09.06.2023

Coupe Scolaire 2023

LU
Den 8. Juni 2023 huet nees déi traditionell Coupe Scolaire an de Stroosse vu Schëffleng stattfonnt.

Scho fréi moies waren d’Schüler aus dem Cycle 4.1 vu Schëffleng mat hire Vëloen ënnerwee an hunn an der Praxis probéiert d’Verkéiersreegelen unzewennen, déi si an enger ganzer Partie theoretesche Stonnen an der Schoul geléiert hunn. Mat grousser Freed a voller Konzentratioun hu ronn 120 Kanner de Parcours gutt gemeeschtert. Vill Benevoller waren tëscht 8 an 12 Auer op de verschiddene Streckeposte um Parcours verdeelt an hu Punkte verginn.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch a seng Schäffen hunn allen Acteuren, déi un der Organisatioun vun dëser Aktivitéit bedeelegt waren, e grousse Merci gesot an de Schüler bonne Chance virum Start gewënscht!

 

FR
Le 8 juin 2023, la traditionnelle Coupe Scolaire s’est déroulée dans les rues de Schifflange.

Dès le matin, les élèves du cycle 4.1 ont enfourché leurs vélos et ont essayé de mettre en pratique la théorie qu’ils avaient apprise. C’est avec beaucoup de plaisir et de concentration que les jeunes cyclistes ont accompli le parcours.

Le bourgmestre Paul Weimerskirch et les échevins ont remercié tous les participants pour leur engagement et ont souhaité beaucoup de succès aux élèves.