022 déi fäerdeg Modulbau-Struktur op Hudelen de Membere vum Gemengerot, dem Schoulservice, der Schoulkommissioun, der Maison Relais, der Elterevertriedung, de Schoulpresidenten, dem Schouldirekter an der Press virgestallt.

D’Phase 1 vum Modulbau, déi haut fir 90 Kanner aus der Maison Relais genotzt gëtt, gouf schonn am Dezember 2020 opgeriicht a virgestallt. Dëst ass als Iwwergangsléisung geduecht fir Plaz ze schafen bis datt d’Bildungshaus op Hudelen (geplangt fir September 2024) fäerdeg ass. Deen zweete Module gouf elo direkt un d’Struktur ugebaut a soll ab der Rentrée 2022 vun 10 Klassen aus der Lydie Schmit Schoul genotzt ginn. Sou kënnen d’Aarbechte ronderëm den Ëmbau vun der LS-Schoul ufänken. Déi aner 12 Klassen wäerten déi Zäit an der Albert Wingert Schoul ënnerkommen.

No e puer Wierder vum Här Buergermeeschter zum ambitiéisen Dossier an enger emotionaler Reflexioun iwwert d’ukrainesch Krichsaffer, huet MC Luxembourg op en Tour duerch déi zwee Modulen invitéiert.

No den techneschen Erklärungen stoung dee méi festlechen Deel um Programm. De Schäfferot huet schwéier geschëppt fir e Birebam um Site an de Buedem ze planzen an d’Kanner aus der Maison Relais hunn hir Hännofdréck op faarweg Aart a Weis op der Fassad veréiwegt. Elo ass dëse provisoresche Bau fir déi nächst Joeren nach e gutt Stéck méi schéin a symbloesch gepräägt.

Kuckt Iech hei de Reportage vun der AMCIS un.

Hei de Pressedossier fir méi Detailer an d’Impressioune vun der Visite:

Ënnerstëtzung fir de Centre Socio-Thérapeutique X-Track 

Freides, de 4. Mäerz 2022 krut de Buergermeeschter Paul Weimerskirch offiziell e Bild vun de Kanner aus dem Centre Socio-Thérapeutique X-Track iwwerreecht. Am Kader vun enger Ausstellung hat d’Gemeng dëst Bild beim Centre an Optrag ginn. Bei dëser Geleeëenheet huet de Buergermeeschter de Verantwortleche vum Centre felicitéiert fir hir gutt a wichteg Uarbecht ganz am Sënn vun de Kanner. Den Här Thill, deem säin Elterenhaus et fréier wuar, huet gezielt, wéi hie mat senger Famill deemools do gewunnt huet, an dass seng Eltere sécherlech ganz frou iwwert dës Funktioun wieren, déi hiert grousst Haus elo huet. Den Direkter vun Telos Education, Yves Fiorelli, sot der Gemeng ee grousse Merci fir d’Vertrauen an déi gutt Zesummenuarbecht, déi si elo zanter puer Joer schonn hunn. Weider Projete sinn an der Planung.

Bei dëser Geleeënheet konnten d’Membere vum Gemengerot sech och ee Bild maache vun de Raimlechkeete vum Centre, dee sech aktuell an der Niddeschgaass befënnt.

D’Konschtwierk ass eng Realisatioun vun den 9 Kanner, déi am Moment am Centre betreit ginn.

 

Remise d'un tableau TELOS Tableau Telos telos

 

Workshop Zukunftsdiplom vum Schëfflenger Jugendhaus

Winni? 10.03.22  /  16:30- 18:30h

Wou? Maison des Générations (1A, Rue Jean Wilhelm, L-3883 Schifflange)

Wat? Workshop Zukunftsdiplom

 

D’Schëfflenger Jugendhaus invitéiert Iech häerzlech op de Workshop Zukunftsdiplom a wëllen an der kuerzer Zäit unhand vu klenge Presentatiounen an enger Gespréichsronn iwwert de Bildungsprojet Zukunftsdiplom informéieren, nei Iddien entwéckelen an zesumme fir d’Jugendlecher de Projet méi staark maachen!

Wann Dir interesséiert sidd, dës Iddi matzegestalten, da freeë si sech, Iech deen Owend ze bergréissen!

Weider Infoen iwwer Mail op

Impressiounen vum REMIX Opening

Vill Leit wuaren do a konnten Deel si vum REMIX Opening. Fir déi eng ass dëst ee Réckbléck op ee flotten Owend, fir anerer e puer Impressioune vun deem wat si verpasst hunn… Kuckt ärch den After-movie hei un!

 

Krich ass e Verbriechen un der Mënschheet!

An der Ukrain huet de Krich ugefaangen. Eng Noricht, déi kee wollt héieren, mee déi de 24. Februar 2022 leider zur Realitéit ginn ass…

D’Gemeng Schëffleng, déi och Member vu Mayors for Peace ass, bedauert wéi bal de Rescht vun der Welt, déi dramatesch Situatioun an der Russland-Ukrain-Kris a wëll dofir mat Iech e Statement vum Oberbürgermeister vun Hannover Belit Onay deelen: Hei de Statement. Mir weisen och haut an an deenen nächste Wochen a Méint eis Solidaritéit mat dem ukrainesche Vollek.

 

Mayors for Peace ass eng international Organisatioun vu Stied, déi sech der Friddensaarbecht an haapsächlech der atomarer Ofrüstung verschriwwen huet. Mayors for Peace ass 1982 op Initiativ vum deemolege Buergermeeschter vun Hiroshima, Takeshi Araki, gegrënnt ginn.

 

Startschoss fir Esch2022: Remix Opening

De 26. Februar wuar et esou wäit: am Kader vum grouss opgezunnene Remix Opening huet Esch2022 mat senge Partnergemengen de Startschoss gi fir ee regionale Kulturprojet, dee senges gläiche sicht. Dëse villfältege Programm, dee bis den 22. Dezember 2022 weiderleeft fannt där op esch2022.lu.

 

 

 

 

Changement bei der SuperDrecksKëscht

DE:

Keine Probleme mehr mit den Problemprodukten:

Ab 2022 Haus-zu-Haus-Sammlung der Superdreckskëscht in Schifflingen!

Wie dem kommunalen Umweltkalender und der SDK-Broschüre zu entnehmen war, findet am 2. März, am 7. Juni, am 13. September und am 8. Dezember 2022 ab 7:00 Uhr eine Haus-zu-Haus Sammlung für Schadstoffe statt. Die Einwohner können sich im Vorfeld im Recycling-Zenter SIVEC (in der Hedinger Straße) kostenlos Eimer (für Fette und Öle) und SDK-Kisten besorgen. Andere Behälter werden jedoch ebenfalls entsorgt. Untenstehend einige Information über die angenommenen Schadstoffe.

Weitere Infos hier

 

FR:

Plus de problèmes avec les produits à problèmes :

A partir de 2022, des collectes en porte-à-porte de la « Superdreckskëscht » à Schifflange !

Comme il a été indiqué dans le calendrier des déchets communal et dans la brochure de la SDK, une collecte de produits nocifs en porte-à-porte aura lieu le 2 mars, le 7 juin, le 13 septembre et le 8 décembre 2022 à partir de 7h00. Les habitants peuvent se procurer gratuitement au préalable des seaux (pour les graisses et les huiles) et des caisses SDK au centre de recyclage SIVEC (rue de Hédange). Toutefois, les autres récipients seront également valables. Ci-dessous, quelques informations sur les substances nocives acceptées.

Plus d’infos