01.10.2022

Sk8ing Girls 2022

Et war eng lass am Duerf! Nieft dem Kulturfest op der Gemengeplaz war och am Skatepark den 1. Oktober eng weider Editioun vum Sk8ing Girls, enger Zesummenaarbecht vun der Schëfflenger Gemeng mat der Stad Esch. De Kader vum internationale Meederchersdag gouf genotzt, fir d’Skateboarden, d’Longboarden a weider Streetsportarten a Streetart-Kënscht bei de Meedercher méi bekannt ze maachen an ze weisen, dass dëst net just e reng Jongen- a Männerdomaine ass. De Sk8ing Girls ass allerdéngs en Dag fir déi ganz Famill. Jongen ewéi Meedercher, kleng ewéi grouss, Jong ewéi manner Jonk: jidderee konnt se sech an deene verschiddenen Ateliere sportlech a kënschtleresch ausprobéieren a beim Catering déi gutt Stëmmung genéissen. Och d’Memberen aus dem Schëfflenger Schäffen- a Gemengerot hu sech vun de puer Drëpse Reen net ofhale gelooss fir laanscht ze kommen a matzemaachen.

Hei déi éischt Impressioune vum Event. Weider Fotoe fannt Dir an deenen nächsten Deeg an eiser Galerie.