09.03.2022

Internationale Fraendag

Den 8. Mäerz gëtt den Internationale Fraendag begaangen.

Op der ganzer Welt gëtt op d’Ongläichheeten tëschent Mann a Fra opmierksam gemaach. Och d’Literatur setzt sech mat dësem wichtegen Thema auserneen an dofir hat d’Gemeng zesumme mat der Chancëgläichheetskommissioun op eng Liesung mam Titel „Gedichte und Kurzprosa“ an d’Schëfflenger Konschthaus invitéiert.

D‘Erzielerinne waren d’Elise Schmit an d’Ulrike Bail.

D’Elise Schmit schreift Theatertexter a Gedichter a lëtzebuergescher, däitscher an englescher Sprooch. Si ass 2019  mam „Prix Servais“ ausgezeechent ginn.

D’Ulrike Bail wunnt zanter 2006 hei zu Lëtzebuerg an ass Schrëftstellerin. 2020 ass si mam éischte Präis beim „Concours littéraire national“ ausgezeechent ginn a war Autorin vum Joer vun der „Autorinnenvereinigung e.V“. 2021 huet och si de renomméierte „Prix Servais“ kritt.

De Buergermeeschter Paul Weimerskrich huet d’Begréissung gemaach an huet dunn deenen zwou Dammen d’Wuert iwwerlooss. No enger anschliissender Diskussiounsronn, huet d’Madamm Nadine Bertrang an hirer Qualitéit als Presidentin vum „Conseil National des Femmes“ drop opmierksam gemaach, dass et am Joer 2022 a verschiddene Beräicher deels nach ëmmer grouss Ënnerscheeder ginn an dass nach weider Efforte musse gemaach gi fir mat dësen Ongläichheeten opzeraumen.

Eis Kollegen vun der AMCIS hun den owend wei gewinnt am Bild festgehaalen