13.06.2023

Vakanzenaktivitéiten 2023

Passend zum summerleche Wieder fannt Dir hei d’Broschür vun de Vakanzenaktivitéiten fir eis jugendlech Matbiirger (12-17 Joer). D’Schëfflenger Jugendhaus huet op e Neits en ofwiesslungsräiche Programm op d’Been gestallt.

D’Plaze sinn ewéi ëmmer limitéiert, dofir: mellt iech direkt un!

D’Informatiounsversammlung den 20. Juni um 18.00 Auer am Jugendhaus ass obligatoresch fir jiddereen, deen un deSummeraktivitéite mat Iwwernuechtung wëlls deelhuelen. Hei kritt dir all déi néideg Informatioune fir all Aktivitéiten a Projeten an der Summervakanz.

All weider Informatioune fannt Dir an der Broschür.