Posts Categorized: Actualités

90 – an et geet nach weider!

D’Mme Marie Thill ass de 7. Juli 1929 zu Weiler, Gemeng Pëtschent, gebuer. Wéi si an hirer Jugend aus dem Eisléck Richtung Süde koum, huet si séier den Här Raymond Gille kennegeléiert. 1950 zu Zolwer um Knapp am Café sinn déi Zwee net laanschtenee komm. Op Helleg Owend 1951 hu si sech ze Pëtschent bestuet.

Hir dräi Kanner, de Jeannot (1953), den Aloyse (1958) an d’Arlette (1964) hunn hirem Liewen e richtege Sënn ginn. Si hu laang Zäit zu Zolwer bei « der Tatta » gewunnt. D’Mme Gille-Thill huet ganz vill a gären doheem geschafft, virun allem am Gaart huet si sech wuelgefillt. Wann hire Mann op der Arbed war, huet si sech ëm d’Kanner an d’Haus gekëmmert. Am Joer 1992 koum d’Famill op Schëffleng, eng Gemeng, an där si zefridde sinn.

Den 9. Juli hat d’Gebuertsdagskand déi grouss Freed de Buergermeeschter a säi Schäfferot, Vertrieder aus dem Syndicat d’Initiative a Memberen aus der Seniorekommissioun bei sech z’empfänken. All zesummen hu si bei deem beschte Wieder op hir gutt Gesondheet geprost.

D’Famill ass frou, datt de Papp vum Haus nach doheem ka wunnen. D’Kanner këmmeren sech gutt ëm hir Elteren, sou datt kee sech brauch Suergen ze maachen. De 95. Gebuertsdag vum Raymond konnt d’Famill leider net wierdeg feieren, well si dee Moment beim Marie Longekriibs detektéiert haten a si e bësse geplot war. Elo geet et hir awer nees immens gutt an och hire Mann ass nach mat 99 Joer op Trapp. De Schampes fir den 100. Anniversaire am Februar 2020 am Haus Gille-Thill kann da scho mol kal gestallt ginn…

   

Avis aux habitants

Am Kader vun enger Veloscourse si folgend Stroosse sonndes, de 14. Juli 2019 vun 12.00 bis 18.00 Auer gespaart:

  • Millestrooss (Stéck tëschend der Verbindung mat der Lalléngerstrooss bis bei d’Verbindung mat der Garestrooss)
  • Lalléngerstrooss
  • Garestrooss (Stéck tëschend der Verbindung mat der Millestrooss bis bei d’Verbindung mat der Resistenzstrooss)
  • Resistenzstrooss

D’Awunner vun de betraffene Stroossen hunn d’Méiglechkeet hir Haiser mam Auto ze verloossen, respektiv z’erreechen, an zwar am sens unique a Richtung vun der Course.

Fir all weider Renseignementer, zéckt net eise Service des Tavaux Neufs et des Infrastructures unzeruffen (Madame Nicky Kayser Tél. : 54 50 61-407).

Mir zielen op Äert Versteesdemech.

De Schäfferot

Paul Weimerskirch, Buergermeeschter

Albert Kalmes, Schäffen

Marc Spautz, Schäffen

Carlo Lecuit, Schäffen

Mesdames, Messieurs,

Par la présente, nous vous informons que, dû à des courses cyclistes organisées dans la cadre du « Summerfest » en date du dimanche 14 juillet 2019, les routes suivantes seront barrées à la circulation entre 12h00 et 18h00 :

  • Rue du Moulin (tronçon situé entre la jonction avec la rue de Lallange jusqu’à la jonction avec la rue de la Gare
  • Rue de Lallange
  • Rue de la Gare (tronçon situé entre la jonction avec la rue du Moulin jusqu’à la jonction avec l’avenue de la Résistance)
  • Avenue de la Résistance

Cependant, les riverains concernés auront la possibilité de quitter, respectivement de joindre leur maison en suivant le trajet de la course, à savoir en sens unique dans le sens de la course.

Pour tout renseignement supplémentaire, n’hésitez pas à appeler notre service des travaux neufs et des infrastructures (Mme Nicky Kayser Tél. : 54 50 61-407).

Tout en comptant sur votre compréhension, nous vous prions d’agréer, Mesdames, Messieurs, l’expression de nos sentiments distingués.

Le collège échevinal

Paul Weimerskirch, bourgmestre

Albert Kalmes, échevin

Marc Spautz, échevin

Carlo Lecuit, échevin

Ferienzeit….. aber sicher! Les vacances…. en toute sécurité!

La Police Grand-Ducale a lancé une campagne de prévention « Départ en vacances »

Sur l’affiche ci-dessous, la police vous  donne des conseils utils à prendre en compte pendant vos vacances.

Remise des diplômes des cours de langues

Schëffleng schwätzt vill Sproochen – an och ëmmer méi Lëtzebuergesch!
Dat huet een op der Diplomiwwerreechung e Méindeg, den 8. Juli 2019 an der Salle Grand-Duc Jean gesinn. De Raum war voll vu flotten, faarwegen a froue Mënschen!

Dofir hat de Buergermeeschter, Paul Weimerskirch, symbolesch den Ernie an de Bert matbruecht – well dës zwou Figuren aus der Sesamstaße och polyglott a multikulturell sinn. A senger internationaler Ried huet hien de Leit felicitéiert fir déi Efforten, déi si an deem leschte Joer gemaach hunn an de Bilan vun engem gelongene Joer gezunn:

Fir d’Sessioun 2018/2019 goufen hei zu Schëffleng 7 Sproochecoursen vun der Schëfflenger Gemeng an Zesummmenaarbecht mat der Integratiounskommissioun organiséiert.

Vun deene 7 Course si 5 Lëtzebuergeschcoursen an och 2 Engleschcoursen ugebuede ginn.

Ganzer 173 Leit hunn un de Sproochecoursen deelgeholl, dorënner 93, déi elo an dëser Zeremonie en Diplom kruten. Insgesamt waren ënnert den Apprenanten 28 verschidden Nationalitéite vertrueden.

E grousse Merci goung als Eischt un d’Mandy Manternach, dat sech ëm déi ganz Organisatioun gekëmmert huet, awer virun allem och un d’Enseignanten, déi sech immens vill Méih ginn hunn, fir de Schëfflenger op flott Aart a Weis eng nei Sprooch bäizebréngen.

Ee Lëtzebuergeschcours mam Niveau A1.1 gouf samschdes moies an der Nelly Stein Schoul vum Jean-Luc Theisen ofgehalen. Dëse Cours war just fir d’Botzpersonal vun der Gemeng virgesinn, deen de Schäfferot hinnen offréiert hat. Den Här Theisen huet extra de Mikro ergraff a sengen Damme perséinlech gesot, wéi houfreg hien op si ass.

Den Här Romain Carl hat fir d’Joer 2018/2019 zwee Lëtzebuergeschcourse mam Niveau A1 an der Lydie Schmit Schoul gehalen. Och zwee Lëtzebuergeschcourse mam Niveau A2 a B1 huet säi Papp, den Här Norbert Carl an der Nelly Stein Schoul ginn. Den Doyen vun de Sproochecoursen huet deenen “erwuessene Schülerinnen a Schüler” och nach eemol gratuléiert an hinnen eng wuelverdéngte Vakanz gewënscht. Den Här Jean-Paul Molitor huet zwee Engleschcoursen, ee fir Ufänger an ee Cours Niveau Intermédiaire an der Nelly Stein Schoul assuréiert.

Bravo iech all an « Äddi a Merci Päiperlek a Kéiseker »!

Vom Escher Kamellebuttek zum Schifflinger Vëlosbuttek

Für die alteingesessenen Schifflinger Bürger ist der Name „Entenich Rosch“ noch ein großer Begriff. Welches Kind hat nicht sein Fahrrad bei ihm gekauft bekommen oder hat nicht sein Auto bei ihm vollgetankt? Entenich Roger gehörte einfach zum Stadtbild und prägte maßgeblich die Schifflinger Geschichte. Noch lange nachdem er seinen Betrieb bereits eingestellt hatte, saß er jeden Tag mit seiner Lebensgefährtin Louise auf der hölzernen Bank vor seinem „Geschäft“ und grüßte jeden Passanten höflich. 2014 verließen ihn dann aber seine Kräfte und Entenich Rosch schlief friedlich ein.

Da Roger Entenich keine eigenen Nachkommen hatte vermachte er der Gemeinde sein Haus.

Nachdem der bestbekannte Künstler Raphael Gindt schon die Fassade der alten „Galerie d’Art“ mit dem Konterfei von Ben Gastauer „gesprayt“ hatte (dies zu Ehren der Tour de France, die am 3. Juli 2016 mit Ben Gastauer vom Team AG2R Schifflingen durchquerte) und mit dem Escher „Kamellebuttek“ einen riesigen Erfolg verbuchen konnte, engagierte der Schöffenrat die „Street Art Culture asbl“ um das alte Entenich Haus in neuem Glanz erstrahlen zu lassen.

Über mehrere Wochen hinweg, ließen 22 junge Künstler ihrer Inspiration freien Lauf und verwandelten jedes Zimmer in ein einzigartiges Schmuckstück.

In einer lockeren Art und Weise fand nun am 5. Juli 2019 die Einweihung dieser außergewöhnlichen Ausstellung statt. Viele junge Künstler waren der Einladung gefolgt und konnten sich vom Können ihrer Kollegen überzeugen.

Die Präsidentin vom Syndicat d’Initiative, Simone Wenzel, wie auch Bürgermeister Paul Weimerskirch lobten die gute und unkomplizierte Zusammenarbeit mit den Künstlern und waren hoch erfreut über das Endergebnis.

Wir würden uns freuen, wenn alle Schifflinger Einwohner sich die Zeit nehmen würden um die Ausstellung zu besichtigen, denn ein Besuch lohnt sich definitiv.

Die Ausstellung ist noch an folgenden Tagen zu bestaunen:

Am Wochenende vom 12., 13. und 14. Juli sowie am 19., 20., und 21 Juli

jeweils von 14.00 – 20.00 Uhr

               

                                       

Gefor vum Littering

D’Ëmweltberodung Lëtzebuerg, an Zesummenaarbecht mam Ëmwelt-Ministère a mat der Ëmweltverwaltung, huet dëst Joer eng Campagne lancéiert fir d’Bierger op d’Gefor vum Littering opmierksam ze maachen.

An dem Kader: hei e puer pertinent Sensibilisatiouns Affichen!

Kuckt Iech och weider Aktivitéiten op www.ebl.lu un!

Workshop: Konservéiere vu Planzen am Schëfflenger Kraidergaart

D’Gemeng Schëffleng mat  hirer Ëmweltkommissioun an de SICONA invitéieren Iech häerzlech op hire Workshop

KONSERVEIERE VU PLANZEN AM SCHËFFLENGER KRAIDERGAART

e Samschdeg, de 6. Juli 2019 vu 14.00 bis 18.00 Auer

Mär kënnen hëllefen!

Trotz ganz summerlechen Temperature waren de 26. Juni 2019 déi nei Secouristen op d’Gemeng komm fir hiren offiziellen Diplom entgéint ze huelen.

Wärend de Wanter- a Fréijoersméint waren ënnert der Leedung vum Instrukter, Steve Ehmann, 5 staatlech unerkannten Éischt-Hëllef Courden organiséiert ginn. Dës Course fannen ëmmer méi e groussen Uklang an 90 Leit haten sech fir des Formatioun ageschriwwen.

A senger Usprooch huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch drop higewisen wéi wichteg et ass déi elementaarst Handgrëffer ze kënnen an domat engem anere Mënsch an Nout kënnen d’Liewen ze retten. Am Numm vum Schäffen- a Gemengerot huet hie jidderengem e grousse MERCI ausgesprach.

               

E Merci un d’Liesgrousselteren

E Mëttwoch, de 26. Juni 2019 goufen déi 13 Liesgrousselteren, déi wärend dësem ganze Schouljoer enger Dosen Enseignanten aus allen Cyclen an hire Schoulkanner zu Säit stoungen, am « Club Haus Beim Kiosk » op enger klenger Rezeptioun geéiert. E grousse Merci goung awer och un d’Evelyne Roth aus der Lydie Schmit Schoul an hir ganz Equipe, déi de Projet ausgeschafft a mat der Zäit ausgebaut hunn.

Et ass elo déi 3. Kéier, datt dës Iddi ugebuede gëtt: 1x/Woch hunn d’Lies-Bomien an och ee Lies-Bopi sech fir ronn 1 Stonn 2-3 Kanner aus deene jeweilege Klassen erausgepickt fir mat hinnen zesummen an engem rouegen Eck Bicher ze liesen. Aus dësen Treffe si richteg Frëndschaften entstanen an d’Kanner sinn an hire Kompetenzen an hirer Motivatioun fir ze liese gestäerkt ginn.

Di eeler Leit sinn eng wichteg Ressource fir di Jonk. Si vermëttele Freed um Liesen, hu genuch Zäit a Gedold fir d’Kanner. Awer och fir d’Enseignanten sinn d’Liesgrousselteren eng wertvoll Quell.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch mat e puer Vertrieder aus dem Schäffen- a Gemengerot, de Schoulservice, d’Enseignanten an d’Senioren hunn op deem ganz waarmen Dag gemierkt, wéi schéin dës Zesummenaarbecht ass a si freeë sech, dass dës Geschicht am November nach weider gezielt gëtt.

« Das Wichtigste ist, dass Kinder Bücher lesen, dass ein Kind mit seinem Buch allein sein kann. Dagegen sind Film, Fernsehen und Video eine oberflächliche Erscheinung. »
Zitat vum Astrid Lindgren, paraphraséiert vum Paul Weimerskirch

    

  

Wolleke kënnen och nuets liichten

Den 21. Juni 2019 hu vill Leit net an den Himmel gekuckt, well si op deem 1. Owend um Schëfflenger Fest waren. An dobäi war et absolut derwäert e Bléck no uewen ze werfen…

Well géint 23 Auer huet de Roby Kieffer dës wonnerbar Impressioune fir eis agefaangen. Dofir him e grousse Merci!

 

Nëmmen am Summer kann ee sou rar Biller gesinn a paradoxerweis well dës Wolleken extrem kal sinn.

E schéint Symbol fir de gelongenen Ufank vun eise Festivitéite ronderem den Nationalfeierdag!

Erklärung zu den « leuchtenden Nachtwolken »

Leuchtende Nachtwolken (engl. noctilucent clouds – NLC) sind silbrig-weiße dünne Wolken, die in manchen Sommernächten in Nordrichtung am Horizont gesehen werden können. Im Gegensatz zu anderen Wolkenarten, die maximal eine Höhe von 13 km erreichen, treten die Leuchtenden Nachtwolken in einer Höhe von 83 km auf. Sie können nur gesehen werden, wenn die Sonne zwischen 6° und 16° unter dem Horizont steht. Dann werden die Leuchtenden Nachtwolken noch von der Sonne beschienen, während der Himmel sonst bereits dunkel ist. Für die Entstehung der Leuchtenden Nachtwolken muss die Temperatur der Mesopause sehr niedrig sein. Diese tiefe Temperatur stellt sich zwischen Mitte Mai und Mitte August ein. Vor allem im Juni und Juli sind dann in einigen Nächten Leuchtende Nachtwolken zu beobachten. Bei uns erreichen sie eine Höhe von etwa 20° über dem nordwestlichen bis nordöstlichen Horizont. In Ausnahmefällen können sie auch in unseren Breiten bis in Zenitnähe zu sehen sein.