Posts Categorized: Actualités

Fréijoersfest

Den 24.05 haat eis Seniorekommissioun  bei herrlechem Wieder op hirt zweet Fréijoersfest invitéiert.

Hei e puer Impressiounen

En Dag an der Natur 2023

En Dag an der Natur: Trëppeltour mam Fieschter beim Bëschkierfecht 

Im Rahmen der Aktion „En Dag an der Natur“ fand am 20. Mai 2023 eine informative Wanderung durch den Wald zwischen Schifflingen und Kayl beim Waldfriedhof mit unserem Förster Daniel Sannipoli statt. Der Weg führte durch den Wald vorbei an Trockenwiesen, Orchideen und Ginster, einem frischen Fuchs- oder Dachsbau sowie Relikten des Bergbaus, zu denen unser Förster viele Erläuterungen gab. Die Teilnehmer erhielten auch Informationen zu den Renaturierungsgebieten entlang der Alzette, was diesen erlebnisreichen Spaziergang abrundete.

 

 

IDAHOBIT Dag zu Schëffleng

LU
Hutt Dir Iech och schonns gefrot wou déi fuarweg Bänk op der Gemengeplaz hirkënnt. De 17. Mee huet d’Schëfflenger Jugendhaus am Kader vum IDAHOBIT Day (internationalen Dag géint Homophobie, Biphobie, Interphobie und Transphobie) zu méi Toleranz a Respekt opgeruf. Zesumme mat youngcaritas konnten déi jonk, an och manner jonk, hirer Kreativitéit fräie Laf loossen an zu Schëffleng eng „place for tolerance“ schafen. Nierwend Konschtatelieren waren och flott Infostänn, ënner anerem vum Planning familial, esouwéi e Kleedertausch virun der Gemeng ze fannen.

Zesummen gouf en Zeechen fir méi Gläichberechtegung und géint Diskriminatioun gesat.

 

FR
Êtes-vous curieux de savoir ce qui s’est passé avec le banc peint de toutes les couleurs devant la commune ? Le 17 mai, la Maison des jeunes de Schifflange a lancé un appel à plus de tolérance et de respect dans le cadre de l’IDAHOBIT Day. En collaboration avec youngcaritas, les jeunes et les moins jeunes ont pu laisser libre cours à leur créativité et créer une « place for tolerance » à Schifflange. Outre des ateliers d’art, les visiteurs ont pu trouver des stands d’information intéressants en collaboration avec planning familial et un échange de vêtements devant la commune.

Un signe pour l’égalité et contre la discrimination.

Aweiung vun der Annex Albert Wingert

LU

D’Albert Wingert Schoul kënnt dem Konzept « Bildungshaus » ëmmer méi no.

Den 22. Mee 2023 gouf neemlech offiziell déi nei Annex ageweit, déi de Kanner eng méi modern a flott Betreiung erméiglecht. Am Moment gëtt dësen Neiubau nach temporär vun de Kanner aus der Lydie Schmit Schoul benotzt, well hir 100-järeg Schoul an der Bëschstrooss jo komplett am Ëmbau ass.

Ab 2026 wäert dann an deem neien Deel vun der Albert Wingert Schoul endlech d’Maison Relais hir Servicer ubidde kënnen an dann ass d’Bildungshaus richteg operationell.

Fir d’Inauguratioun hunn no dem Buergermeeschter senger Ried bei sonnegem Wieder och d’Schoulkanner en Danz virgefouert, deen de Schoulpresident Alex Thill ugekënnegt hat an de Projetsberoder Didier Rozay vun MC Luxembourg huet d’Gäscht duerch d’Annex begleet an Erklärungen zu de Raimlechkeeten ofginn. D’Klassesäll, d’Bibliothéik an den Technikraum hunn d’Leit nawell staune gelooss. Dono krut och deen neie Bam hannert der Annex nach e puer Schëppe Buedem vun alle Gemengeresponsabel, sou datt e schéi propper a sengem Fundament steet.  Deen ale Bam hat wéinst de Bauaarbechte misse Plaz maachen.

Mir waren och ganz frou, datt déi fréier Schoulpresidentin Christiane Schmit-Biewer bei der Aweiung dobäi war – well vill Akzenter fir dat neit Gebai goufe vun hir gesat.

 

FR

L’annexe de l’école Albert Wingert a été inaugurée le 22 mai 2023.

A part les mots classiques du bourgmestre, du bureau de consultation MC Luxembourg et du président de l’école, une danse des élèves, une visite des lieux, une inauguration d’un nouvel arbre et une réception conviviale étaient au programme de cette après-midi ensoleillée.

La Commune de Schifflange est heureuse d’annoncer que le « Bildungshaus » Albert Wingert sera officiellement opérationnel à partir de 2026, quand la Maison Relais sera intégrée dans le concept global de l’école. Pour le moment, 11 classes de l’école Lydie Schmit se retrouvent au quotidien pour leurs cours – ceci étant une solution temporaire bien évidemment.

Eis Lok ass nees do!

No engem Joer Restauratioun ass eis al Lokomotiv nees zeréck.

Se steet nees beim Rond-point “Général Patton”.

 

Aweiung vum Schëfflenger Waasserwee

Den 18. Mee 2023 ass de Schëfflenger Waasserwee am Schmëttbësch a Presenz vun de Membere vum Schäffen- a Gemengerot a ganz ville Projetspartner ageweit ginn.

Dëse Projet ass Bestanddeel vun der „So vum Marxeweier“ déi am Kader vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 ausgeschafft ginn ass. D’Waasser, dat an der So selwer eng wichteg Roll spillt woar der Gemeng esou wichteg, dass se em méi Visibilitéit wollt zoukomme loossen. Esou ass aus engem flotten Trëppeltour de Waasserwee gemaach ginn an dëst mat Hëllef vun direkt enger Rei Partner: dem Architektebüro BENG, der Kommunikatiounsagence Plan K, der SES Käerch mat virop dem Luc Berens a virun allem der Jongenheem Asbl, déi zoustänneg woare fir d’Realisatioun vun dëse flotte Waasserdrëpsen.

D’Zil woar et fir déi méi awer och déi manner couragéiert Wanderer ze motivéieren an dofir huet d’Gemeng (nieft dem Schëfflenger Wanderwee) zesumme mat Mediation SA e Spill a Form vun enger App ausgeschafft, dat d’Net-Wanderer vläicht zum Wandere kritt an de Wanderer vläicht eng flott Ofwiesslung erméiglecht. D’Spill « Déi 7 Schwëstere vum Schmëttbësch » ass eng „Schatzsuche“ also eng „Chasse au trésor“ fir déi Grouss an déi manner Grouss. Detailer zu der App fannt Där hei.

Am Kader vun der Aweiung vum Projet „Marxeweier“ am Joer 2022 hate mer schonn d’Buch mat der iwwerschafftener Geschicht vum Betsy Dentzer mat den Illustratioune vum Pit Wagner virgestallt. Well d’Accessibilitéit der Gemeng wichteg ass, sollt d’Buch fir ee méi breede Public zougänglech gemaach ginn an sou ass eng „gratis“ Versioun iwwersat an 3 Sproochen realiséiert ginn: Däitsch, Franséisch a Portugiesesch.

Marxeweier

 

De „Waasserwee“ besteet eigentlech aus zwee Weeër, ee groussen Tuer vu 7,5km an ee klenge vu 5,5km. De leschte verleeft op stabiliséierten a breede Weeër an ass also ouni Problem zougänglech mat enger Kutsch. Op deem grousse Wee stinn insgesamt 8 Waasserdrëpsen, déi engem de Waasserzyklus erklären.

Lass geet et u sech mat der 1. Waasserdrëps déi bei der Gare steet. Mee d’Reiefolleg ass eigentlech egal. Hei kuerz eemol wéi mär de Wee proposéieren:

  1. Gare
  2. De Weier
  3. De Wasserbehälter Rebierg
  4. D’Waasserscheed
  5. D’Quellefaassung
  6. De Wäschbuer
  7. De Waasserkreeslaf
  8. De Waasserbaseng

Wann Där en trëppelt, genéisst déi wonnerbar Natur, entdeckt d’So vum Marxeweier a vläicht begéint Där jo eng vun de 7 Waasserjofferen…

Dës awer och wieder Informatiounen a virun allem ee Plang zum Waasserwee fannt Där am Dépliant iwwert de Waasserwee.

 

 

Et gouf bei dëser Geleeënheet awer och dovu profitéiert fir de Schëfflenger Zirkuswon dem Public virzestellen an dësen hat seng Diere grouss opgemaach. Wann Där méi wëllt gewuer ginn, da kuckt hei eran.

Nopeschfest/Fête des voisins den 26.05.2023

LU

D’Gemeng Schëffleng participéiert och dëst Joer nees um groussen

NOPESCHFEST.

Wann Dir interesséiert sidd Är Noperen de 26.05.2023 op e flott Fest z’invitéieren a wann Dir

  • Affichen
  • Invitatiounskaarten
  • Stickeren

wëllt, kënnt Dir dëst Material ab dem 26.04.2023 gratis an den  « Accueil » vun der Gemeng siche goen.

Och wann Dir Bänken, Dëscher oder Dreckskëschte braucht, kritt Dir dës gären zur Verfügung gestallt.

Zéckt net a mellt Iech dofir op der Gemeng am « Accueil » (✆ 54 50 61-101).

Mär wënschen Iech elo scho vill Spaass an e flott Fest.

Présentation du projet TERANGA de l’asbl SOS FAIM

En  date du 16 mai 2023, le Collège échevinal avait invité à la présentation du futur projet de l’asbl SOS Faim Luxembourg « TERANGA, la Maison de la Transition alimentaire » dans l’ancienne maison Entenich.

C’était l’occasion de se réunir autour d’un verre afin de discuter au sujet de cette collaboration entre la commune et l’asbl vers une dynamique territoriale autour des enjeux agricoles et alimentaires, et des activités qui seront lancées dès l’automne 2023 dans le cadre du projet en question.

Voici le dépliant officiel du projet Teranga.

Collecte poubelle verte, samedi 20 mai.

LU

D’Firma Lamesch huet eis matgedeelt, dass wéinst engem technesche Problem déi gréng Dreckskëschten haut leider net konnten eidel gemaach ginn!

Si huelen dëst dofir e Samschden, den 20. Mee no a mir bieden Iech äer Dreckskëscht spéitstens um 07.00 Auer Moies virun d’Dier ze stellen.

Merci fir Äert Versteesdemech.

 

FR

En raison de problèmes techniques, les poubelles vertes n’ont pas pu être ramassé aujourd’hui.L’entreprise Lamesch nous a informé, qu

La collecte sera reportée au samedi, 20 mai et nous vous prions de placer la poubelle verte devant votre porte avant 07.00 heures du matin.

Merci de votre compréhension.

Scheckiwwerreechung un SOS Faim, MSF an ACTL

LU

De 4. Mee huet sech d’Gemeng Schëffleng zesumme mat der asbl Schëffleng Hëlleft owes fir eng wonnerbar Saach getraff. Si haten d’Chance 3 Schecke verdeelen ze kënnen.

D’Gemeng huet der ONG SOS Faim e Scheck vun 10.000 Euro iwwerreecht, deen hinne weiderhëlleft hir wichteg humanitär Projeten ze realiséieren.

Médecins sans Frontières krute 15.000 Euro vun der Gemeng a Schëffleng Hëlleft fir hir Hëllef an de Krisegebidder, déi vun den Äerdbiewe betraff waren.

An zu gudder Lescht ginn nach 18.500 Euro un d’ACTL (Association Culturelle Turque au Luxembourg), woubäi de Gros vun de Sue wärend dem « Solidarity Concert » (Mëtt Mäerz), deen e grousse Succès war, gesammelt konnt ginn.

E grousse Merci un all déi Leit, déi un eise Spendenaktioune matgehollef hunn.

 

FR

Le 4 mai, la Commune de Schifflange et l’association Schëffleng Hëlleft se sont rencontrés pour une magnifique occasion. Ensemble, on a eu la chance de présenter trois chèques.

La commune a remis un chèque de 10 000 euros à l’ONG SOS Faim, qui continuera à la soutenir dans la mise en œuvre de ses importants projets humanitaires.

Médecins Sans Frontières a reçu 15 000 euros de la commune et de Schëffleng Hëlleft pour leur aide dans les zones de crise touchées par les tremblements de terre.

18 500 euros ont été destinés à ACTL (Association Culturelle Turque au Luxembourg), où la majeure partie de l’argent a été récoltée lors du « Solidarity Concert » au mois de mars, qui a connu un grand succès.

Un grand merci à tous ceux qui ont participé à nos actions de collecte de dons.