01.06.2023

Gléckwonsch Jugendhaus!

Am Kader vum 18. Gebuertsdag vum Schëfflenger Jugendhaus huet d’Ekipp mat hire Jonken op eng gemitterlech Soirée invitéiert.

Säit senger Grënnung war an ass d’Jugendhaus e wichtegen Treffpunkt fir Jonker tëschent 12 a 26 Joer an e wichtege Partner fir d’Gemeng an der Sensibiliséierung an an der Zesummenaarbecht mat a fir d’Jugend hei an der Gemeng.

Nieft dem wëchentleche Programm wärend de regulären Ëffnungszäite vum Jugendhaus bitt d’Ekipp nach vill weider Projeten:

– Zukunftsdiplom
– Outreach Youth Work
– Formatioun Animateur A
– Vakanzenaktivitéiten an der Summervakanz
– Divers Sensibiliséierungsprojeten (IDAHOBIT Day, Recycle Planet, Solar-Projet asw.)
– kleng Ausflich a Vakanzen am In- an Ausland
– sportlech Aktivitéiten (Boulderen, Klammen, Mountainbike-Fueren, Snow-Projet. asw.)

Op der Homepage vum Jugendhaus kënnt Dir Iech iwwert de Programm um Lafenden halen an Iech en Androck vu vergaangene Projete maachen.

Mir freeën eis op weider flott Joren!