Posts Categorized: Actualités

Porte ouverte vun der Gemeng Schëffleng

LU
Am Kader vun de Gemengewalen 2023 start dësen Hierscht déi national Campagne „Egalitéit liewen!“, de Schlëssel fir eng modern Gemeng. D’Zil ass méi Participatioun vu Fraen an der Gemengepolitik, fir e besseren Equiliber tëscht Fraen a Männer aus allen Alterskategorien an den zukünftege Gemengeréit.

Fir méi Biergerinnen a Bierger ze begeeschteren hir Kandidatur ze stellen, wëll d’Gemeng Schëffleng hinnen en Abléck an d’Banneliewe vun eiser Gemeng bidden, an dobäi de politeschen Alldag souwéi och déi verschidden Entscheedungsprozesser méi no bréngen.

D’Porte ouverte wäert a Presenz vum Ministere fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer  stattfannen.

 

FR
Dans le cadre des élections communales de 2023, la campagne « Vivons l’égalité! », la clé pour une commune moderne, débutera cet automne.

Son but est d’augmenter la participation des femmes dans la politique communale, pour un meilleur équilibre entre femmes et hommes de tout âge au sein des futurs conseils communaux.

Pour arriver à inciter plus de citoyennes et de citoyens à poser leur candidature, la Commune de Schifflange leur permet d’avoir une vue sur le fonctionnement intérieur de l’ administration municipale, pour découvrir de cette manière le quotidien politique ainsi que les différentes procédures de décision.

La porte ouverte aura lieu en présence du ministère de l’égalité entre les femmes et les hommes.

Aarbechten an der Liberationsstrooss / travaux dans l’avenue de la Libération

LU
Mir informéieren Iech, dass am Kader vun den Aarbechte vun engem Multifunktiounsgebai an der Liberationsstrooss, d’Firma Pebat Liwwerungen an Dépôten vu Baumaterial op der Héicht vum Gebai Nr. 35 (Haus Entenich) ofliwweren/deposéiere wäert.

Dowéinst musse folgend Moosname geholl ginn:

  • 1 Spuer op der Héicht vum Gebai Nr. 35 an der Liberationsstrooss gëtt gespaart, d’Circulatioun gëtt mat Schëlder reglementéiert
  • Rout Luuchten op der Kräizung vun der Drusenheimsstrooss an der Liberatiounsstrooss ginn ausgeschalt
  • Einbahn vun der Jonctioun Liberationsstrooss mat der Drusenheimsstrooss an a Richtung Rond-point Général Patton
  • Fuerverbuet am Rond-point Général Patton a Richtung Drusenheimsstrooss
  • Foussgänger ginn op d’Stroossesäit mat de gerueden Hausnummeren ëmgeleet

Dëst an der Zäitspan vu méindes, de 07. November 2022 bis freides, den 18. November 2022 an dat ëmmer vu méindes bis samschdes vun 09h00 bis 16h00 Auer.

Fir all weider Renseignementer, zéckt net eise Service des tavaux neufs et des infrastructures unzeruffen:

Madamm Nicky Kayser Tél.: 54 50 61-407 oder den Här Loïc DEMARET Tél. : 54 50 61 – 210

Mir zielen op Äert Versteesdemech!

 

FR
Par la présente, nous vous informons qu’en vue des travaux de construction d’un immeuble mixte sis 35, avenue de la Libération, la société Pebat procédera à des livraisons et déchargements de matériaux de construction à la hauteur de l’immeuble n° 35, avenue de la Libération.

De ce fait,

  • la circulation dans l’avenue de Libération ne sera que possible sur une voie à la hauteur de la maison n°35. La circulation sera réglée au moyen de panneaux de priorité.
  • les feux rouges au carrefour de la rue Drusenheim et de l’avenue de la Libération seront mis hors service
  • il y aura un sens unique dans la rue de Drusenheim à partir de la jonction avec l’avenue de la Libération en direction du rond-point Général Patton
  • circulation interdite au rond-point Général Patton vers la rue de Drusenheim
  • déviation des piétons vers le côté pair de l’avenue de la Libération

Et ce durant la période du lundi 07 novembre 2022 jusqu’au vendredi 18 novembre 2022, les jours ouvrables, du lundi au samedi entre 09h00 et 16h00.

Pour tout renseignement supplémentaire, n’hésitez pas à appeler notre Service des tavaux neufs et des infrastructures :

Mme Nicky KA YSER Tél. : 54 50 61 – 407 ou M. Loïc DEMARET Tél. : 54 50 61 – 210

Merci pour votre compréhension !

Gräbersegnung / Pendeldienst

Für die Gräbersegnung am 1. November organisiert die Gemeideverwaltung einen gratis Pendeldienst zum Friedhof.

Die Nutzung des Busses ist älteren und/oder in ihrer Mobilität eingeschränkten Mitmenschen vorbehalten.

Nach der Gräbersegnung fährt der Bus in entgegengesetzter Richtung wieder in das Ortszentrum zurück.

 

  • Abfahrt um 14.30 Uhr
  • 1. Halt: Maison des Générations/Michel-Rodange-Strasse
  • 2. Halt: Place Grande-Duchesse Charlotte
  • 3. Halt: Liberationsstrasse (TICE-Haltestelle/Gemeindeplatz)

 

Allerhellgen Ruffbus / Bénédiction tombale – navette gratuite

 

 

Opruff Dag vum Bam 2022

LU

Natur an Ëmwelt ass een Thema, dat der Gemeng Schëffleng ganz besonnesch um Häerz läit.

Dofir feiere mir den « Dag vum Bam » dëst Joer samschdes, den 19. November 2022. Mir ginn Iech Rendez-Vous um 11:15 Auer op dem Parking vum Hall Polyvalent. Mir hu verschidden Uebstbeem disponibel, reservéiert Iech Äre Bam wgl. am Viraus.

Merci fir eis Är Presenz bis den 14.11.2022 ze konfirméiren:  oder 54 50 61 – 340

 

FR

La nature et l’environnement sont des thèmes qui touchent la Commune de Schifflange particulièrement.
C’est pourquoi nous voudrions célébrer le jour de l’arbre samedi, le 19 novembre 2022. Nous vous donnons rendez-vous ce jour à 11:15 heures au parking du Hall Polyvalent. On a de différents arbres fruitiers à disposition, prière de réserver le vôtre à l’avance.

 

EN

Nature and environment are topics that touch the Municipality of Schifflange in particular.

The Arbor Day will be celebrated on November 19th this year and you can meet us on that day at 11:15 am at the car park of the Hall Polyvalent. We have different fruit trees available, please reserve yours in advance and come pick it up.

Please confirm your presence until 14.11.2022:  or 54 50 61 – 340

Concert – The Metz Foundation

„The Metz Foundation“ ass en energiegeluedenen Trio, deen aus den internationale Museker Alfredo Gimenez (Bassgittar, Spuenien) Tuomas Ruokonen (Batterie, Finland) a Joël Metz (Tenor Saxophon, Lëtzebuerg) besteet. Zesummen huele si Iech mat engem intrinseschen Mix tëschent akustescher an elektronescher Musek mat op eng Rees vu komponéierter an improviséierter Musek. Gegrënnt zu Rotterdam am Joer 2021, si si frou Iech op den Ofschloss vun hirer éischter Tournée duerch d‘Benelux Länner (Amsterdam, NL; Antwerpen, BE; Schëffleng an d’Stad Lëtzebuerg, LUX) z’ invitéieren.

03.11.22
Salle G.D.- Jean, Schifflange
18:00-19:00 

Infoveranstaltung Gestion Locative Sociale (GSL)

LU

D’Gemeng Käl organiséiert, zesumme mat der Stad Rëmeleng an der Gemeng Schëffleng, eng lnfoveranstaltung iwwert dat soziaalt Verloune vun eidel stoende Wunnengen oder Haiser.
Zu de Virdeeler vun der Gestion Locative Sociale gehéieren ënner anerem eng Steierbefreiung vu 50% an eng Garantie, dass Äre Loyer bezuelt gëtt.
Dir sidd interesseiert? Da kommt op eis lnfoveranstaltung den 23.11.2022 an der Schungfabrik Tétange fir weider Informatiounen.

 

FR

La Commune de Kayl organise, ensemble avec la Ville de Rumelange et la Commune de Schifflange une séance d’information a propos de la Gestion Locative Sociale de biens immobiliers inoccupés. Les avantages de la Gestion Locative Sociale comprennent entre autres une exonération fiscale de 50% sur les revenus locatifs nets et le paiement garanti de votre loyer.
Cette thématique vous semble intéressante ? Joignez-­nous lors de notre séance d’information le 23.11.2022 à la Schungfabrik Tétange et recevez plus de conseils et renseignements.

National Strategie fir d’Reduzéierung vum Energiebedarf

LU
De Krich an der Ukrain huet déi staark europäesch Energieofhängegkeet vu Russland däitlech gemaach.
D‘Regierung huet eng emfangräich Energiespuer-Campagne „Zesumme Spueren – Zesummenhalen“ lancéiert. Zil vun dëser Campagne ass et, déi ganz Gesellschaft zum Energiespueren ze beweegen – de Staat, d’Gemengen, d’Betriber an och d’Haushalter.

Als Klimapakt Gemeng schafft Schëffleng aktiv un enger kontinuéierlecher Verbesserung vun hirer Energieeffizienz.
Haut goufen weider Mesurë agefouert, fir d’Reduzéierung vum Energiekonsum am Kader vun de Gemengen-Aktivitéite weider ze verbesseren.

FR
La guerre en Ukraine a mis en lumière la forte dépendance énergétique européenne de la Russie. Le gouvernement a lancé la vaste campagne d’économie d’énergie « Zesumme spueren – Zesummenhalen ». L’objectif de la campagne est d’inciter l’ensemble de la société à économiser l’énergie – l’État, les communes, les entreprises et les citoyens.

En tant que commune du Pacte climatique, Schifflange travaille activement envers l’amélioration continue de son efficacité énergétique.
Aujourd’hui, de nouvelles mesures ont été introduites pour réduire la consommation d’énergie dans le cadre des activités de la commune.

 

Aweiung vun der Skulptur am Kader vum Projet Footprint

De Samschden 22. Oktober huet d’Gemeng Schëffleng zesumme mat der Kënschtlerin Yvette Gastauer-Claire bei enger feierlecher Aweiung hir Skulptur am Kader vum Projet « Footprint », devoiléiert.

De Buergermeeschter, Paul Weimerskirch, ass op d’Symbolik vum Projet « Footprint » agaangen an huet erklärt, dass et grad elo a schwéieren Zäite wichteg ass dass d’Gesellschaft soll zesummenhalen. « Et ass egal vu wou ee kënnt oder wou een higeet, egal wat ee geléiert huet oder wat ee schafft, egal wéi eng Sprooch ee schwätzt oder wéi eng Hautfaarf een huet, mer sëtzen all an engem Boot. » Doriwereraus representéiert de Projet wonnerbar d’Mixitéit vun der Schëfflenger Populatioun.

D’Madamm Gastauer huet erkläert dass et hir bei deem Projet virun allem gaangen ass ze weisen dass all Mënsch säi Foussofdrock hannerléisst, och wann een dat net ëmmer esou wouerhëlt. Sie huet sech och erfreet gewisen iwwert déi vill Ënnerstëtzung vu Frënn a Bekannten awer och anere Partner mat virop der Gemeng Schëffleng, déi dëse Projet integral finanzéiert huet.

D’Madamm Luu huet stellvertriedend fir all déi Leit geschwat, déi hire Ofdrock zur Verfügung gestallt hunn, an huet kuerz hire Wee an hir Erfarunge beschriwwen déi si gemaach huet säit si mat 20 Joer de Vietnam verlooss huet.

 

Méi Informatiounen iwwert de Projet « Footprint » fann Där am Dossier.

Invitatioun op e festlechen Hierschtconcert 2022

LU

De Schäfferot invitéiert Iech vun Häerzen op e

« Festlechen Hierschtconcert »

mam Orchester « Estro Armonico » a mat der jonker Schëfflenger Violonistin Alexia Ouyang

Sonndes, de 6. November 2022 um 17:00 Auer am Centre Sportif

Gespillt gi Wierker vum Johann Strauss

Den Entrée ass 10.- Euro

Den Erléis geet integral u « Schëffleng Hëlleft »

 

 

FR

Le Collège échevinal a le plaisir de vous inviter cordialement au

« Festlechen Hierschtconcert »

de l’orchestre « Estro Armonico » avec la jeune violoniste schifflangeoise Alexia Ouyang

le 6 novembre 2022 à 17.00 heures au Centre Sportif

avec des oeuvres de Johann Strauss

L’entrée de 10.- euros sera intégralement versée au profit de l’Association « Schëffleng Hëlleft »

 

Nei Uniforme fir eis Damme fir d’Receptiounen

LU

Eis Dammen, déi reegelméisseg de Patt bei diversen Okkasioune fir d’Gemeng Schëffleng assuréieren, kruten den 21. Oktober 2022 a Presenz vum Schäfferot hir nei Uniformen.

 

FR

Le 21 octobre 2022, nos dames qui assurent régulièrement le service lors des réceptions de la Commune de Schifflange ont reçu leur nouvel uniforme en présence du Collège échevinal.