Posts By: schifflange

3.10.2025 – Gratis Film: Vermësst!

LU

Synopsis

Wéi den Eric an d’Henriette Klensch an der Lotterie gewannen, schéngt alles perfekt. Awer nodeems hir Duechter Denise mat hirer beschter Frëndin iesse war, ass si op eemol wéi vum Äerdbuedem verschwonnen. Hire Mann, de Kevin, mellt si als vermësst. D’Police fënnt sech séier an engem Netz vu Ligen, falsche Spueren a däischtere Geheimnisser erëm. Wéi d’Sich ëmmer méi verzweiwelt gëtt, kommen ergräifend Wourechten un d’Liicht: iwwer Geldgier, Verrot an eng geféierlech Affär. Wee seet d’Wourecht, a wiem kann een iwwerhaapt nach vertrauen?

„Vermësst!“ ass e spannungsgeluedene Krimi iwwer Vertrauen an iwwer déi mënschlech Ofgrënn, an der däischterer Säit vu bal perfekte Familljen.

  • Sprooch: Lëtzebuergesch, englesch Ënnertitel
  • 3. Oktober 2025
  • 18:30 Auer: Diere ginn op
  • 19:00 Auer: de Film fänkt un
  • Dauer vum Film: 130 Minutten
  • Trailer 

 

EN

Synopsis
When Eric and Henriette Klensch win the lottery, everything seems perfect. But after their daughter Denise goes out to dinner with her best friend, she suddenly vanishes without a trace. Her husband Kevin reports her missing. The police soon find themselves caught in a web of lies, false leads, and dark secrets. As the search becomes more desperate, disturbing truths come to light about greed, betrayal, and a dangerous affair. Who is telling the truth, and who can really be trusted?

« Vermësst! » is a gripping thriller about trust, hidden depths, and the dark side of seemingly perfect families.

  • Language: Luxembourgish with English subtitles
  • October 3, 2025
  • 6:30 PM: Doors open
  • 7:00 PM: Screening starts
  • Duration of the movie:  130 minutes
  • Trailer

28.09.2025 – Courses Immo & Conseil Kids Cup – Adaptation du trafic

LU

28.09.2025 – Immo & Conseil Kids Cup Courssen – Upassung vum Verkéier
Den 28. September 2025 organiséiert de Veräin La Pédale 07 Schëffleng d’Immo & Conseil Kids Cup Courssen. Fir d’Sécherheet vun alle Participant·inn·en ze garantéieren, sinn am Verkéier ronderëm de Stade Jean Jacoby mat Adaptatiounen ze rechnen tëscht 10:00 a 16:30 Auer.

All Detailer fannt Dir an dësem Verkéiersreglement (op FR).

FR

28.09.2025 – Courses Immo & Conseil Kids Cup – Adaptation du trafic

Le 28 septembre 2025, l’association La Pédale 07 Schifflange organise les courses Immo & Conseil Kids Cup. Afin de garantir la sécurité de tou·te·s les participant·e·s, la circulation sera temporairement affectée autour du Stade Jean Jacoby, et ce, entre 10:00 et 16:30 heures.

Vous trouverez tous les détails dans ce règlement de circulation.

DE

28.09.2025 – Immo & Conseil Kids Cup – Verkehrsregelung
Am 28. September 2025 organisiert der Verein La Pédale 07 Schifflange die Immo & Conseil Kids Cup-Rennen. Um die Sicherheit aller Teilnehmerinnen und Teilnehmer zu garantieren, wird der Verkehr rund um das Stadion Jean Jacoby zwischen 10:00 und 16:30 Uhr beeinträchtigt.

Alle Details finden Sie in der Verkehrsregelung (auf FR).

EN

28.09.2025 – Immo & Conseil Kids Cup – Traffic Adjustment
On September 28, 2025, the association La Pédale 07 Schifflange is organising the Immo & Conseil Kids Cup races. To ensure the safety of all participants, traffic around the Jean Jacoby Stadium will be affected between 10:00 AM and 4:30 PM.

You can find all details in the traffic regulation notice (in French).

 

26. September – Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch

LU

Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch

De 26. September ass den Europäeschen Dag vun de Sproochen an et ass eng Geleeënheet, d’Lëtzebuerger Sprooch ze feieren, ze reflektéieren a jiddereen z’encouragéieren, se ze schwätzen – egal wéi gutt. Eng gemeinsam Sprooch fërdert Zesummeliewen, Solidaritéit a Kommunikatioun an alle Beräicher vum Liewen.

D’Fäegkeet, spontan tëscht verschiddene Sproochen ze wiesselen, ass eenzegaarteg a beräicherend. Lëtzebuergesch ass dobäi eng zentral Komponent, verbënnt Mënschen, schaaft sozial Brécken a reflektéiert d’Identitéit vum Land.

Dëst Joer steet den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch ënnert dem Motto: Schwätz mat – Lëtzebuergesch verbënnt.

Alles wat Dir iwwert dësen 1. Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch wësse musst, fannt Dir hei um Site vun der Lëtzebuerger Regierung.

 

FR

Journée de la langue luxembourgeoise

Le 26 septembre est la Journée européenne des langues, une occasion de célébrer la langue luxembourgeoise, de réfléchir à son rôle et d’encourager chacun à la parler – peu importe son niveau. Une langue commune favorise la vie en société, la solidarité et la communication dans tous les domaines de la vie.

La capacité de passer spontanément d’une langue à l’autre est unique et enrichissante. Le luxembourgeois joue un rôle central dans ce multilinguisme, il relie les personnes, crée des ponts sociaux et reflète l’identité du pays.

Cette année, la Journée de la langue luxembourgeoise est placée sous le slogan : Prends la parole – le luxembourgeois unit.

Toutes les informations sur cette 1re Journée de la langue luxembourgeoise sont disponibles sur le site du gouvernement luxembourgeois.

 

DE

Tag der Luxemburger Sprache

Der 26. September ist der Europäische Tag der Sprachen und bietet die Gelegenheit, die luxemburgische Sprache zu feiern, über sie nachzudenken und jeden dazu zu ermutigen, sie zu sprechen – ganz gleich, wie gut. Eine gemeinsame Sprache fördert das Zusammenleben, die Solidarität und die Kommunikation in allen Lebensbereichen.

Die Fähigkeit, spontan zwischen verschiedenen Sprachen zu wechseln, ist einzigartig und bereichernd. Luxemburgisch ist dabei ein zentraler Bestandteil, verbindet Menschen, baut soziale Brücken und spiegelt die Identität des Landes wider.

In diesem Jahr steht der Tag der luxemburgischen Sprache unter dem Motto: Sprich mit – Luxemburgisch verbindet.

Alle Informationen zum ersten Tag der luxemburgischen Sprache finden Sie auf der Website der luxemburgischen Regierung.

 

EN

Day of the Luxembourgish Language

September 26th marks the European Day of Languages – a chance to celebrate the Luxembourgish language, reflect on its role, and encourage everyone to speak it, no matter their level. A shared language promotes community, solidarity, and communication across all areas of life.

The ability to switch spontaneously between languages is unique and enriching. Luxembourgish is a central part of this multilingualism, connecting people, building social bridges, and reflecting the country’s identity.

This year, the Day of the Luxembourgish Language carries the motto: Speak up – Luxembourgish connects.

Everything you need to know about this first Day of the Luxembourgish Language can be found on the website of the Luxembourg government.

 

„Soirée de Présentation“ – En Owend vum Austausch an Engagement

LU

De 24. September 2025 huet d’Gemeng déi Schëfflenger Veräiner op eng Réceptioun invitéiert, fir déi nei Zesummesetzung vum Schäfferot a vum Gemengerot virzestellen. Gläichzäiteg gouf och den neie Sportskoordinator offiziell virgestallt. Dësen Owend war eng Geleeënheet fir all d’Veräiner – kulturell, sportlech oder sozial – ënnert engem Daach zesummenzekommen.

Nieft den offizielle Presentatiounen huet dës Versammlung den Austausch tëscht de Veräinsvertrieder an de Gemengeverantwortleche gefërdert. Si huet dozou bäigedroen, d’Verbindungen ze stäerken, de benevollen Engagement ze valoriséieren an d’Grondlag fir eng nei Form vu Kooperatioun am Déngscht vum lokale Liewen ze leeën.

D’Gemeng Schëffleng wëll weiderhin hir Veräiner ënnerstëtzen an all zesummen un enger solidarescher Zukunft schaffen.

Videoreportage vun der AMCIS

 

FR

Le 24 septembre 2025, la commune de Schifflange a convié les associations locales à une rencontre afin de présenter la nouvelle composition du collège échevinal et du conseil communal. À cette occasion, le nouveau coordinateur sportif a également été officiellement présenté. Cette soirée a offert une opportunité précieuse de réunir toutes les associations – culturelles, sportives ou sociales – sous un même toit.

Au-delà des présentations officielles, cette rencontre a favorisé les échanges entre les représentants associatifs et les responsables communaux. Elle a contribué à renforcer les liens, à valoriser l’engagement bénévole et à poser les bases d’une nouvelle forme de coopération au service de la vie locale.

La commune de Schifflange souhaite continuer à soutenir ses associations et œuvrer ensemble pour un avenir solidaire.

Reportage vidéo de l’AMCIS

 

DE

Am 24. September 2025 lud die Gemeinde Schifflingen die örtlichen Vereine zu einer Veranstaltung ein, um die neue Zusammensetzung des Schöffenrats und des Gemeinderats vorzustellen. Gleichzeitig wurde auch der neue Sportkoordinator offiziell vorgestellt. Dieser Abend bot eine wertvolle Gelegenheit, alle Vereine – kulturelle, sportliche oder soziale – unter einem Dach zusammenzubringen.

Neben den offiziellen Präsentationen förderte dieses Treffen den Austausch zwischen Vereinsvertretern und Gemeindeverantwortlichen. Es trug dazu bei, Verbindungen zu stärken, ehrenamtliches Engagement zu würdigen und die Grundlage für eine neue Form der Zusammenarbeit im Dienste des lokalen Lebens zu schaffen.

Die Gemeinde Schifflingen möchte ihre Vereine weiterhin unterstützen und gemeinsam an einer solidarischen Zukunft arbeiten.

Videobericht von der AMCIS

 

Livestream du conseil communal du 26 septembre 2025

Vous pouvez suivre la séance du conseil communal du vendredi, 26 septembre 2025 à partir de 8:00 heures via ce lien.

Ordre du jour:

  1. Approbation du procès-verbal de la réunion du conseil communal en date du 11.07.2025
  2. Approbation du tableau de préséance
  3. Attribution du titre honorifique de sa fonction au bourgmestre sortant Paul Weimerskirch
  4. Avenants au règlement général de la circulation
  5. Confirmation de règlements de la circulation
  6. Etablissement d’un règlement de la circulation
  7. Approbation de l’organisation définitive de l’enseignement fondamental pour l’année scolaire 2025/2026 :
  • Organisation scolaire
  • Horaires
  • Plans de surveillance
  • PEP
  1. Procédure d’aménagement du territoire :
  • MOPO PAG « Centre »
  1. Nouvelle répartition des 15 heures de congé politique supplémentaires
  2. Approbation de contrats de location
  3. Approbation de compromis de vente
  4. Approbation d’actes notariés
  5. Allocation de subsides ordinaires aux associations locales
  6. Allocation d’un subside extraordinaire
  7. Approbation d’un devis et de devis supplémentaires
  8. Approbation de titres de recette
  9. Inscription de crédits
  10. Désignation d’un nouveau représentant de la Commune de Schifflange au sein du syndicat SIVEC
  11. Désignation d’un nouveau représentant de la Commune de Schifflange au sein du syndicat SYCOSAL
  12. Désignation d’un nouveau délégué à l’égalité des chances
  13. Mise à jour de la composition des commissions consultatives
  14. Office Social :
  • Confirmation de décisions
  • Approbation du bilan et compte de profits et pertes de l’exercice 2023
  1. Approbation de conventions
  2. Correspondance et informations

Service BabyPlus: Gratis Ënnerstëtzung fir Elteren – Soutien gratuit pour parents

LU

Schëffleng wëll eng Gemeng sinn, an där sech Famillje wuelfillen a bitt hinnen dowéinst eng fréi Ënnerstëtzung fir e gelongene Start an d’Familljeliewen.

De Service BabyPLUS ass eng wichteg Informatiouns- a Berodungsméiglechkeet fir Elteren ab der Schwangerschaft a fir frësch gebaken Elteren am éischte Liewensjoer vum Bëbee.

Falls Dir vun dëser gratis Offer profitéiere wëllt, kënnt Dir gäre mat eisem Service Kontakt ophuelen. Dir kënnt bis zum 12. Mount vun Ärem Bëbee bis 8 gratis Rendez-vouser an Usproch huelen, mat enger Beroderin vun der Initiativ Liewensufank. Si kënnt bei Iech Heem oder an e Raum vun der Gemeng an huet en oppent Ouer fir Är Froen an Onsécherheeten.

D‘Offere vum Service BabyPLUS sinn onverbindlech, Eltere kënne fräiwëlleg heivu gebrauch maachen.

Fir weider Informatiounen oder fir e Rendez-vous auszemaachen kënnt Dir dem Service entweder eng Noriicht um Repondeur hannerloossen, eng Mail schreiwen oder Iech online aschreiwen oder via de Formulaire aschreiwen. Eng zoustänneg Persoun vum Service kontaktéieren Iech esou séier wéi méiglech.

 

FR

Schifflange veut être une commune dans laquelle les familles se sentent bien et peuvent obtenir un soutien précoce pour réussir le début de leur vie familiale.

Le service BabyPLUS est une source importante d’informations et de conseils pour les parents dès la grossesse et pour les nouveaux parents jusqu’à la première année de vie du bébé.

Si vous souhaitez profiter de cette offre gratuite, n’hésitez pas à prendre contact avec notre service à n’importe quel moment. Jusqu‘à l‘âge de 12 mois de votre bébé, vous pouvez bénéficier de jusqu‘à 8 rendez-vous gratuits avec une des consultantes de l‘Initiativ Liewensufank. Elle vient à votre domicile ou dans un bureau de consultation de l’administration communale et elle a une oreille attentive pour vos questions et vos incertitudes.

Les offres du service BabyPLUS sont sans engagement et les parents peuvent y recourir volontairement.

Pour plus d’informations et pour prendre rendez-vous, merci de laisser un message sur le répondeur du Service, d’envoyer un e-mail, ou bien de vous inscrire en ligne ou via le formulaire d’inscription. Une personne du service vous contactera dès que possible.

DE

Schifflingen möchte eine Gemeinde sein, in der sich Familien wohlfühlen und frühe Unterstützung für einen gelungenen Start ins Familienleben bekommen können.

Die Dienstleistung BabyPLUS ist eine wichtige Informations- und Beratungsmöglichkeit für Eltern ab der Schwangerschaft und für frischgebackene Eltern bis zum ersten Lebensjahr des Babys.

Falls Sie dieses kostenlose Angebot nutzen möchten, können Sie jederzeit Kontakt mit unserem Service aufnehmen. Bis zum 12. Monat Ihres Babys können Sie 8 kostenlose Termine in Anspruch nehmen, mit einer Beraterin der Initiativ Liewensufank. Sie kommt zu Ihnen nach Hause oder in einen Beratungsraum der Gemeindeverwaltung und hat ein offenes Ohr für Ihre Fragen und Unsicherheiten.

Die Angebote der BabyPLUS Dienstleistung sind unverbindlich. Eltern können sie freiwillig in Anspruch nehmen.

Für weitere Informationen und Terminvereinbarungen können Sie eine Nachricht auf dem Anrufbeantworter hinterlassen, uns eine E-Mail schreiben oder sich online oder via Formular einschreiben. Eine zuständige Person meldet sich schnellstmöglich bei Ihnen.

 

26.09.2025 – Circulation sur une voie : Avenue de la Libération

LU

Mir informéieren Iech heimat, dat wéinst Aarbechten an der Liberatiounsstrooss den Trafic nëmmen op enger Spuer méiglech ass tëscht dem Gebai N. 10 an dem Gebai N. 14, an dat de 26. September 2025 vun 9:00 bis 17:00 Auer.

De Busarrêt „Stadhaus“ virum Hotel de Ville ass deemno vun 9:00 bis 17:00 Auer net operationell an d’Busser hale wéi Follgend:

  • TICE Bus : Liberatiounsstrooss op der Héischt vum Gebai N. 40-44 an an der Rue Basse, Arrêt „Niddeschgaass“
  • RGTR Bus: Arrêt „Niddeschgaass“ an der Rue Basse

Mir soe Merci fir Äert Versteesdemech.

 

FR

Nous vous informons par la présente que, en raison de travaux dans l’Avenue de la Libération, la circulation ne sera possible que sur une seule voie entre les bâtiments n°10 et n°14, le 26 septembre 2025 de 9:00 à 17:00 heures.

L’arrêt de bus « Stadhaus » devant l’Hôtel de Ville ne sera donc pas opérationnel entre 9:00 et 17:00 heures, et les bus s’arrêteront comme suit :

  • Bus TICE : Avenue de la Libération à hauteur de l’immeuble n°40-44 et dans la Rue Basse, arrêt « Niddeschgaass »
  • Bus RGTR : arrêt « Niddeschgaass » dans la Rue Basse

Nous vous remercions pour votre compréhension.

 

DE

Wir informieren Sie hiermit, dass aufgrund von Arbeiten in der Avenue de la Libération der Verkehr am 26. September 2025 von 9:00 bis 17:00 Uhr nur auf einer Spur zwischen den Gebäuden Nr. 10 und Nr. 14 möglich ist.

Die Bushaltestelle „Stadhaus“ vor dem Gemeindehaus ist daher von 9:00 bis 17:00 Uhr nicht in Betrieb, und die Busse halten wie folgt:

  • TICE Bus: Avenue de la Libération auf Höhe des Gebäudes Nr. 40–44 und in der Rue Basse, Haltestelle „Niddeschgaass“
  • RGTR Bus: Haltestelle „Niddeschgaass“ in der Rue Basse

Wir danken Ihnen für Ihr Verständnis.

 

EN

We hereby inform you that due to works on Avenue de la Libération, traffic will be limited to one lane between buildings No. 10 and No. 14 on September 26, 2025, from 9:00 AM to 5:00 PM.

The bus stop “Stadhaus” in front of the Town Hall will therefore not be operational between 9:00 AM and 5:00 PM, and buses will stop as follows:

  • TICE Bus: Avenue de la Libération near building No. 40–44 and on Rue Basse, stop “Niddeschgaass”
  • RGTR Bus: stop “Niddeschgaass” on Rue Basse

Thank you for your understanding.

 

Règlement de la circulation / Verkéiersreglement
RGTR – AVIS de perturbation – Ligne 612

Neie Biotop zu Schëffleng: Liewensraum fir Amphibien an Insekten

LU

Neie Biotop zu Schëffleng: Liewensraum fir Amphibien an Insekten

Zu Schëffleng entsteet en neie Biotop, deen der Biodiversitéit zu gutt kënnt. Op der Plaz „Op Motzdréisch“ huet SICONA en neie Weier ugeluecht, mat enger Fläch vu 7,6 Ar. Dobäi kënnt en Ofsetzbaseng vun 3,9 Ar an eng Furt fir d’Landwirtschaft, fir e Waasseriwwergank ze garantéieren.

Dëse Weier ass speziell als Liewensraum fir Amphibien an Insekte geduecht a stellt e wichtege Schrëtt an der Vernetzung vun eisen natierleche Biotopen duer.

Eng weider Etapp fir d’Zukunft vun der Natur zu Schëffleng.

 

FR

Nouveau biotope à Schifflange : un habitat pour les amphibiens et les insectes

Un nouveau biotope est en cours de création à Schifflange, au bénéfice de la biodiversité. Sur le site « Op Motzdréisch », SICONA a aménagé une nouvelle mare d’une superficie de 7,6 ares. Elle est complétée par un bassin de décantation de 3,9 ares et un gué destiné à l’agriculture, afin d’assurer le passage de l’eau.

Cette mare est conçue comme un habitat naturel pour les amphibiens et les insectes, et représente une étape importante dans le maillage écologique de nos biotopes.

Une nouvelle avancée pour l’avenir de la nature à Schifflange.

 

DE

Neuer Biotop in Schifflingen: Lebensraum für Amphibien und Insekten

In Schifflingen entsteht ein neuer Biotop, der der Biodiversität zugutekommt. Auf dem Gelände „Op Motzdréisch“ hat SICONA einen neuen Weiher mit einer Fläche von 7,6 Ar angelegt. Ergänzt wird dieser durch ein Absetzbecken von 3,9 Ar sowie eine Furt für die Landwirtschaft, um einen Wasserübergang zu ermöglichen.

Der Weiher ist speziell als Lebensraum für Amphibien und Insekten konzipiert und stellt einen wichtigen Schritt in der Vernetzung unserer natürlichen Biotope dar.

Ein weiterer Meilenstein für die Zukunft der Natur in Schifflingen.

 

EN

New Biotope in Schifflange: Habitat for Amphibians and Insects

A new biotope is being created in Schifflange, contributing positively to biodiversity. At the site “Op Motzdréisch,” SICONA has developed a new pond covering 7.6 ares. It is complemented by a sedimentation basin of 3.9 ares and a ford for agricultural use, ensuring water passage.

This pond is specifically designed as a habitat for amphibians and insects and marks an important step in connecting our natural biotopes.

Another milestone for the future of nature in Schifflange.

Aktivitéiten am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch

LU

Aktivitéiten am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch


Den 20. September hunn zu Schëffleng, fir Kleng a Grouss, Aktivitéiten am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch stattfonnt. Trotz der intensiver Hëtzt hu sech vill Familljen afonnt fir un de verschiddenen Aktivitéiten deelzehuelen. Déi Kleng konnte sech um Bobby-Car-Parcours austoben, wou si op spilleresch Aart a Weis geléiert hunn, wéi ëffentlech Plazen och fir Mobilitéit genotzt kënne ginn, wa se net als Parkplaz déngen. Gläichzäiteg huet d’Jugendhaus zesumme mat de Kanner kreativ Signalisatiounsschëlder mat Kräid gemoolt an hinnen dës erkläert – eng flott Kombinatioun vu Léieren a Spaass.

Fir déi Grouss war de Mobilitéits-Quiz eng spannend Erausfuerderung. Hei konnten d’Participant·inn·en hiert Wëssen iwwert d’Mobilitéit ënner Beweis stellen an haten d’Chance, e fonkelneie Vëlo ze gewannen. Am neie Parkhaus huet de Vëlosclub LP07 Schëffleng e Parcours ugebueden, wou jidderee mat sengem eegene Vëlo konnt matmaachen. Dës Aktivitéit war net nëmmen eng sportlech Erausfuerderung, mee och eng Geleeënheet fir den neie Parking ze entdecken.

Fir de klengen Duuscht huet d’Gemeng mat Waasser a Fairtrade Orangëjus och fir Erfrëschung gesuergt a fir de klengen Honger konnt all Participant·in sech ee gudden Apel schmaache loossen.

D’Gemeng Schëffleng huet mat dësem Event nach eng Kéier hiert Engagement fir eng nohalteg Mobilitéit ënnerstrach. Mat Ziler wéi manner fossil ugedriwwe Faarten an engem méi héijen Undeel vu Kanner, déi zu Fouss an d’Schoul ginn, wëll Schëffleng aktiv un enger méi ëmweltfrëndlecher Zukunft fir jidderee schaffen.

E grousse Merci geet un d’Ëmweltkommissioun fir hiren Engagement beim Parkhaus a wärend der ganzer Mobilitéitswoch.

 

FR

Activités dans le cadre de la Semaine européenne de la mobilité


Le 20 septembre, des activités pour petits et grands ont eu lieu à Schifflange dans le cadre de la Semaine européenne de la mobilité. Malgré la chaleur intense, de nombreuses familles se sont rassemblées pour participer aux différentes animations. Les plus jeunes ont pu s’amuser sur le parcours de Bobby-Car, une manière ludique d’apprendre comment les espaces publics peuvent être utilisés pour la mobilité lorsqu’ils ne servent pas de parkings. En parallèle, la Maison des jeunes a collaboré avec les enfants pour dessiner des panneaux de signalisation à la craie et leur en expliquer la signification – une belle combinaison d’apprentissage et de plaisir.

Pour les plus grands, le quiz sur la mobilité représentait un défi passionnant. Les participant·e·s ont pu tester leurs connaissances sur le thème de la mobilité et tenter de gagner un vélo tout neuf. Dans le nouveau parking, le club cycliste LP07 Schifflange a proposé un parcours accessible à tou·te·s à vélo. Cette activité était autant sportive, qu’une occasion de découvrir les nouvelles infrastructures.

Pour se rafraîchir, la commune a offert du jus d’orange Fairtrade ainsi que de l’eau, et pour calmer les petites faims, chaque participant·e pouvait déguster une délicieuse pomme.

Avec cet événement, la commune de Schifflange a réaffirmé son engagement en faveur d’une mobilité durable. Grâce à des objectifs tels que la réduction des trajets motorisés et l’augmentation du nombre d’enfants allant à l’école à pied, Schifflange souhaite activement construire un avenir plus respectueux de l’environnement pour tou·te·s.

Un grand merci à la commission de l’environnement pour son soutien dans le cadre du nouveau parking et tout au long de la semaine de la mobilité.

 

DE

Aktivitäten im Rahmen der Europäischen Mobilitätswoche

Am 20. September fanden in Schifflingen im Rahmen der Europäischen Mobilitätswoche zahlreiche Aktivitäten für jedes Alter statt. Trotz der intensiven Hitze kamen viele Familien zusammen, um an den verschiedenen Angeboten teilzunehmen. Die Kleinsten konnten sich auf dem Bobby-Car-Parcours austoben – eine spielerische Möglichkeit, zu lernen, wie öffentliche Plätze für Mobilität genutzt werden können, wenn sie nicht als Parkplätze dienen. Parallel dazu gestaltete das Schifflinger Jugendhaus gemeinsam mit den Kindern kreative Verkehrsschilder mit Kreide und erklärte ihnen deren Bedeutung – eine gelungene Kombination aus Lernen und Spaß.

Für die Größeren war das Mobilitäts-Quiz eine spannende Herausforderung. Die Teilnehmer·innen konnten ihr Wissen rund um das Thema Mobilität unter Beweis stellen und hatten die Chance, ein nagelneues Fahrrad zu gewinnen. Im neuen Parkhaus bot der Fahrradclub LP07 Schifflingen einen Parcours an, der für alle mit eigenem Fahrrad zugänglich war. Diese Aktivität war nicht nur sportlich, sondern auch eine Gelegenheit, die neue Infrastruktur kennenzulernen.

Zur Erfrischung stellte die Gemeinde Fairtrade-Orangensaft und Wasser bereit, und gegen den kleinen Hunger konnten sich alle Teilnehmenden einen leckeren Apfel schmecken lassen.

Mit dieser Veranstaltung hat die Gemeinde Schifflingen erneut ihr Engagement für nachhaltige Mobilität unterstrichen. Mit Zielen wie der Reduzierung motorisierter Fahrten und einem höheren Anteil an Kindern, die zu Fuß zur Schule gehen, möchte Schifflingen aktiv an einer umweltfreundlicheren Zukunft für alle mitwirken.

Ein großer Dank geht an die Umweltkommission für ihre Unterstützung beim neuen Parkhaus und während der gesamten Mobilitätswoche.

 

EN

Activities as part of the European Mobility Week

On September 20th, numerous activities for all ages took place in Schifflange as part of the European Mobility Week. Despite the heat, many families gathered to take part in the various events. The little ones had fun on the Bobby-Car course – a playful way to learn how public spaces can be used for mobility when they are not serving as car parcs. At the same time, the youth centre worked with children to create colourful traffic signs with chalk and explained their meanings – a wonderful combination of learning and fun.

For older participants, the mobility quiz was an exciting challenge. Attendees could test their knowledge regarding mobility and had the chance to win a brand-new bicycle. In the new parking facility, the cycling club LP07 Schifflange offered a bike course that was open to everyone with their own bicycle. This activity was not only sporty, but also a great opportunity to explore the new infrastructure.

To keep everyone refreshed, the municipality provided Fairtrade orange juice and water, and to satisfy small appetites, each participant could enjoy a tasty apple.

With this event, the municipality of Schifflange once again emphasised its commitment to sustainable mobility. With goals such as reducing motorised trips and increasing the number of children walking to school, Schifflange aims to actively contribute to a more environmentally friendly future for all.

A big “Thank You” goes to the commission for the environment for its support in the new parking facility and throughout the entire Mobility Week.

 

Eng Mouk ass haut aus dem Garer Quartier an de Brill geplënnert

LU

Eng Mouk ass haut aus dem Garer Quartier an de Brill geplënnert

Iwwert dem Report-It an eiser Schëfflenger CityApp huet eis haut de Moien eng besuergte Matbiergerin matgedeelt datt eng Mouk an eng heikel Situatioun komm ass, a bei der Gare net méi weider wousst.

Mir si frou Iech matzedeelen ze kënnen datt et der Mouk gutt geet an datt se elo am Brill een neit Doheem fonnt huet.  Der Madamm déi et gemellt huet ee GROUSSE MERCI.

 

FR

Un crapaud a déménagé aujourd’hui du quartier de la Gare vers le Brill

Via Report-It dans notre Schëfflenger CityApp, une citoyenne inquiète nous a signalé ce matin qu’un crapaud se trouvait dans une situation délicate et semblait perdu près de la gare.

Nous sommes heureux de vous informer que le crapaud va bien et qu’il a trouvé un nouveau foyer au Brill. Un GRAND MERCI à la citoyenne qui nous l’a signalé !

 

DE

Eine Kröte ist heute vom Bahnhofsviertel in den Brill umgezogen

Über Report-It in unserer Schifflinger CityApp hat uns heute Morgen eine besorgte Mitbürgerin mitgeteilt, dass sich eine Kröte in einer heiklen Lage befand und beim Bahnhof nicht mehr weiter wusste.

Wir freuen uns, Ihnen mitteilen zu können, dass es der Kröte gut geht und sie nun ein neues Zuhause im Brill gefunden hat. Ein GROSSER DANKESCHÖN an die Mitbürgerin, die dies gemeldet hat!

 

EN

Today, a toad moved from the Gare district to Brill

Through Report-It our Schifflange CityApp, a concerned citizen informed us this morning that a toad was in a delicate situation and seemed lost near the station.

We’re thrilled to report that the toad is doing well and has now found a new home in Brill. A BIG THANK YOU to the citizen who reported it!