18.12.2020

Presentatioun vum Modulbau op Hudelen

Am Kader vum Projet “Bildungslandschaft Schëffleng” huet de Schäfferot haut déi nei Modulbau-Struktur op Hudelen der Press an och de Membere vum Gemengerot virgestallt.

Dëse Modulbau, deen tëschent dem 9. an dem 11. Dezember 2020 opgeriicht gouf, wäert als Iwwergangsléisung genotzt ginn, fir 90 Kanner aus der Maison Relais an enger 1. Phase Plaz soll schafen, bis datt d’Bildungshaus op Hudelen (geplangt fir September 2024) fäerdeg ass.

No e puer Wierder vum Här Buergermeeschter zum ambitiéisen Dossier, huet MC Luxembourg op en Tour bannen an de Moduler invitéiert.

Dës Virstellung gëlt als Startschoss vun enger ganzer Rei Verännerungen, déi an deenen nächste Méint a Joren am Beräich Enseignement wäerten ustoen. Mir halen Iech au courant wéi et weidergeet…

Hei de Pressedossier fir méi Detailer!