30.08.2021

Isabelle Solagna (CSV) nei Gemengeconseillère

D’Madamm Isabelle Solagna vun der CSV-Lëscht, ass den 30.08.2021 a Presenz vum Schäffen- a Gemengerot vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch vereedegt ginn. Dëst nodeems den Här Gilbert Godart an der Gemengerotssitzung vum 16.07.2021 seng Demissioun als Gemengeconseiller agereecht huet.

D’Madamm Isabelle Solagna-Van Goidsenoven ass den 19.09.1965 zu Déifferdeng op d’Welt komm, ass mam Daniel Solagna bestuet an ass Mamm vun dräi Kanner.

Vu Beruff ass d‘Isabelle Comptabel an deemno läit et op der Hand, dass si als Member vun der Finanzkommissioun besonnesch vill Wäert op eng gesond Finanzpolitik an eiser Gemeng leet.

Zënter enger Rei vu Joren ass d’Isabelle Solagna um lokalen Niveau besonnesch engagéiert. Si ass Member an der Kulturkommissioun, Sekretärin am Groupe de travail Design4all, am Conseil d’administration vum CIGL a vum Schëfflenger Konschthaus an am Comité vu Schëffleng Hëlleft a Schëfflenger Kriibshëllef.

Ausserdeem ass si säit ville Joren am Fiederball Schëffleng aktiv a setzt sech gäre fir dat sportlecht, kulturellt a soziaalt Liewen an der Gemeng an. D‘ass hir ëmmer eng Freed, sech am Benevolat z‘engagéieren.

Mir wënschen dem Isabelle Solagna eng glécklech Hand bei der Ausübung vun hirem neie Mandat an soen dem Gilbert Godart Merci fir seng Zäit als Gemengeconseiller.