Posts Categorized: Actualités

Gräbersegnung / Pendeldienst

Für die Gräbersegnung am 1. November organisiert die Gemeideverwaltung einen gratis Pendeldienst zum Friedhof.

Die Nutzung des Busses ist älteren und/oder in ihrer Mobilität eingeschränkten Mitmenschen vorbehalten.

Nach der Gräbersegnung fährt der Bus in entgegengesetzter Richtung wieder in das Ortszentrum zurück.

 

  • Abfahrt um 14.30 Uhr
  • 1. Halt: Maison des Générations/Michel-Rodange-Strasse
  • 2. Halt: Place Grande-Duchesse Charlotte
  • 3. Halt: Liberationsstrasse (TICE-Haltestelle/Gemeindeplatz)

 

Allerhellgen Ruffbus / Bénédiction tombale – navette gratuite

 

 

Opruff Dag vum Bam 2022

LU

Natur an Ëmwelt ass een Thema, dat der Gemeng Schëffleng ganz besonnesch um Häerz läit.

Dofir feiere mir den « Dag vum Bam » dëst Joer samschdes, den 19. November 2022. Mir ginn Iech Rendez-Vous um 11:15 Auer op dem Parking vum Hall Polyvalent. Mir hu verschidden Uebstbeem disponibel, reservéiert Iech Äre Bam wgl. am Viraus.

Merci fir eis Är Presenz bis den 14.11.2022 ze konfirméiren:  oder 54 50 61 – 340

 

FR

La nature et l’environnement sont des thèmes qui touchent la Commune de Schifflange particulièrement.
C’est pourquoi nous voudrions célébrer le jour de l’arbre samedi, le 19 novembre 2022. Nous vous donnons rendez-vous ce jour à 11:15 heures au parking du Hall Polyvalent. On a de différents arbres fruitiers à disposition, prière de réserver le vôtre à l’avance.

 

EN

Nature and environment are topics that touch the Municipality of Schifflange in particular.

The Arbor Day will be celebrated on November 19th this year and you can meet us on that day at 11:15 am at the car park of the Hall Polyvalent. We have different fruit trees available, please reserve yours in advance and come pick it up.

Please confirm your presence until 14.11.2022:  or 54 50 61 – 340

Concert – The Metz Foundation

„The Metz Foundation“ ass en energiegeluedenen Trio, deen aus den internationale Museker Alfredo Gimenez (Bassgittar, Spuenien) Tuomas Ruokonen (Batterie, Finland) a Joël Metz (Tenor Saxophon, Lëtzebuerg) besteet. Zesummen huele si Iech mat engem intrinseschen Mix tëschent akustescher an elektronescher Musek mat op eng Rees vu komponéierter an improviséierter Musek. Gegrënnt zu Rotterdam am Joer 2021, si si frou Iech op den Ofschloss vun hirer éischter Tournée duerch d‘Benelux Länner (Amsterdam, NL; Antwerpen, BE; Schëffleng an d’Stad Lëtzebuerg, LUX) z’ invitéieren.

03.11.22
Salle G.D.- Jean, Schifflange
18:00-19:00 

Infoveranstaltung Gestion Locative Sociale (GSL)

LU

D’Gemeng Käl organiséiert, zesumme mat der Stad Rëmeleng an der Gemeng Schëffleng, eng lnfoveranstaltung iwwert dat soziaalt Verloune vun eidel stoende Wunnengen oder Haiser.
Zu de Virdeeler vun der Gestion Locative Sociale gehéieren ënner anerem eng Steierbefreiung vu 50% an eng Garantie, dass Äre Loyer bezuelt gëtt.
Dir sidd interesseiert? Da kommt op eis lnfoveranstaltung den 23.11.2022 an der Schungfabrik Tétange fir weider Informatiounen.

 

FR

La Commune de Kayl organise, ensemble avec la Ville de Rumelange et la Commune de Schifflange une séance d’information a propos de la Gestion Locative Sociale de biens immobiliers inoccupés. Les avantages de la Gestion Locative Sociale comprennent entre autres une exonération fiscale de 50% sur les revenus locatifs nets et le paiement garanti de votre loyer.
Cette thématique vous semble intéressante ? Joignez-­nous lors de notre séance d’information le 23.11.2022 à la Schungfabrik Tétange et recevez plus de conseils et renseignements.

National Strategie fir d’Reduzéierung vum Energiebedarf

LU
De Krich an der Ukrain huet déi staark europäesch Energieofhängegkeet vu Russland däitlech gemaach.
D‘Regierung huet eng emfangräich Energiespuer-Campagne „Zesumme Spueren – Zesummenhalen“ lancéiert. Zil vun dëser Campagne ass et, déi ganz Gesellschaft zum Energiespueren ze beweegen – de Staat, d’Gemengen, d’Betriber an och d’Haushalter.

Als Klimapakt Gemeng schafft Schëffleng aktiv un enger kontinuéierlecher Verbesserung vun hirer Energieeffizienz.
Haut goufen weider Mesurë agefouert, fir d’Reduzéierung vum Energiekonsum am Kader vun de Gemengen-Aktivitéite weider ze verbesseren.

FR
La guerre en Ukraine a mis en lumière la forte dépendance énergétique européenne de la Russie. Le gouvernement a lancé la vaste campagne d’économie d’énergie « Zesumme spueren – Zesummenhalen ». L’objectif de la campagne est d’inciter l’ensemble de la société à économiser l’énergie – l’État, les communes, les entreprises et les citoyens.

En tant que commune du Pacte climatique, Schifflange travaille activement envers l’amélioration continue de son efficacité énergétique.
Aujourd’hui, de nouvelles mesures ont été introduites pour réduire la consommation d’énergie dans le cadre des activités de la commune.

 

Aweiung vun der Skulptur am Kader vum Projet Footprint

De Samschden 22. Oktober huet d’Gemeng Schëffleng zesumme mat der Kënschtlerin Yvette Gastauer-Claire bei enger feierlecher Aweiung hir Skulptur am Kader vum Projet « Footprint », devoiléiert.

De Buergermeeschter, Paul Weimerskirch, ass op d’Symbolik vum Projet « Footprint » agaangen an huet erklärt, dass et grad elo a schwéieren Zäite wichteg ass dass d’Gesellschaft soll zesummenhalen. « Et ass egal vu wou ee kënnt oder wou een higeet, egal wat ee geléiert huet oder wat ee schafft, egal wéi eng Sprooch ee schwätzt oder wéi eng Hautfaarf een huet, mer sëtzen all an engem Boot. » Doriwereraus representéiert de Projet wonnerbar d’Mixitéit vun der Schëfflenger Populatioun.

D’Madamm Gastauer huet erkläert dass et hir bei deem Projet virun allem gaangen ass ze weisen dass all Mënsch säi Foussofdrock hannerléisst, och wann een dat net ëmmer esou wouerhëlt. Sie huet sech och erfreet gewisen iwwert déi vill Ënnerstëtzung vu Frënn a Bekannten awer och anere Partner mat virop der Gemeng Schëffleng, déi dëse Projet integral finanzéiert huet.

D’Madamm Luu huet stellvertriedend fir all déi Leit geschwat, déi hire Ofdrock zur Verfügung gestallt hunn, an huet kuerz hire Wee an hir Erfarunge beschriwwen déi si gemaach huet säit si mat 20 Joer de Vietnam verlooss huet.

 

Méi Informatiounen iwwert de Projet « Footprint » fann Där am Dossier.

Invitatioun op e festlechen Hierschtconcert 2022

LU

De Schäfferot invitéiert Iech vun Häerzen op e

« Festlechen Hierschtconcert »

mam Orchester « Estro Armonico » a mat der jonker Schëfflenger Violonistin Alexia Ouyang

Sonndes, de 6. November 2022 um 17:00 Auer am Centre Sportif

Gespillt gi Wierker vum Johann Strauss

Den Entrée ass 10.- Euro

Den Erléis geet integral u « Schëffleng Hëlleft »

 

 

FR

Le Collège échevinal a le plaisir de vous inviter cordialement au

« Festlechen Hierschtconcert »

de l’orchestre « Estro Armonico » avec la jeune violoniste schifflangeoise Alexia Ouyang

le 6 novembre 2022 à 17.00 heures au Centre Sportif

avec des oeuvres de Johann Strauss

L’entrée de 10.- euros sera intégralement versée au profit de l’Association « Schëffleng Hëlleft »

 

Nei Uniforme fir eis Damme fir d’Receptiounen

LU

Eis Dammen, déi reegelméisseg de Patt bei diversen Okkasioune fir d’Gemeng Schëffleng assuréieren, kruten den 21. Oktober 2022 a Presenz vum Schäfferot hir nei Uniformen.

 

FR

Le 21 octobre 2022, nos dames qui assurent régulièrement le service lors des réceptions de la Commune de Schifflange ont reçu leur nouvel uniforme en présence du Collège échevinal.

Den neien Newsmag ass do!

Dir fannt d’Oktober-Editioun N°269 vun eisem Newsmag an de Publikatiounen.

Et ass reeneresch a kal dobaussen! Dofir maacht eng Paus, drénkt e gudde waarmen Téi a kuckt Iech un, wat dës Editioun ze bidden huet.

Vill Spaass beim Liesen!

 

 

 

Happy Birthday Fairtrade Lëtzebuerg

30 ans déjà! The Future is fair

Fondé en 1992, Fairtrade Lëtzebuerg a célébré hier, le 20 octobre 2022 son trentième anniversaire. Cette soirée festive hors du commun a permis à l’ONG luxembourgeoise de revenir sur ces trois dernières décennies, de présenter les différentes actions de sensibilisation prévues pour le futur et de surprendre les invités avec beaucoup de belles choses encore.

La Commune de Schifflange est fière de faire partie de la famille Fairtrade Lëtzebuerg et a hâte de faire continuer le voyage de la « Flamme Fairtrade« .

Plus d’info sur fairtrade.lu