Posts Categorized: Actualités

11. Juni: Een Dag an der Natur

Trëppeltour: “Een Dag an der Natur”

Den traditionellen Tour, dee vun der Ëmweltkommissioun organiséiert ass, féiert eis dëst Joer an d’ Naturschutzgebitt “Brill”.

Mam Fierschter Dan Sannipoli besiche mer d’Beréngungsstatioun vun de Villecher, déi renaturéiert Uelzecht an och den aktuelle Chantier vun der Renaturéierung “Am Pudel”.

Datum: Samschdeg, den 11.06.22

Treffpunkt: Parking Pétaboules (52, rue de Hédange L-3841 Schifflange)

Auerzäit: 9:00

Dauer: 2 bis 2 1/2 Stonnen

Umeldung: Ënner oder um 54 50 61-330 (Service de l’Urbanisme et du Développement Durable)

 

Piscine: nouveaux horaires

Ab elo kennt Dir och an der Mëttesstonn an d’Schwemm an an d’Sauna goen. Ausserdeem sinn d’Schwammkapen net méi obligatoresch. D’Horairen a weider Informatiounen iwwert d’Schwemm an d’Sauna fannt Dir hei.

 

Klimabonus – Primme fir konkrete Klimaschutz

LU
Dir wëllt Äert Haus renovéieren, plangt e Neibau, wëllt Äeren alen Uelegkessel entsuergen an duerch en Heizsystem mat erneierbaren Energien ersetzen oder Äeren eegene Stroum produzéieren? Oder plangt Dir de Kaf vun engem Elektroauto a wëllt Iech eng elektrësch Luedstatioun an Äerem Haus installéieren?

Entdeckt den neien staatlëchen Hëllëfsprogramm fir nohaltëgt Wunnen an Mobilitéit a stellt Äer Froen op eiser Konferenz:

den 13.06 um 19.00 Auer zu Schëffleng am Hall Polyvalent.

A Presenz vun der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung , vum Här Minister fir Energie a vun den Experten aus dem Klima Team.

D’Konferenz ass op lëtzebuergesch mat franséischer an englescher Iwwersetzung.

 

FR
Vous voulez rénover votre habitation, planifier la construction d’un nouveau logement, vous débarrasser de votre vieille chaudière à mazout pour privilégier un système de chauffage favorisant les énergies renouvelables ou encore produire votre propre électricité ? Vous envisagez d’acheter un véhicule électrique ou d’installer une borne de charge à domicile ?

Venez découvrir le nouveau programme d’aides étatiques pour l’habitat et la mobilité durables et poser toutes vos questions lors d’une conférence dans votre région :

 le 13.06 19.00 heures à Schifflange au Hall Polyvalent.

En présence de Madame la Ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement durable, du Ministre de l’Énergie et de l’Aménagement du Territoire, et des experts Klima-Agence.

Conférence en luxembourgeois avec traduction française sur place.

 

www.klima-agence.lu

Ëmgang mat Harespelen – Guide

LU
D’Harespelsaison geet lass an dowéinst huet d’EBL Ekipp e praktëschen Guide zesumme gestallt.

D’Harespelen hunn hire Notze fir d’Natur a sinn net geféierlech fir de Mënsch, wa si net bedrot sinn. Zwar kënne si eis op den Terrasse ploen, mee mam richtege Verhalen besteet souguer beim Nascht keng Gefor.

D‘EBL ass am nationalen Harespel-Berodungsnetzwierk, eng Initiativ vun natur&ëmwelt.
Wann Dir Froen zu den Harespelen hutt, kenn Dir Iech gäre bei der EBL mellen. D’EBL huet eng reng berodend Funktioun a mécht keng Näschter ewech.

 

FR
La saison des guêpes arrive et l’équipe EBL a élaboré un guide pratique.

Les guêpes sont utiles à la nature et ne sont pas dangereuses pour l’homme si elles ne sont pas menacées. Elles peuvent nous tourmenter sur la terrasse, mais avec un comportement adéquat, il n’y a pas de danger, même à proximité du nid.

L’EBL fait partie du réseau national de conseils sur les guêpes, une initiative de natur&ëmwelt.

Si vous avez des questions sur les guêpes, n’hésitez pas à contacter l’EBL qui n’élimine toutefois pas les nids.

 

 

 

Passage de la Flèche du Sud

Par la présente nous tenons à vous informer du passage de la 71e Flèche du Sud sur le territoire de notre commune lors de la 2e étape le jeudi, 26 mai 2022 ainsi que lors de la 5e étape le dimanche, 29 mai 2022.

Par conséquent, le trafic sera légèrement pertubé pendant les 2 jours en question et nous nous excusons pour tous les inconvénients.

Ici, vous pouvez consulter les règlements de la circulation: Flèche du Sud

 

Déi nei Applikatioun « discovARminett » ass elo do!

LU

Hutt Dir Iech och schonns gefrot waat déi sëllegen nei Schëlder bedeiten déi zu Schëffleng ze fannen sinn?

Et ass eis eng Freed Iech kennen matzedeelen, dass d’Applikatioun « discovARminett », déi op Initiative vun der Kulturhapstaat Esch2022 an an Zesummenaarbecht mat der Naturschoul vun Lasauvage réaliséiert ginn ass, ab elo am App Store an op Google Play zum Download bereet steet!

Léiert d’Esch2022-Regioun ganz nei kennen mat Hëllef vun den 14 Touren an 13 Gemengen!

D’Applikatioun valoriséiert déi faszinéierend Geschicht vun den ënnerschiddleche Gemengen am Süden vu Lëtzebuerg an am ugrenzende Frankräich.

Entdeckt d’Schëffleng vun Haut an vun Fréier op dësem klengen Trëppeltuer mat Ären digitale Reesbegleeder!

 

FR

Vous êtes-vous déjà demandé que signifie les nombreux petits panneaux à Schifflange ?  Nous avons le plaisir de vous annoncer que la nouvelle application « discovARminett », réalisée dans le cadre de la Capitale européenne de la culture Esch2022 et en collaboration avec la « Naturschoul Lasauvage » est disponible dès maintenant !

L’application met en lumière l’histoire fascinante des 13 différentes communes du sud du Luxembourg et de la France voisine et ceci sur 14 parcours.

Découvrez le Schifflange d’hier et d’aujourd’hui grâce à ce compagnon de voyage digitale.

Déi nei Editioun vum NEWSMAG ass do!

Dir fannt d’Mee-Editioun N°267 vun eisem Newsmag an de Publikatiounen.

Vill Spaass beim Liesen!

IDAHOBIT DAY 2022

LU
Gëschter war den “International Day Against Homophobia, Biphobia and Transphobia”, kuerz IDAHOBIT-Dag. D’Jugendhaus zesumme mat der Gemeng Schëffleng hu sech solidaresch mat der LGBTQ+ Kommunautéit gewisen. Ganz nom Motto vun dësem Joer: « Our Bodies, Our Lives, Our Rights », konnten d’Visiteure sech op verschiddene Stänn informéieren, un engem Quiz an engem interaktive Konschtprojet deelhuelen oder bei engem Kleedertausch a Flashmob mat maachen.
D’Gemeng Schëffleng opposéiert sech géint all Form vun Diskriminatioun vun sexueller Identitéit.

FR
Hier, à l’occasion de la journée internationale contre l’homo-, la bi- et la transphobie (IDAHOBIT), la Maison des jeunes, ensemble avec la Commune de Schifflange se sont montrés solidaires face aux communautés LGBTIQ+. En accord avec le thème de cette année « Our Bodies, Our Lives, Our Rights », les visiteurs ont eux l’occasion de s’informer sur les différents stands, de participer à un quiz, ainsi qu’à un projet artistique et un échange de vêtements. L’événement s’est terminé par un flashmob.
La Commune de Schifflange s’oppose à toute forme de discrimination contre l’identité sexuelle.

 

Sensibilisierungskampagne « Mam Vëlo op d’Schaff oder an d’Schoul“

Vom 15. Mai bis zum 31. Juli 2022 findet die 14. Auflage der nationalen Aktion “Mam Vëlo op d’Schaff oder an d’Schoul” statt

 

MVOS (Mam Vëlo op d’Schaff) ist ein vom Ministerium für Mobilität und öffentliche Arbeiten organisierter Wettbewerb zur Förderung des Fahrrads als Transportmittel.

Die Sensibilisierungskampagne stellt die Teilnahme und nicht die Leistung an erster Stelle, getreu nach dem Motto: mehr Fahrrad, mehr multimodale Mobilität, weniger Individualverkehr. Um längere Strecken zu bewältigen, können Sie während der Aktion also verschiedene Verkehrsmittel kombinieren, und so nur einen Teil der Strecke mit dem Fahrrad zurücklegen.

 

Weitere Informationen sowie die Teilnahmebedingungen findet sie auf mvos.lu

 

Schëffleng goes Culture

Den 12. Mee 2022 huet d’Gemeng Schëffleng agelueden op d’Virstellung vun enger Hellewull kulturelle Projeten déi zum Deel och zum Programm vun Esch2022 gehéieren. De Buergermeeschter Paul Weimerskirch an de Schëfflenger Koordinator fir Esch2022 hunn hei déi zwee Projete vun der Gemeng Schëffleng, wéi och aacht aner Projeten, déi d’Gemeng materiell oder finanziell ënnerstëtzt, virgestallt.

An dësem Kontext ass och a Presenz vum Museker David Ianni an dem Kënschtler Raphael Gindt de Schëfflenger Piano ageweit ginn. Hei fannt Dir de Videoclip zum Lidd, dat de Pianist extra fir Schëffleng geschriwwen huet. Méi zu der Kompositioun an dem neien Urban Piano gitt Dir hei am Making-Of-Video gewuer.

Sidd also gespaant op déi nei Broschür, déi jiddweree virun Enn Mee wäert a senger Boîte hunn. Natierlech wäert déi digital Kommunikatioun net ze kuerz kommen an dofir wäerte mer via eis nei Rubrik Esch2022 an natierlech op INSTAGRAM a Facebook eis Follower informéieren.

 

Méi Fotoe fann Dir an eiser Galerie.