Posts Categorized: Actualités

Koalition zwischen LSAP und CSV

Koalition zwischen LSAP und CSV für die Jahre 2023- 2029 in die Wege geleitet.

Auf Grund der Resultate der Gemeinderatswahlen vom Juni 2023 und angesichts einer gemeinsamen Grundphilosophie in Sachen Gemeindeführung und Gemeindepolitik haben sich die Schifflinger Sektionen der LSAP und der CSV geeinigt eine Koalition zu bilden und für die kommenden sechs Jahre gemeinsam den Schöffenrat zu führen, wobei LSAP und CSV über die gesamte Periode mit jeweils zwei Mandataren den Schöffenrat paritätisch besetzen werden.

Der Schöffenrat stellt sich wie folgt zusammen: Bürgermeister Paul Weimerskirch (CSV), Erster Schöffe Carlo Feiereisen (LSAP), der nach zwei Jahren das Bürgermeisteramt übernehmen wird, Schöffe Marc Spautz (CSV) und Rizo Agovic (LSAP).

Das Koalitionsprogramm und Abkommen betreffend die Mandatsverteilung wie auch das Arbeitsprogramm sind von den Sektionsgeneralversammlungen zu bestätigen.

Mitgeteilt von den Lokalsektionen der LSAP und der CSV

Akademesch Sëtzung 2023

Fir d’Feierlechkeete vun Nationalfeierdag anzelauden, hat de Schäfferot den 21.06 – wéi d’Traditioun et sou wëll – op eng akademesch Sëtzung agelueden.

Eng 100 Leit aus dem ëffentleche Liewen hate sech an der « Salle Grand-Duc Jean » afonnt fir gemeinsam eisen Nationalfeierdag ze begoen.

No der Begréissung an der Ried vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch, hunn dëst Joer déi Jonk d’Wuret kritt fir hir Siicht op Nationalfeierdag ze erläuteren.

De Billy Lorang an de Brian Parisot, zwee Jonker aus dem Jugendhaus an d’Pia Pistrino, Studentin am Schëfflenger Konschthaus waren dofir ageluede ginn.

D’Präsidentin vum « Syndicat d’Initiative et du Tourisme », Esther Zwank, huet hirersäits op d’Wichtegkeet vum Bénévolat an eisem Veräinsliewen higewisen.

Fir de musikaleschen Encadrement waren eis dräi Schëfflenger Choralen zoustänneg, deene mär iwwert dëse Wee nach eng Kéier e groussen MERCI wëlle soen.

 

 

Concert vum Philippe Schartz Brass Ensemble

De 24. Juni war am Pompelhaus um Site vun der AGORA e flotte Concert vum Philippe Schartz a sengem Brass Ensemble.

Trotz de waarmen Temperaturen haten sech vill Leit am Pompelhaus afonnt a konnten e ganz interessante mat emol méi,  emol manner bekannte Lidder vu ganz verschiddene Komponiste lauschteren.

Mär soen op dëser Plaz der ganzer Equipe vun de Schëfflenger Schmelzaarbechter e grousse MERCI, déi dofir gesuergt hunn dass d’Leit net « um Dréchenen » sutzen.

 

 

 

 

Schëfflenger Fest 2023

LU

Feiert mat eis zesummen Nationalfeierdag um Schëfflenger Fest.

No den offizielle Festivitéiten, geet et weider mat Concerten an Animatioun fir Grouss a Kleng!

 

FR
Célébrez avec nous la Fête nationale au Schëfflenger Fest.

Après les festivités officielles, des concerts et des jeux d’animation pour grands et petits vous attendent !

 

22. Juni 2023

16:00 Start vum Fest

19:00 Depart vum Cortège*

19:30 Usprooch vum Buergermeeschter

20:00 Beatrix Löw-Beer

22:00 Feierspektakel

22:30 DJ Raymond

*Départ du cortège à la Place Grande-Duchesse Charlotte pour emprunter l’itinéraire suivant: rue Basse, rue Michel Rodange, rue Albert Wingert, rue des Fleurs, rue Pierre Dupong, rue Belair, rue C.M. Spoo, rue du Parc, rue Dicks, rue de la Paix, avenue de la Libération, arrivée Place de la Liberté.

 

23. Juni 2023

12:45 LëtzPole’n’Dance

13:15 Kiosk Dancing Grannies

14:00 Zumba Kids

14:30 Los 4 del Son

16:45 Schëfflenger Musek

18:00 LëtzPole’n’Dance

18:30 CG & the Boys

19:30 The Noise Makers

21:30 Timeless

23:30 DJ Raymond

TICE
Du 21.06.2023 à partir de 09.00 heures jusqu’au 24.06.2023 à 18.00 heures :

  • 2 arrêts de bus supprimés dans la rue Basse (1 de chaque côté)
  • 1 arrêt de bus supprimé dans l’avenue de la Libération (hauteur Hôtel de Ville) dans le sens Kayl vers Esch/ Alzette

Les passagers seront déviés vers les arrêts de bus se situant dans la rue Denis Netgen et vers les arrêts provisoires situés dans la rue du Canal qui seront desservis par les bus TICE durant la période susmentionnée.

Mise en place d’un arrêt de bus provisoire du 21.06.2023 à partir de 09.00 heures jusqu’au 22.06.2023 à 18.00 heures dans l’avenue de la Libération à la hauteur des immeubles n° 68 et n° 70.

Du 22.06.2023 à partir de 22.00 heures jusqu’au 23.06.2023 à 01.00 heures, tous les arrêts de bus supprimés situés dans la rue d’Esch, dans l’avenue de la Libération et dans la rue Basse seront supprimés. Les passagers seront déviés vers les arrêts de bus se situant dans la rue du Moulin, dans le rue Denis Netgen et vers les arrêts provisoires dans la rue du Canal.

RGTR
Il y a 2 arrêts de bus supprimés du 21.06.2023 jusqu’au 24.06.2023, à savoir un arrêt dans l’avenue de la Libération à la hauteur de l’Hôtel de Ville et un arrêt dans la rue Basse.
Les passagers seront déviés vers l’arrêt de bus se situant dans la rue de la Gare devant l’école Nelly Stein.

 

Akademesch Sëtzung am Kader vun Nationalfeierdag 2023

Am Kader vum Nationalfeierdag fënnt mëttwochs, den 21.06. eng akademesch Sëtzung an der « Salle Grand-Duc Jean » vun der Gemeng statt.

Där kënnt des ab 19.00 Auer via Livestream op eisem Site suivéieren

Mär wënschen Iech all elo schon e ganz schéinen Nationalfeierdag

VIVE DE GRAND-DUC, VIVE LËTZEBUERG A VIVE D’SCHËFFLENGER GEMENG

Programm vun der akademescher Sëtzung am Kader vum Nationalfeierdag 2023

  • Musikaleschen Intermezzo: Blo Blimmchen gesongen vun eisen dräi Choralen
  • Begréissung vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch
  • Musikaleschen Intermezzo: Mir si glécklech
  • Interventioun vun zwee Jonker aus dem Jugendhaus –
    dem Billy Lorang a Brian Parisot
  • Interventioun vun der Präsidentin vum Syndicat d’Initiative Esther Zwank
  • Musikaleschen Intermezzo: Wat d’Heemecht ass
  • Interventioun vun der Studentin aus dem Schëfflenger Konschthaus Pia Pistrino
  • Éierung vun engem verdéngschtvolle Mataarbechter
  • Ried vum Buergermeeschter

Europahymn (L.v Beethoven) a Nationalhymn (E.Zinnen)

 

Kachcours fir d’Schoulkanner – Gesondheetsdeeg

LU
An der Period vum 3. Abrëll 2023 bis de 4. Juni 2023 huet de Schäfferot an Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère, dem Schoulservice, der Schoulmedezin, der LASEP, der Maison Relais an dem Léierpersonal vun de 4er Schoulgebaier vu Schëffleng, déi 16. Editioun vun de Gesondheetsdeeg organiséiert. Um Programm stoung och d’Aktivitéit vun enger Kachcours, ënnert der Leedung vum Här Guy Kohnen, fir d’Kanner aus de Cyclen 2-4.

De komplette Menu fannt Dir hei drënner.

FR
Pendant la période du 3 avril 2023 jusqu’au 4 juin 2023, le collège échevinal a organisé en étroite collaboration avec le Ministère de la Santé, le service scolaire, le service médical scolaire, la LASEP, la Maison Relais et le corps enseignant, déjà la 16e édition des «Gesondheetsdeeg» dans les quatre bâtiments scolaires de Schifflange.
Le programme proposé aux élèves comprend aussi l‘activité d’un cours de cuisine dirigé par Monsieur Guy Kohnen et destiné aux enfants des cycles 2-4.

Au menu figuraient:

cycle 2:

  • Smoothie banane, kiwi, jus d’orange et miel
  • Mozzarella avec avocat et mango
  • Pâtes au blé complet saumon fumé

cycle 3:

  • Cappuccino asperges vertes
  • Steak de bœuf avec parmesan et salade
  • Galettes de carottes et mais

cycle 4:

  • Nuggets de poulet et nuggets de poisson
  • Cordon bleu d’asperges


Sonnecrème Spender zu Schëffleng

LU
Reduzéiert Äre Risiko – scho bei den éischte Sonnestrale sollt een net op Sonnecrème verzichten.

D’Gemeng Schëffleng huet 3 gratis Sonneschutzspender op strategesche Plazen opgeriicht: Place de la Liberation (Stadhaus), Centre sportif a C.A.S. Terrain.

Dobaussen ass Är Haut direkt den UV-Stralen ausgesat. Et ass wichteg Iech ze schütze fir de Kriibsrisiko ze reduzéieren. D’Spender enthalen e mineralesche Sonneschutz mat engem Sonneschutzfaktor vu SPF 50. Fir eng hygienesch Notzung ze garantéieren, kann d’Crème ouni direkte Kontakt genotzt ginn: eng einfach Handbeweegung ënner dem Sensor ass alles wat et brauch.

Dës Initiativ, an Zesummenaarbecht mat der Fondation Cancer, bitt Zougang zum Sonneschutz wärend de Summerméint. D’Spender si fir véier Méint opgestallt a gi reegelméisseg nei opgefëllt.

FR
Réduisez votre risque et limitez votre exposition au soleil.

La commune de Schifflange a installé 3 distributeurs de crème solaire gratuits à des endroits stratégiques: place de la Liberté (Hôtel de Ville), Piscine municipale, Terrain C.A.S..

À l’extérieur, votre peau est directement exposée aux rayons UV. Il est essentiel de la protéger, afin de réduire le risque de cancer. Les distributeurs contiennent une crème solaire minérale, avec un indice de protection SPF 50. Afin de permettre une utilisation dans le respect des règles d’hygiène, la distribution de la crème se fait contactless: un simple passage de la main sous le capteur suffit.

Cette initiative, en partenariat avec la Fondation Cancer,  permet d’avoir accès à de la crème solaire pendant la période estivale. Les distributeurs seront en place pendant quatre mois et seront approvisionnés régulièrement.

30 Joer Asbl « Garderie fir Kanner »

LU
De 15. Juni 2023 huet de Schäfferot vun der Gemeng Schëffleng d’Asbl « Garderie fir Kanner » (de Comité vun der Asbl, d’Personal vun der Maison Relais a vun der Crèche Stuppesland) op en Owesiessen invitéiert fir mat hinnen zesummen hiren 30. Gebuertsdag ze feieren.

Säitens der Gemeng huet de Buergermeeschter, Paul Weimerskirch, de Responsabel a Mataarbechter vun der Maion Relais seng beschte Gléckwënsch iwwerbruet an hinne weiderhin vill erfollegräich Jore gewënscht.

D’Presidentin, Madamm Viviane Schreiner, huet hirersäits der Gemeng Merci gesot fir déi gutt Zesummenoarbecht an d’Ënnerstëtzung vun der Gemeng, mee och dass d’Oarbecht am sozio-edukative Beräich net ëmmer einfach ass. Dofir ass si immens houfreg op hir Ekipp.

 

FR
Le 15 juin 2023, le Collège des bourgmestre et échevins de la Commune de Schifflange avait invité l’asbl « Garderie fir Kanner » (le comité de l’asbl, le personnel de la maison relais et de la crèche Stuppesland) à un dîner pour fêter leur 30e anniversaire.

Au nom de la commune, le bourgmestre Paul Weimerskirch a transmis ses meilleurs vœux aux responsables de la maison relais et leur a souhaité beaucoup de succés  pour les années à venir.

La présidente de l’association, Madame Viviane Schreiner, quant à elle, a remercié la commune pour la bonne collaboration et le soutien du côté de la commune et avait expliqué que le travail dans le milieu socio-éducatif n’est pas toujours facile, mais qu’elle est fière de toute son équipe.

Sensi-Days mam Cycle 3.1 & 3.2

Am Kader vun de Sensi-Days haten den Cycle 3.1 an 3.2 aus eisen dräi Schoulen op en neits d’Méiglechkeet sech a verschiddenen Atelieren a Mënsche mat  Behënnerungen eranzeversetzen.

Wärend dräi Deeg hu Persounen, déi selwer eng Beanträchtegung hunn oder an deem Beräich schaffen, dëst ugebueden:

– Rollstullparcours (Luxrollers)
– Gebärdesprooch (Hörgeschädigten Beratung)
– Rollstull-Tennis (Tennis Spora)
– Goalball (LPS – Luxembourg Paralympic Committee / CDV – Centre pour le développement des compétences relatives à la vue)
– Malvoyant (Liewe mam Blannemupp / Taaschten / Schreiwen / mam Blannebengel trëppelen (CDV – Centre pour le développement des compétences relatives à la vue)
Blanne-Judo (Judo Flam)

Dës Initiativ vun der Chancëgläichheetskommissioun soll de Kanner d’Beréierungsängscht huelen a si fir d’Thema Behënnerung sensibiliséieren.

Diplomiwwerreechung vun der Formatioun Animateur A

Persounen tëschent 18 an 30 Joer haten och dëst Joer nees d’Méiglechkeet, sech vun den Educateuren aus dem Schëfflenger Jugendhaus zum Animateur ausbilden ze loossen. An enger flotter, interaktiver Formatioun hunn 8 Jonker nom Motto ‘learning by doing’ wärend zwee Weekender, engem Teamdag an engem Mini-Stage am Jugendhaus geléiert, wat et heescht, Aktivitéite mat Kanner a Jugendlechen ze plangen, virzebereeden an unzeleeden.

D’Participante konnten d’Formatioun ofschléissen a kréien zousätzlech zum Diplom vun der Schëfflenger Gemeng eng Zertifizéierung vum Service National de la Jeunesse fir net nëmme bei de Schëfflenger Vakanzenaktivitéite mee och op nationalem Niveau als Animateur kënnen aktiv ze sinn.