10.03.2023

Kick-Off « Zukunftsdiplom » 2023

D’Schëfflenger Jugendhaus a Kollaboratioun mat der Schëfflenger Gemeng freeë sech Iech op de Kick-Off vum Zukunftsdiplom z’invitéieren.

Den Zukunftsdiplom ass e Bildungsprojet vum Schëfflenger Jugendhaus. Eng Zertifizéierung vu Kompetenzen, déi di Jonk a sozialen, kulturellen oder kreative Projete léieren a weiderentwéckelen.

De Kick-Off ass den offizielle Start vum Zukunftsdiplom fir d’Joer 2023 a fënnt de 24. Mäerz 2023 um 18h00 op der Gemengeplaz vu Schëffleng statt.

Méi Infoe fannt Dir hei.