Posts Categorized: Actualités

IDAHOBIT DAY 2022

LU
Gëschter war den “International Day Against Homophobia, Biphobia and Transphobia”, kuerz IDAHOBIT-Dag. D’Jugendhaus zesumme mat der Gemeng Schëffleng hu sech solidaresch mat der LGBTQ+ Kommunautéit gewisen. Ganz nom Motto vun dësem Joer: « Our Bodies, Our Lives, Our Rights », konnten d’Visiteure sech op verschiddene Stänn informéieren, un engem Quiz an engem interaktive Konschtprojet deelhuelen oder bei engem Kleedertausch a Flashmob mat maachen.
D’Gemeng Schëffleng opposéiert sech géint all Form vun Diskriminatioun vun sexueller Identitéit.

FR
Hier, à l’occasion de la journée internationale contre l’homo-, la bi- et la transphobie (IDAHOBIT), la Maison des jeunes, ensemble avec la Commune de Schifflange se sont montrés solidaires face aux communautés LGBTIQ+. En accord avec le thème de cette année « Our Bodies, Our Lives, Our Rights », les visiteurs ont eux l’occasion de s’informer sur les différents stands, de participer à un quiz, ainsi qu’à un projet artistique et un échange de vêtements. L’événement s’est terminé par un flashmob.
La Commune de Schifflange s’oppose à toute forme de discrimination contre l’identité sexuelle.

 

Sensibilisierungskampagne « Mam Vëlo op d’Schaff oder an d’Schoul“

Vom 15. Mai bis zum 31. Juli 2022 findet die 14. Auflage der nationalen Aktion “Mam Vëlo op d’Schaff oder an d’Schoul” statt

 

MVOS (Mam Vëlo op d’Schaff) ist ein vom Ministerium für Mobilität und öffentliche Arbeiten organisierter Wettbewerb zur Förderung des Fahrrads als Transportmittel.

Die Sensibilisierungskampagne stellt die Teilnahme und nicht die Leistung an erster Stelle, getreu nach dem Motto: mehr Fahrrad, mehr multimodale Mobilität, weniger Individualverkehr. Um längere Strecken zu bewältigen, können Sie während der Aktion also verschiedene Verkehrsmittel kombinieren, und so nur einen Teil der Strecke mit dem Fahrrad zurücklegen.

 

Weitere Informationen sowie die Teilnahmebedingungen findet sie auf mvos.lu

 

Schëffleng goes Culture

Den 12. Mee 2022 huet d’Gemeng Schëffleng agelueden op d’Virstellung vun enger Hellewull kulturelle Projeten déi zum Deel och zum Programm vun Esch2022 gehéieren. De Buergermeeschter Paul Weimerskirch an de Schëfflenger Koordinator fir Esch2022 hunn hei déi zwee Projete vun der Gemeng Schëffleng, wéi och aacht aner Projeten, déi d’Gemeng materiell oder finanziell ënnerstëtzt, virgestallt.

An dësem Kontext ass och a Presenz vum Museker David Ianni an dem Kënschtler Raphael Gindt de Schëfflenger Piano ageweit ginn. Hei fannt Dir de Videoclip zum Lidd, dat de Pianist extra fir Schëffleng geschriwwen huet. Méi zu der Kompositioun an dem neien Urban Piano gitt Dir hei am Making-Of-Video gewuer.

Sidd also gespaant op déi nei Broschür, déi jiddweree virun Enn Mee wäert a senger Boîte hunn. Natierlech wäert déi digital Kommunikatioun net ze kuerz kommen an dofir wäerte mer via eis nei Rubrik Esch2022 an natierlech op INSTAGRAM a Facebook eis Follower informéieren.

 

Méi Fotoe fann Dir an eiser Galerie.

 

IDAHOBIT Day

Am Kader vum internationalen Dag géint Homo- , Bi-, Inter- & Transphobie organiséiert d’Jugendhaus mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Schëffleng en Event mat Infostänn, engem Quiz, engem interaktive Konschtprojet, Kleedertausch, engem Flashmob an Erfarungsberichter.

Kommt de 17. Mee vu 16.00 bis 19.00 Auer op d’Gemengeplaz.

Flyer

Publication « Bienvenue à Schifflange »

LU

Eise Guide « Bienvenue à Schifflange » gouf nei gemaach an ass elo hei fir Iech online ze fannen.

E soll eng Hëllef fir all neie Bierger (an doriwwer eraus natierlech) sinn fir d’Gemeng Schëffleng an all hir Servicer besser kennenzeléieren.

Vill Freed beim Liesen!

 

FR

La Commune de Schifflange vient de publier son nouveau guide « Bienvenue à Schifflange » qui est maintenant consultable ici en ligne.

Il s’adresse à tous les nouveaux citoyens (et à d’autres personnes bien évidemment) et permet une meilleure orientation et compréhension des services de la commune.

Bonne lecture !

Poste vacant

U

Gëff Deel vun eiser Equipe! D’Gemeng Schëffleng sicht en Ingénieur Industriel (m/f) fir de Service des travaux neufs et de l’infrastructure. All d’Informatiounen an d’Méiglechkeet, Är Demande direkt online anzeschécke, fannt Dir hei. Dir kënnt Iech nach bis den 31. Mee mellen.

FR

Vous souhaitez mettre vos compétences au service de la Commune de Schifflange ? L’Administration Communale de Schifflange se propose d’engager, à plein temps et à durée indéterminée Un ingénieur industriel (m/f) pour son Service des travaux neufs et de l’infrastructure. Vous trouverez ici de plus amples informations, ainsi que la possibilité d’envoyer votre candidature en ligne jusqu’au 31 mai.

Europakuch fir Europadag

« 9. Mee, Moart op der Fräiheetsplaz – 9. Mee, Europadag.
Europa steet fir Fridden, Wuelstand, Gerechtegkeet an Nohaltegkeet. »    – sot de Buergermeeschter Paul Weimerskirch

Fir dëst ze zelebréieren ass et entre autre vun der Gemeng ee Stéck Europakuch gi fir d’Gäscht um Schëfflenger Moart.

 

Bamplanzaktioun fir déi Neigebueren vun 2019, 2020 et 2021

Dëse Weekend goufen an der Gemeng Schëffleng nees fläisseg Beem geplanzt.
Déi traditionell Bamplanzaktioun fir déi Neigebueren konnt déi lescht Joer COVID-bedéngt leider net stattfannen dowéinst huet d’Gemeng Schëffleng dëst Joer, symbolësch fir d’Joergäng 2019, 2020 an 2021 jeeweils een Ahornbam geplanzt. D’Aktioun huet bei schéinstem Wieder op der Spillplaz um Schëfflengerbierg stattfonnt an de Gemengerot ass gudd an d’Schweessen geroden wéi si mat vollem Asaz d’Schëpp geschwongen hunn. Als klengen Kado fir selwer doheem ze planzen kruten déi Neigebuere vum Service de l’Urbanisme et du Développement durable en Uebststrauch, esou wéi e Vullenhaischen geschenkt. Hei kënnen d’Kanner spéiderhin hiert eegent Uebst plécke goen.

 

Weider Andréck fannt Dir an eiser Galerie.

Zesumme fir eist Waasser

LU

D’Gemeng Schëffleng ënnerstëtzt d’Campagne “Zesumme fir eist Waasser” vum Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable.
D’Waasser ass eng essentiell Ressource fir de Mënsch an d’Natur. Mee eis Wasserresourcen sinn och zu Lëtzebuerg limitéiert. Dofir ass et un eis dës intelligent ze notzen. Hei ënnendrënner fannt Dir fënnef Video’n déi Iech de Wäert an de gudden Ëmgang mam Waasser  méi no bréngen.

FR

La Commune de Schifflange soutient la campagne « Zesumme fir eist Waasser », du Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable.
L’eau est une ressource essentielle pour le bien-être de l’homme et de la nature. Mais nos ressources en eau sont également limitées au Luxembourg. C’est pourquoi nous devons l’utiliser avec sagesse.
Nous vous proposons cinq vidéos qui montrent les valeurs et le bon usage de l’eau.

De Wäert vun eisem Waasser

Restauréierung vun eise Flëss

Waasserressourcen doheem schützen – dobannen

Eis Waasserressourcen doheem schützen – dobaussen

Eise Waasserverbrauch reduzéieren

 

 

Pakt vum Zesummeliewen

LU
Är Gemeng huet den neie „Pakt vum Zesummeliewen“ ënner-schriwwen, sie engagéiert sech fir de Schwéierpunkt op d’Kommunikatioun, den Zougang zur Informatioun fir jiddereen an d’Participatioun vu jidderengem um lokalen Niveau ze leeën. Am Kader vun dësem neien Engagement ziele Mir op jidfereen: jonk an eeler Persounen, nei Residenten a Leit, déi scho méi laang hei wunnen, Net-Lëtzebuerger a Lëtzebuerger. Mir kënnen all Deel si vun enger aktiver an diversifizéierter Gesellschaft, déi zesumme lieft, zesumme schafft an zesumme wiisst. Dofir ass vun Ufank un och Är Meenung gefrot! Si ass wichteg bei der Gestaltung an der Ëmsetzung vum Pakt vum Zesummeliewen. Och all weider Etapp vum Prozess gëtt duerch Iech a mat Iech mat Liewe gefëllt. Kuckt Iech um Flyer, deen Dir an Ärer Boîte hat, un wéi Dir Iech aktiv mat abrénge kënnt.

FR
Votre commune a signé le nouveau « Pakt vum Zesummeliewen », elle s’engage à mettre l’accent sur la communication, l’accès à l’information pour tous et la participation au niveau local.
Dans le cadre de ce nouvel engagement, la commune compte aussi sur nous tous : jeunes et personnes âgées, nouveaux arrivants et résidents établis, non-Luxembourgeois et Luxembourgeois. Nous pouvons tous faire partie d’une société active et diversifiée, qui vit, agit et grandit ensemble. C’est pourquoi votre avis est nécessaire dès le début ! Il est important pour la conception et la mise en oeuvre du Pakt vum Zesummeliewen. Toutes les autres étapes du processus seront également remplies de vie par vous et avec vous. Le dépliant, qui vous est parvenu par courrier, montre comment vous pouvez vous impliquer activement.

Pakt vum Zesummeliewen – Dépliant