16.11.2023

De Projet 1001Tonnen geet an d’Schëfflenger Schoulen

FR

Dans le cadre d’Esch2022, la Commune de Schifflange a soutenu le projet 1001Tonnen de Jessica Theis. Ce projet « anti-littering » ne met pas seulement en évidence le talent de la jeune photographe, mais suit son objectif principal : la sensibilisation. La pollution de la nature est malheureusement toujours un sujet d’actualité et il est important de se rendre compte des quantités de déchets « sauvages » se trouvant dans la nature luxembourgeoise.

En plus, de cette exposition de photographie, la responsable, Jessica Theis, a élaboré une activité pédagogique et participative avec ses partenaires de l’initiative « Ëmweltberodung » (avec Michel Wilwert) et l’animatrice de lecture Charlotte Reuter, soit Potty Lotty.

Vous trouverez plus d’informations sur son site (www.1001tonnen.lu) et quelques impressions sont déjà visibles dans les photos ci-dessous.

LU

Am Kader vun Esch2022 huet d’Gemeng Schëffleng de Projet 1001Tonnen vum Jessica Theis ënnerstëtzt. Dëse kloren anti-littering Projet setzt net nëmmen dem Jessica säi fotografescht Kënnen ënner Beweis, mee sollt virun allem d’Leit sensibiliséieren. D’Thema « Naturverschmotzung » ass leider nach ëmmer ganz aktuell an et ass wichteg, datt ee sech bewosst gëtt wéivill « wëllen » Offall et pro Awunner zu Lëtzebuerg gëtt.

Zousätzlech zu dëser fotografescher Wanderausstellung huet d’Jessica Theis zesumme mat Partner wéi der Ëmweltberodung (Michel Wilwert) an der Liesanimatrice Charlotte Reuter, alias Potty Lotty, eng pedagogesch a partizipativ Aktivitéit ausgeschafft, déi sech spezifesch u Schoulkanner adresséiert.

Méi Infoen heizou fannt Där op sengem Site (www.1001tonnen.lu) an e puer Impressioune kritt Där schonn iwwert eis Fotoen heidrënner.