11.07.2022

Schëffleng ass eng LGBTIQ+ Freedom Zone

Am Kader vun der Luxembourg Pride Week 2022 huet d’Schëfflenger Gemeng sech op e neits solidaresch gewisen an op de Gemengegebaier vum 1. bis den 10. Juli d’Reeboufändelen ausgehaangen. D’Gemeng Schëffleng bekennt sech awer net just wärend dëser enger Woch am Joer zum Thema. De Gemengerot huet decidéiert aus Schëffleng eng LGBTIQ+ (Lesbian, Gay, Bisexual, Transgendered, Intersexual or Queer) Freedom Zone ze maachen. Mat de neie Schëlter, déi Dir an den Entréeë vun der Gemeng esou ewéi am Zentrum, beim Jugendhaus fannt, weist d’Gemeng, dass Schëffleng eng verständnisvoll, tolerant a faarweg Stad ass. D’Schëlter goufe vergaangene Freiden am Kader vun enger klenger Zeremonie offiziell « devoiléiert ».
De Buergermeeschter, Paul Weimerskirch, an d’Sarah Colignon, Educatrice aus dem Schëfflenger Jugendhaus, hunn betount, ewéi wichteg dass et ass, dass Jonker e Raum hunn an deem een hinnen ouni Virurteeler  begéint an an deem si sech kënne fräi entfalen an en oppent Ouer fannen.