09.12.2020

Ganz aktuell: Modulbau op Hudelen

Breaking News: Am Projet « Bildungslandschaft Schëffleng » deet sech eppes!

Hei e puer Impressioune vum Montage:

DAG 1 +2

De Modulbau op Hudelen gouf geliwwert, gouf zwëschen dem 9. an 11. Dezember 2020 opgeriicht.

Dëst ass eng Iwwergangsléisung, déi am Laf vum nächste Joer an enger éischter Phase Plaz an der Maison Relais fir 90 Kanner soll schafen.

De Modulbau gëtt gebraucht bis datt d’Bildungshaus op Hudelen (geplangt fir September 2024) fäerdeg ass.