Sk8ing Girls 2024 – retour sur une journée sportive et créative

FR

Le 28 septembre 2024, nous avons célébré une nouvelle édition du Sk8ing Girls, la 6e pour être exact.

Cet événement est une collaboration de la Commune de Schifflange avec la Ville d’Esch et avec le soutien de la Commune de Kayl/Tétange et des Maisons des jeunes de Schifflange, de Differdange et de Dudelange.

Le cadre de la Journée internationale des filles est utilisé depuis plusieurs années pour rendre le skateboard, le longboard et d’autres sports de rue et d’art de rue plus populaires auprès des filles et de leur montrer que ce n’est pas seulement un domaine réservé aux garçons et aux hommes. C’est aussi une journée pour toute la famille. Garçons et filles, petits et grands, jeunes et moins jeunes : chacun a pu s’essayer aux activités sportives et artistiques dans les différents ateliers, se laisser chouchouter aux stands de restauration des Maisons des jeunes du sud et profiter de la bonne ambiance.

Même les membres du conseil communal de Schifflange ainsi que des commissions du sport et des loisirs, de la culture, de l’égalité des chances, des citoyens et de la jeunesse n’ont pas hésité à participer. Un grand merci à tous ceux qui se sont impliqués dans Sk8ing Girls, quelle que soit la forme. Ci-dessous, vous trouverez un aperçu de cette édition.

Vous n’avez pas pu participer à cette édition ? Retrouvez les meilleurs moments de cette journée à travers le reportage de l’asbl AMCIS : Reportage vidéo (youtube)

 

 

LU

Den 28. September 2024 hu mir eng weider Editioun vum Sk8ing Girls gefeiert – déi 6. fir genau ze sinn.

Dëst Event ass eng Zesummenaarbecht vun der Schëfflenger Gemeng mat der Stad Esch a mam Support vun der Gemeng Käl/Téiteng an de Jugendhaiser vu Schëffleng, Déifferdeng an Diddeleng.

De Kader vum internationale Meederchersdag gëtt säit e puer Joer genotzt, fir d’Skateboarden, d’Longboarden a weider Streetsportarten a Streetart-Kënscht bei de Meedercher méi bekannt ze maachen an ze weisen, dass dëst net just e renge Jongen- a Männerdomaine ass. Et ass awer och en Dag fir déi ganz Famill. Jongen ewéi Meedercher, Kleng ewéi Grouss, Jonk ewéi manner Jonk: jidderee konnt sech an deene verschiddenen Ateliere sportlech a kënschtleresch ausprobéieren, sech bei de Caterings-Stänn vun de Jugendhaiser aus dem Süde verwinne loossen a vun där gudder Stëmmung profitéieren.

Och d’Memberen aus dem Schëfflenger Gemengerot an aus de Kommissioune fir Sport- a Fräizäit, Kultur, Bierger, Chancëgläichheet a Jeunesse hu sech et net huele gelooss fir laanscht ze kommen a matzemaachen.

E grousse Merci u jiddereen, deen um Sk8ing Girls bedeelegt war – egal ënnert wéi enger Form.

Dir konnt net dobäi sinn? Dann hat Dir Chance, d’Asbl AMCIS huet e klenge Reportage iwwert dëse flotten Dag gedréint: Video Reportage (youtube)

Hei d’Fotoe vum Dag:

 

E Präis fir d’Gemeng am Kader vun der Chancëgläichheet tëschent Mann a Fra

Op Invitatioun vun der Madamm Ministesch fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, Taina Bofferding, huet d’Gemeng Schëffleng zesumme mat 7 aner Gemengen den 21. Dezember e « Prix pour la meilleure pratique communale d’égalité » entgéint geholl. Dëse Präis zeechent all déi Gemengen aus, déi sech besonnesch fir e bessert Zesummeliewen tëscht Fraen a Männer op hirem Territoire agesat hunn, andeems si eng oder méi Aktivitéite realiséiert hunn, déi d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer promouvéiert. Fir d’Schëfflenger Gemeng waren nieft dem Här Buergermeeschter Paul Weimerskirch an de Schäffen Albert Kalmes a Carlo Lecuit (och mat der zweeter Kap vum President vun der Chancëgläichheetskommissioun) och d’Gemengesecrétaire Mandy Manternach, d’Conseillèren Isabelle Solagna-Van Goidsenoven an Idette Cattivelli esou ewéi d’Cinzia Prometti als Vertriederin vun der Chancëgläichheetskommissioun op der Iwwerreechung vertrueden.

An de leschte Joren huet d’Schëfflenger Gemeng ëmmer nees Eventer organiséiert an u Sensibilisatiounscampagnen am Kader vun der Gläichstellung tëschent Mann, Fra an den Definitiounen, déi dertëschent leien, deelgeholl. Am Joer 2022 waren dëst beispillsweis:

Table Ronde « Haislech Gewalt – de Wee eraus » am Kader vun der nationaler Orange Week, Campagne vum CNFL géint Gewalt géint Meedercher a Fraen
Porte ouverte en vue vun de Gemengewalen 2023 an am Kader vun der Campagne „Egalitéit liewen!“  vum Chancëgläichheetsministär
– Projet Sk8ing Girls, an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Esch
– Ernennung vun der Gemeng Schëffleng zur LGBTIQ+ Freedom Zone am Kader vun der Pride Week
– Participatioun um Idahobit Day an Zesummenaarbecht mam Schëfflenger Jugendhaus
Liesung am Kader vum internationale Fraendag

 

Méi Infoen iwwert d’Präisiwwerreechung fannt Dir hei.

 

 

Table Ronde ‘Haislech Gewalt – de Wee eraus’

Am Kader vun der Orange Week 2022 huet de Schäfferot den 1. Dezember op eng Table Ronde zu engem wichtegen Thema invitéiert. Haislech Gewalt ass weiderhi ganz present an eiser Gesellschaft an et ass wichteg Opklärungsaarbecht ze leeschten an ze sensibiliséieren. Fir dës Editioun vun der Orange Week wollt d’Chancëgläichheetskommissioun sech net nëmme mat der Fro beschäftegen, wat haislech Gewalt ass, mee huet de Fokus vun der Soirée op ‘de Wee eraus’ geluecht. D’Participante vun der Table Ronde sinn deemno de Froen nogaangen, wisou et den Affer schwéier fält, sech Hëllef ze froen an sech aus dem gewalttätege Milieu ze léisen. Si hunn d’Hürden opgewisen an no Verbesserungsvirschléi gesicht. An net zulescht konnten  d’Bierger hier Froe stellen a kruten Informatiounen doriwwer, wat all eenzele konkret ka maache fir ze hëllefen.

No der Begréissung vum Här Buergermeeschter Paul Weimerskirch an a Presenz vun de Membere vum Schäffen- a Gemengerot esou ewéi der Chancëgläichheetskommissioun an enger ganzer Rei Interesséierter huet d’Madamm Manon Zoetaert duerch den Owend gefouert. Invitéeë vun der Soirée waren:

Madamm Andrée BIRNBAUM – Directeure générale vun der ‘Femmes en Détresse a.s.b.l.
Maître Valérie DUPONGBâtonnière sortante vum « Ordre des Avocats du Barreau de Luxembourg » spezialiséiert am Familljerecht
Madamm Anne METZLER – Member vum Conseil d’administration vun der Taboo a.s.b.l.
Här Guy OVERMANN – Commissaire en chef vun der Police Grand-Ducale, Direction Régionale E/A – Präventiounsbüro

Als Merci kruten si en Drock vum Visuell, deen d’Illustratrice Snejana Granatkina am Optrag vun der Gemeng fir d’Orange Week 2021 designt hat. Dës Weidere mécht d’Gemeng en Don un déi eenzel Associatiounen.

Wien d’Soirée verpasst huet wäert deemnächst de Video kënnen an eiser Galerie kucken.

D’Orange Week fënnt all Joers am Kader vum internationalen Dag géint d’Gewalt u Meedercher a Frae statt a gëtt ob nationalem Niveau vum Conseil nationale des Femmes du Luxembourg. Nach bis den 10. Dezember fannen am ganze Land Sensibiliséierungscampagnen an -Eventer statt. De ganze Programm fannt Dir um Site vum CNFL.

Fir Är Solidaritéit mat den Affer ze weise kënnt Dir och weiderhin nach bis den 10. Dezember gratis orange Käerzen an den Accueil vun der Gemeng siche kommen.

Wann Dir selwer Affer vun haislecher Gewalt sidd oder eng Persoun kennt, déi an deem Fall ass, da kënnt Dir Iech op der nationaler Helpline mellen.

Porte ouverte

Porte ouverte vun der Gemeng

LU
Den 12. November 2022 huet d’Gemeng Schëffleng hir Diere fir de Grand Public opgemaach. D’Schëfflenger Bierger an Biergerinne konnte sech am Kader vun der Porte ouverte, déi ganz am Thema vun der Chancëgläichheet stoung, iwwert de Fonctionement vun eiser Gemeng informéieren a kruten en Abléck an de politeschen Alldag. En vue vun de Gemengewalen 2023 an op Initiativ vum Ministère fir Chancëgläichheet ass dësen Hierscht déi national Campagne „Egalitéit liewen!“, de Schlëssel fir eng modern Gemeng an d’Liewe geruff ginn. D’Zil ass méi Participatioun vu Fraen an der Gemengepolitik an e besseren Equiliber tëscht Fraen a Männer aus allen Alterskategorien an den zukünftege Gemengeréit.

D’Porte ouverte huet a Presenz vun der Madamm Taina Bofferding, Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer stattfonnt.

 

FR
Le 12 novembre 2022, la Commune de Schifflange a ouvert ses portes au grand public. Dans le cadre de la journée portes ouvertes, fortement axée sur le thème de l’égalité des chances, les citoyens de Schifflange ont pu s’informer sur le fonctionnement de notre commune et se faire une idée de la vie politique quotidienne. En vue des élections communales de 2023 et à l’initiative du ministère de l’Égalité entre les femmes et les hommes, la campagne nationale “Vivons l’égalité!”, la clé pour une commune moderne, a été lancée cet automne. L’objectif est d’accroître la participation des femmes dans la politique communale et de parvenir à un meilleur équilibre entre les femmes et les hommes de tous âges au sein des futurs conseils communaux.

La journée portes ouvertes s’est déroulée en présence de Madame Taina Bofferding, Ministre de l’Égalité entre les femmes et les hommes.

Galerie des photos

 

Sk8ing Girls 2022

Et war eng lass am Duerf! Nieft dem Kulturfest op der Gemengeplaz war och am Skatepark den 1. Oktober eng weider Editioun vum Sk8ing Girls, enger Zesummenaarbecht vun der Schëfflenger Gemeng mat der Stad Esch. De Kader vum internationale Meederchersdag gouf genotzt, fir d’Skateboarden, d’Longboarden a weider Streetsportarten a Streetart-Kënscht bei de Meedercher méi bekannt ze maachen an ze weisen, dass dëst net just e reng Jongen- a Männerdomaine ass. De Sk8ing Girls ass allerdéngs en Dag fir déi ganz Famill. Jongen ewéi Meedercher, kleng ewéi grouss, Jong ewéi manner Jonk: jidderee konnt se sech an deene verschiddenen Ateliere sportlech a kënschtleresch ausprobéieren a beim Catering déi gutt Stëmmung genéissen. Och d’Memberen aus dem Schëfflenger Schäffen- a Gemengerot hu sech vun de puer Drëpse Reen net ofhale gelooss fir laanscht ze kommen a matzemaachen.

Hei déi éischt Impressioune vum Event. Weider Fotoe fannt Dir an deenen nächsten Deeg an eiser Galerie.

   

Orange Week 2022

Orangez votre monde est une action qui va se dérouler du 25 novembre 2022 (journée internationale pour l’élimination de la violence à l’égard des filles et des femmes) au 10 décembre 2022. Veuillez trouver les actions organisées au plan national dans le programme ci-dessous :

Orange week – programme 2022

Le programme sera actualisé régulièrement sur le site du Conseil National des Femmes du Luxembourg (CNFL).

Dans le cadre de la campagne de sensibilisation, la Commune de Schifflange organisera, sur l’initiative de la Commission à l’égalité des chances, une table ronde sur le sujet de la “violence domestique”, jeudi le 1er décembre à 19h00 à la Salle GD Jean (Hôtel de Ville).

Si vous êtes victime de violence domestique ou si vous connaissez quelqu’un qui l’est, n’hésitez pas à contacter la Helpline.

CNFL – Rentrée d’automne 2021

De 27 Oktober huet de Conseil National des Femmes op hir alljärlech Hierschrentrée invitéiert, déi dëst Joer hei zu Schëffleng stattfonnt huet. Nieft de Membere vum Schäffen- a Gemengerot an de Mataarbechterinnen a Membere vun den Associatioune vum CNFL war och d’Madamm Minister vun der Chancëgläichheet Taina Bofferding present.

Seng Ried huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch mat enger Liewenswäisheet, déi seng Boma him an ee vu senge Kannerbicher geschriwwen hat, ugefaangen: « Wann een eppes matkritt, wat net richteg, net fair oder net gerecht ass, da muss du dat soen. Awer feststellen eleng geet net duer, du muss och eppes dogéint maachen, an entspriechend handelen ». Den CNFL a seng Membere setzen sech säit 1975 aktiv op politeschem Plang a mat villen Aktioune fir d’Fraerechter an d’Gläichheet tëschent Männer a Fraen an. Hir Aarbecht bleift weiderhin immens wichteg, well ëmmer nach grouss Inegalitéiten z’ajustéiere bleiwen, esou den Här Buergermeeschter weider.

D’Nadine Bertrang, Presidentin vum CNFL an engagéiert Schëfflenger Matbiergerin, huet de Programm vun de nächste Wochen a Méint virgestallt. Besonnesch ervirgehuewen huet si d’Inauguratioun vun der Statue am Kader vum 100 Joer Fraewalrecht zu Ettelbréck de 15. November, d’Orange Week – national Sensibiliséierungscampagne zum Thema Gewalt géint d’Fraen (25.11-10.12) an de Projet ‘les rues au féminin’, deen am Laf vum nächste Joer an der Zesummenaarbecht mat de Gemenge soll erweidert ginn. Dëst sinn allen dräi Projeten, un deenen d’Schëfflenger Gemeng an hirem Engagement fir d’Chancëgläichheet bedeelegt ass.

D’Madamm Minister ass hirersäits ënnert anerem op d’Schwieregkeeten agaangen, déi d’Pandemie an Zesummenhang mat der Aarbecht géint d’Gewalt am Stot mat sech bruecht huet, an huet dem CNFL Merci gesot fir déi gutt Zesummenaarbecht an hiren Engagement um Terrain.

Nom offiziellen Deel huet d’Gemeng op e Pättchen invitéiert.