07.12.2020

De Kleeschen huet eis Schëfflenger Kanner net vergiess!

Och wann de Kleeschen dëst Joer net ka bei eis an d’Gemeng kommen, huet hien trotzdem vum Himmel erof opgepasst, wie sech gutt geschéckt huet a wie vläicht net ëmmer esou brav war.

A sengem gëllene Buch konnt hien näischt Negatives iwwert eis Schëfflenger Kanner fannen an dofir huet hie sech op de Wee gemaach fir si z‘iwwerraschen an hinnen als Belounung eng gutt gefëllten Tiitchen, eng Lunchbox an eng Drénkfläsch matzebréngen. Well hien awer aus de bekannte Grënn net jidderengem perséinlech MOIE soe kann, huet hien eis e Videomessage fir d’Kanner aus den Zyklen 1.1 -2.2. hannerlooss. Dëse kréie si an der Schoul gewisen.

Hei fannt Dir dem Kleesche säi Message un d’Kanner! (Klick)