04.12.2023

Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen…

FR

Le 3 décembre, malgré le froid glacial, Saint Nicolas s’est mis en route pour Schifflange, accompagné de ses anges et des pères fouettard.

Les enfants, leurs parents et grands-parents, attendaient dans la cour de l’école Albert Wingert, pleins d’impatience et les yeux brillants. Encadré musicalement par l’Harmonie Municipale, le public a chanté d’une voix ferme la chanson la plus connue « Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen ».

Avant de prendre place pour saluer individuellement chaque enfant et lui offrir sa “Titchen”, Saint Nicolas a remercié les responsables communaux de lui avoir permis de venir une nouvelle fois à Schifflange.

 

LU

Den 3. Dezember 2023 hat de Kleesche sech, trotz äiskalem Wieder, mat sengen Engelcher an Houseker op de Wee bei d’Schëfflenger Kanner gemaach.

Voller Virfreed sinn d’Kanner mat hiren Elteren a Grousselteren an de Schoulhaff vun der Albert Wingert Schoul komm an hu mat engem schéine Laachen a groussen An den hellege Mann begréisst. Ënnert Begleedung vun der Schëfflenger Musek ass dat bekannte Lidd „Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen“ mat fester Stëmm gesonge ginn.

Éier de Kleeschen op sengem schéine grousse Stull Plaz geholl huet fir all Kand eenzel ze begréissen an him seng Titchen ze ginn, huet hien de Gemengeresponsabele MERCI gesot, dass hien och dëst Joer nees konnt op Schëffleng kommen.