Posts Categorized: Actualités

Trommele fir de Fridden!

FR

Malheureusement, en 2024, il y a encore trop de guerre, de violence et de terreur dans le monde. COLUPA (Coalition luxembourgeoise pour la paix / Province de Luxembourg / Wallonie) a appelé les écoles, les enfants et les jeunes à battre le tambour pour la paix le 21 mars 2024. Chaque école était invitée à mettre en place sa propre idée. L’important étant de respecter un moment précis de la journée. C’est dans cet esprit que tous les enfants de l’école Albert Wingert se sont réunis le 21 mars 2024 à 11.00 heures dans la cour de l’école et ont applaudi ensemble pour la paix.

Les thèmes de la guerre et de la terreur sont également régulièrement abordés dans la poésie. Il est donc également important de mentionner que cette initiative s’inscrit dans le cadre de la Journée mondiale de la poésie. En outre, l’initiative est soutenue par l’UNESCO et l’UNICEF et mise en œuvre dans plus de 60 pays.

LU

Och am Joer 2024 herrscht an eiser Welt leider ëmmer nach ze vill Krich, Gewalt an Terror. COLUPA (Coalition luxembourgeoise pour la paix / Province de Luxembourg / Wallonie) huet am Zeeche vum Fridden den 21. Mäerz 2024 Schoulen, Kanner a Jugendlecher dozou opgeruff zesumme fir de Fridden ze trommelen. All Schoul ka sech eng eegen Initiativ iwwerleeën, wéi se hir Iddi gestalten an ëmsetze wëllen, et ass just wichteg, dass sech hei un eng gewëssen Auerzäit gehale gëtt. An dësem Sënn hunn all d’Kanner vun der Albert Wingert Schoul sech um 11.00 Auer am Schoulhaff vun hirer Schoul getraff an all zesumme fir de Fridde geklappt.

Och d’Poesie setzt sech ëmmer erëm mat den Theme vum Krich an Terror auserneen. Dofir ass et och wichteg ze erwänen, dass des Initiativ am Kader vum Weltdag vun der Poesie leeft. Ausserdeem gëtt dës Initiativ vun der UNESCO an der UNICEF ënnerstëtzt an an iwwer 60 Länner duerchgefouert.

Drogepreventioun an der Schoul

FR

La prévention dans le domaine des drogues ne peut jamais commencer trop tôt, c’est pourquoi la police a de nouveau organisé un cours de prévention de drogues dans les écoles primaires à Schifflange le 15 mars 2024.

Dans le cadre de cette campagne de sensibilisation, un cours s’adressant surtout au cycle 4.2 a été proposé à 7 classes (110 enfants) en total. Il traite des sanctions légales ainsi que les effets négatifs psychiques et physiques de la vente, de la possession et de la consommation illégale de stupéfiants. Une distinction est faite entre les drogues courantes comme le tabac ou l’alcool et les drogues illégales comme le cannabis. Outre le cadre juridique, les causes possibles, les conséquences et les possibilités d’en sortir sont abordées.

La police luxembourgeoise attache également de l’importance à ce que les enfants puissent aborder le sujet de manière visuelle par le biais du coffret de prévention, permettant d’observer en détail les différents stupéfiants. Cela contribue également à la prévention des toxicomanies et à la sensibilisation au thème de l’abus de drogues.

 

LU

D’Preventioun fir d’Jugend am Beräich vun den Droge kann net fréi genuch ufänken, dofir huet d’Police de 15. Mäerz 2024 erëm e spezielle Cours an de Primärschoulen zu Schëffleng gehalen.

Am Kader vun der Sensibiliséierungscampagne gouf e Cours ugebueden, dee sech virun allem un de Cycle 4.2 vun de Primärschoule riicht. Am Ganze konnte 7 Klassen, d.h. 110 Kanner, dovunner profitéieren. Et gëtt hei iwwer déi gesetzlech Strofe wéi och déi negativ psychesch a physesch Auswierkungen, déi de Verkaf, Besëtz an illegale Gebrauch vu Betäubungsmëttelen opgekläert. Et gëtt sech hei mat de gewéinlechen Droge wéi Tubak oder Alkohol awer och mat deenen illegale wéi ë.a. Cannabis ausernee gesat. Nieft dem rechtleche Kader gëtt sech awer och iwwer déi méiglech Ursaachen, d’Follgen an awer och Ausstiegsméiglechkeete vun der Drogenofhängegkeet beschäftegt.

D’Police Lëtzebuerg leet de Fokus och drop, dass d’Kanner sech visuell kënne mam Thema ausernee setzen an informéiere kënnen. Dofir war och erëm de Preventiounskoffer dobäi, bei dem ee sech déi ënnerschiddlech Betäubungsmëttelen am Detail ukucke kann. Och dëst dréit zur Suchtpreventioun an zur Sensibiliséierung vum Thema Drogemëssbrauch bäi.



Réckbléck: Grouss Fréijoersbotz 2024

FR

Le 16 mars 2024, la grande action de nettoyage a eu lieu à Schifflange !

En collaboration avec la Commission de l’environnement, la Commune de Schifflange avait lancé un appel qui a été suivi par de nombreuses bénévoles. Au total, 150 personnes se sont équipées – sous la pluie et le vent – sur le parking du Polyvalent de pioches, gants, gilets et sacs-poubelles avant de parcourir en petits groupes le village pour ramasser les déchets.

Les participants, dont de nombreux enfants, les jeunes pompiers, la Maison des Jeunes, mais aussi des membres du conseil communal et de diverses commissions, étaient au départ et ont nettoyé au mieux les trottoirs, la forêt et les pistes cyclables.

Au final, tous les déchets ramassés ont été collectés dans l’atelier communal, où l’on pouvait également se réchauffer avec une bonne soupe chaude.

Un grand merci à chaque petite et grande aide.

 

LU

De 16. Mäerz 2024 gouf zu Schëffleng nees drop lass gebotzt!

Zesumme mat der Ëmweltkommissioun huet d’Gemeng Schëffleng en Opruff gemaach, deem nawell vill Leit nokomm waren. Ganzer 150 Leit hu sech – bei Reen a Wand – um Parking vum Hall Polyvalent mat Picken, Händschen, Gileten an Tuten ekippéiert a sinn dunn a klenge Gruppen duerch d’Duerf Knascht oprafe gaangen.

D’Participanten, dorënner och vill Kanner, d’Jugendpompjeeën, d’Jugendhaus awer och Memberen aus dem Gemengerot an aus verschiddene Kommissiounen, waren um Start an hunn d’Trottoiren, d’Bësch- an d’Vëlosweeër sou gutt wéi méiglech propper gemaach.

Zum Schluss gouf de ganzen Offall am Gemengenatelier gesammelt, wou ee sech och mat enger gudder waarmer Zopp konnt opwiermen an ënnerhalen.

E grousse Merci un all kleng a grouss Hand fir d’Hëllef.

Hei nach den AMCIS-Reportage.

#mirsischëffleng

#schëfflengbotzt

Réckbléck: Schëfflenger Poetry Slam

FR

En l’honneur de la Journée internationale des femmes, les responsables politique avaient tenté un nouveau concept.

En plus d’une manifestation plutôt classique le 8 mars, une représentation un peu plus exceptionnelle a eu lieu le 16 mars : un Poetry Slam par excellence ! Cela a été organisé en collaboration avec le Géisskan Kollektiv et le Schëfflenger Konschthaus. Tout à fait dans l’esprit du thème, le cadre classique de la galerie a également été un peu modifié pour cette soirée créative. Il en résultait une atmosphère conviviale qui invitait à s’asseoir et à écouter les exploits créatifs des slameurs.

Les 6 slameurs talentueux se sont tous penchés de près sur le thème de l’égalité dans leur style personnel. Parmi les 6 candidats, la moitié a été sélectionnée par le public pour la finale. Deux dames ont réussi à s’imposer en fin de compte : Franziska Peschel et Vongai Monica Mujakachi étaient les gagnantes de la soirée. Bien que leurs interprétations étaient totalement différentes, elles ont chacune su convaincre le public par leurs performances. La soirée s’est terminée par un moment de plaisir culinaire. Dans la cour “Schëfflenger Haff”, les visiteurs ont eu l’occasion de déguster un repas SPEKTAKULAR de Babas Fudtrak. Le repas ainsi que les boissons ont été offerts par la commune.

Un grand merci à tous ceux qui ont contribué d’une manière ou d’une autre à faire de cette soirée quelque chose de spécial.

 

LU

Am Kader vum internationale Fraendag haten d’Gemengeresponsabel dëst Joer eng ganz besonnesch Iddi.

Nieft engem méi konventionellen Event den 8. Mäerz gouf et dunn de 16. Mäerz eng méi aussergewéinlech Virstellung: e Poetry Slam vom Feinsten! Dëse gouf an Zesummenaarbecht mam Géisskan Kollektiv an dem Schëfflenger Konschthaus organiséiert. Passend zum Thema gouf dann och de méi klassesche Kader vun der Galerie fir dëse literareschen Owend e bësse verännert. Sou ass eng cozy Atmosphär kreéiert ginn, bei där een invitéiert gouf sech gemittlech Plaz ze huelen an de kreativen Exploit vun de Slamer*inne konzentréiert no ze lauschteren.

Déi 6 talentéiert Slammer*innen hunn sech all intensiv mam Thema vun der Gläichberechtegung auserneegesat an dëst an hirem perséinlechen an aussergewéinleche Stil erëm ginn. No enger 1. Ronn sinn 3 Slammer*innen an d’Finall gewielt ginn. Hei konnte sech zum Schluss d’Franziska Peschel an d’Vongai Monica Mujakachi zesummen duerchsetzen. Obwuel béid Interpretatiounen zum Thema komplett ënnerschiddlech waren, konnte si mat hire staarken Optrëtter d’Spectateure gläichermoossen iwwerzeegen. No spannenden an deels emotionale Slams vun den Artisten, konnt een den Owend nach mat enger kulinarescher Freed ofronnen. Sou hat ee virum Konschtaus am Schëfflenger Haff nach d’Chance SPEKTAKULAART Iesse vum Babas Fudtrak ze genéissen. D’Iessen an d’Gedrénks gouf de Visiteure vun der Gemeng offréiert.

E grousse Merci u jiddereen, deen u dësem aussergewéinlechen Owend bedeelegt war – egal ënnert wéi enger Form.

SIVEC – heures d’ouverture

FR

Le centre de recyclage du SIVEC souhaite vous informer d’un changement d’heures d’ouverture à partir du 01 avril 2024.
Veuillez prendre note des nouveaux horaires ci-dessous :

 

Lundi – Fermé
Mardi – 10.00 à 17.50 heures
Mercredi à Samedi – 08.00 à 15.50 heures
Dimanche – Fermé

 

LU

De Recyclingzenter SIVEC informéiert Iech iwwer eng Ännerung vun den Ëffnungszäiten ab dem 1. Abrëll 2024.
Notéiert Iech w.e.g. déi folgend nei Zäiten:

Méindes  – zou
Dënschdes – 10.00 bis 17.50 Auer
Mëttwochs bis Samschdes – 08.00 bis 15.50 Auer
Sonndes – zou

Journée internationale des femmes

FR

Ce 8 mars, la commune a participé à la célébration de la Journée internationale des femmes, une occasion pour défendre les droits des femmes, notamment dans le monde politique et professionnel, et de dénoncer les violences sexuelles, ainsi que de reconnaître et de célébrer les réalisations des femmes du passé, du présent et de l’avenir. Cette année, la commune a eu le plaisir de collaborer avec la galerie locale, le Schëfflenger Konschthaus pour un événement exceptionnel : un vernissage de l’artiste Berthe Lutgen, captivant mettant en lumière le pouvoir et la résilience des femmes à travers l’art.

L’exposition est une véritable célébration de la diversité des expériences féminines, avec des œuvres d’art inspirantes explorant une multitude de thèmes. C’était un moment de réflexion, de connexion et d’inspiration.

Mais la célébration ne s’est pas arrêtée là. En tant que commune engagée dans la promotion de l’égalité des sexes, Schifflange participe  également au projet “Who is she” et “rues au féminins”, une initiative du Conseil national des femmes du Luxembourg (CNFL) qui a transformé nos rues en un hommage vivant aux femmes remarquables de l’histoire et du présent. Tout au long du mois de mars, nos rues ont été ornées de nouvelles plaques de rue, chacune portant le nom d’une femme qui a marqué son époque par sa bravoure, son intellect, ou son leadership.

Merci à tous ceux qui ont contribué à faire de cette célébration un succès retentissant. Ensemble, nous sommes plus forts et plus résolus que jamais à faire progresser la cause des femmes et à construire un monde plus juste et plus équitable pour tous.

 

LU

Dësen 8. Mäerz war den internationale Weltfraendag, en Dag, un deem Frae géint Diskriminéierung a Gewalt a fir méi Respekt a Rechter kämpfen, besonnesch an der Politik an am Beruffsliewen sinn d’Ongläichheet nach oft präsent.

Dëst Joer hat d’Gemeng Schëffleng d’Freed zesumme mat dem Schëfflenger Konschthaus op en aussergewéinlecht Event z’invitéieren. D’Expositioun vun der Kënschtlerin Berthe Lutgen, déi d’Kraaft an d’Widderstandsfäegkeet vun de Fraen duerch Konscht beliicht. D’Ausstellung weisst mat inspiréierende Wierker déi verschidden Erfarungen an Erliewnisser vun de Fraen,  Et war e Moment vu Reflexioun, Inspiratioun an Zesummenhalt.

Als Gemeng, déi sech fir d’Gläichstellung vu Geschlechter asetzt, huet Schëffleng och dëst Joer nees un de Projeten “Who is she” a “Rues au féminins” deelgeholl, eng Initiativ vum Conseil national des femmes du Luxembourg (CNFL) déi eis Stroossen an e liewegen Hommage u bemierkenswäerte Frae vun haut an aus der Geschicht verwandelt. De ganze Mount Mäerz iwwer kënnt Dir nei Stroosseschëlder entdecken, mat Nimm vu Fra, déi hir Zäit duerch Tapferkeet, Intellekt oder Leedung definéiert huet.

Merci u jiddereen dee gehollef huet dës Feier zu engem grousse Succès ze maachen. Zesumme maache mir eis staark fir eng gerecht a fair Welt.

Save the date: Poetry Slam – 16.03.2024 / 17h30 – Schëfflenger Konschthaus

Newsmag – mars 2024

FR

Bienvenue à la première édition de Newsmag de l’année, disponible dans nos publications.

Profitez du soleil. Prenez une pause, savourez une tasse de café et découvrez ce que cette édition vous réserve.

Bonne lecture !

 

LU

Dir fannt déi éischt Newsmag-Editioun vum Joer an de Publikatiounen.

Esoulues weisst d’Sonn sech. Maacht eng Paus, drénkt eng Taas Kaffi a kuckt Iech un, wat dës Editioun ze bidden huet.

Vill Spaass beim Liesen!

Communes accessibles – Comprendre le concept “Design pour Tous”

FR

L’accessibilité des lieux ouverts au public est devenue un critère incontournable pour l’appréciation de la qualité de vie dans nos communes.

C’est justement dans cette optique que la Commune de Schifflange s’est jointe à l’organisation du workshop « Communes accessibles – Comprendre le concept Design for all » qui aura lieu au

Hall Polyvalent (1A, Chemin de Bergem) à Schifflange
en date du mardi 26 mars 2024
à partir de 14h00.

Ce workshop, en présence des ministres Léon Gloden (Ministre des affaires intérieurs) et Max Hahn (Ministre de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil), fait partie de toute une série d’évènements, d’actions de networking et de conférences qui, dans le cadre de l’initiative européenne « AccessibleEU », ont lieu dans tous les Etats-Membres de l’Union Européenne.

Langue : luxembourgeois,
sous-titrage et interprétation en langue des signes en allemand, traduction simultanée vers l’allemand, le français et l’anglais

Formulaire d’inscription

Plus d’informations sur: accessible-eu-centre.ec.europa.eu (en anglais)

 

LU

D’Accessibilitéit vun ëffentleche Plazen, ass e wesentleche Critère gi fir d’Liewensqualitéit an eise Gemengen. Dofir huet d’Gemeng Schëffleng sech un der Organisatioun vum Workshop “Communes accessibles – Comprendre le concept Design for all” bedeelegt an invitéiert den

Dënschdeg, de 26. Mäerz 2024
ab 14.00 Auer
an den Hall Polyvalent (1a, Chemin de Bergem)  zu Schëffleng
.

Dëse Workshop, a Präsenz vun de Ministeren Léon Gloden (Inneminister) a Max Hanh (Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil), ass Deel vun enger Serie vun Eventer, Aktiounen a Konferenzen, déi an alle Memberstaate vun der Europäescher Unioun am Kader vun der europäescher Initiativ “AccessibleEU” stattfannen.

Sprooch: Lëtzebuergesch,
Ënnertitel an Zeechesproochinterpretatioun op Däitsch, simultan Iwwersetzung op Däitsch, Franséisch an Englesch

Aschreiwungformular

Méi Informatiounen op: accessible-eu-centre.ec.europa.eu (op Englesch)



Postes vacants

L’Administration communale de Schifflange se propose d’engager, à plein temps et à durée indéterminée:

Des instructeurs de natation (m/f) pour son service piscines.

  • Niveau d’études : diplôme d’artisan DAP/CATP;
  • Statut : fonctionnaire communal, employé communal;
  • Groupe de traitement D1, sous-groupe à attributions particulières / Groupe d’indemnité C1, sous-groupe technique.

Pour les descriptions détaillées du poste, les missions et le profil recherché, tout comme pour les informations nécessaires à la constitution et au chargement de votre dossier de candidature, veuillez consulter la rubrique:  commune – Postes vacants.

Les CV accompagnés de toutes les pièces requises sont obligatoirement à charger en ligne via le logiciel en place, ceci jusqu’au 24 mars 2024 inclus.

 

Le Collège des Bourgmestre et Echevins

Paul WEIMERSKIRCH, Bourgmestre

Carlo FEIEREISEN,

Marc SPAUTZ,

Rizo AGOVIC, Echevins.

20 ans au service de la commune de Schifflange

FR
Le 29 février 2024, le collège échevinal a convié le personnel méritant, qui compte deux décennies de service au sein de la commune, à la traditionnelle cérémonie de remise des montres de mérite. Au cours de cet événement, le bourgmestre Paul Weimerskirch, accompagné des échevins et de plusieurs membres du conseil communal, a rendu hommage aux jubilaires.

LU
Den 29. Februar 2024 hat de Schäfferot d’Éier op déi traditionell Auereverdeelung z’invitéieren. Wärend enger klenger Feier konnten net manner wéi 8 Leit vum Gemengepersonal, déi all zanter 20 Joer am Déngscht vun der Gemeng schaffen, ausgezeechent ginn.