01.12.2023

Prévention des dégâts de gibier sur les terrains privés

FR

De nombreux animaux cohabitent avec les humains dans les villes. Il s’agit bien sure des animaux domestiques mais aussi des hôtes nettement moins acceptés de la faune sauvage. Beaucoup d’animaux sauvages se sont tout simplement adaptés aux conditions urbaines, dans lesquelles ils trouvent plus facilement tout ce dont ils ont besoin, surtout en hiver.

En ville, les clôtures servent principalement à délimiter les epaces entre voisins, mais celles-ci peuvent également être utilisées pour la protection des terrains privés afin de limiter les dommages dus à la faune sauvage.  Nous tenons à préciser qu’aucune indemnisation ne pourra être obtenue pour les dommages causés par les sangliers dans votre jardin privé.  Afin d’éviter des dégâts nous vous conseillons de revoir l’état de la clôture de votre terrain ou à défaut de clôturer votre propriété.

Lors d’une rencontre avec des sangliers, que ce soit dans la forêt ou dans votre jardin, il est essentiel de rester calme et de garder ses distances. Evitez également que votre chien n’aille à leur rencontre ou même tente de les chasser, car bien que les sangliers soient des animaux farouches au caractère paisible, quand ils se sentent agressés la situation peut devenir dangereuse.

De manière générale, nous vous conseillons d’éviter d’attirer les animaux sauvages tels que sangliers, chevreuils, renards ou même des rats en sécurisant vos tas de compost et en veillant à bien fermer les poubelles contenant des résidus alimentaires.

Au cas où vous feriez la rencontre d’un animal malade ou blessé, veuillez rester calme et contactez le centre de soins pour la faune sauvage à Dudelange (tél.: 26 51 39 90).

 

LU

An de Stied ass en Zesummeliewen tëschent Déieren a Mënschen net méi ewech ze denken. Heibäi handelt et sech natierlech em Hausdéieren, awer och em déi manner akzeptéiert Gäscht aus der Natur an dem Bësch, déi besonnesch am Wanter hire Wee an d’Stied an d’Gäert vun de Leit fannen. Vill wëll Déieren hunn sech un déi urban Bedéngungen ugepasst, an deenen si méi einfach Nahrung an alles  wat si brauche fannen.

A Stied ginn Dréit an Zonk virun allem benotzt fir Terrainen ofzegrenzen. Dës kënnen awer och viru Wëldschued schützen. Besonnesch Wëllschwäin wulle gären de Buedem an de Gäert op an hannerloossen hir Spueren. Mir wëllen drop hiweisen, datt keng Entschiedegung bezuelt gëtt fir Schued, deen duerch Wëllschwäin an Ärem private Gaart verursaacht gëtt. Fir Schued ze vermeiden, rode mir Iech den Zoustand vun Ärem Zonk z’iwwerpréiwen oder e komplett neien Drot opzestellen.

Wann Dir Wëllschwäi begéint, sief et am Bësch oder an Ärem eegene Gaart, ass et ganz wichteg roueg ze bleiwen an Distanz ze halen. Vermeit datt Ären Hond si verfollegt oder ubillt. Obwuel Wëllschwäi schei Déiere si mat enger friddlecher Natur, kann d’Situatioun geféierlech gi wann se sech ugegraff fillen.

Am Allgemenge kënnt dir vermeide wëll Déiere wéi Schwäin, Réi, Fiiss oder Raten unzezéien, andeems Dir Äre Kompost ofséchert an Är Dreckskëschte fest zoumaacht.

Wann Dir e krank oder blesséiert Déier begéint, da bleift roueg a mellt Iech bei der Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Diddeleng (Tel.: 26 51 39 90)