18.07.2023

La vie (et l’eau) en rose à Schifflange

LU
Falls Dir Iech schonn d’Fro gestallt hutt, wat déi nei rosa Elementer op de Schëfflenger Chantieren duerstellen, hei ass d’Äntwert: et handelt sech ëm déi nei amovibel Standréier, déi d’Waasser erfaassen.

Dës Hydranten däerfe fir e provisoresche Waasseruschloss ze kréien vu Privatleit oder Firmen bei der Gemeng gelount ginn a sinn elo mëttlerweil och vu Wäitem erkennbar. All aner Standréier sinn an der Gemeng net méi erlaabt. Falls Dir also eemol eng aner Faarf sollt gesinn, mellt Iech roueg bei eis.

Eis Schëfflenger Standréier hunn een op Distanz ofliesbare Waassercompteur fir de reelle Waasserverbrauch kënnen ze verrechnen an ee vandalismussécheren Tracker. Alles rosa oder wat?

 

FR
Avez-vous déjà aperçu ces éléments roses sur les chantiers de Schifflange ? Il’ sagit en effet de nos nouveaux hydrants amovibles qui servent à capter de l’eau.

Ils peuvent être loués par des particuliers et des entreprises auprès de la commune. Ces nouveaux capteurs sont maintenant bien reconnaissables et les seuls à être permis sur le terrain de Schifflange. Si vous découvrez d’autres hydrants, merci de nous le faire savoir.

Les hydrants roses sont dotés d’un compteur de lecture à distance et d‘un tracker antivandalisme : La vie en rose !

 

Contact:
Atelier technique
54 50 61 – 250