09.03.2023

Internationale Fraendag zu Schëffleng

Am Kader vum internationale Fraendag ass d’Gemeng Schëffleng op en neits dem Opruff vum Conseil national des femmes du Luxembourg (CNFL) nogaangen, deen d’Gemenge freet, fir Plazen, Strukturen a Stroossen no Fraen ze benennen. Mat der nationaler Campagne “Rues au féminin” sollen op dës Manéier Fraen an hirem Engagement siichtbar gemaach ginn.

An Zesummenhang mat den zwee Projeten “Affichons l’égalité” an “Who is she?”, alle béid Deel vun der Campagne, huet de Schäfferot den 8. Mäerz, um internationale Fraendag, op d’Inauguratioun vun deenen zwee Projeten op d’Gemengeplaz invitéiert. An der Presenz vun de Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot, de Schëfflenger Kommissiounen an de Familljemembere vun de geéierte Schëfflenger Damme gouf eent vun de provisoresche Schëlter symbolesch devoiléiert. Ewéi scho bei der Editioun 2021 wäerten och dëst Joer eng Rei Schëfflenger Stroosse bis Enn Mäerz symbolesch ëmbenannt ginn:

Offizielle Stroossenumm Provisoresche Stroossenumm
Avenue de Libération Avenue Marie-Thérèse Zerbato-Koenner Institutrice à l’école préscolaire de Schifflange de 1954-1984
Chemin de Bergem Chemin Lily Unden  Résistante lors de la Seconde Guerre mondiale, artiste peintre et écrivaine luxembourgeoise (1908-1989)
Cité Emile Mayrisch Cité Aline Mayrisch-de St. Hubert Féministe engagée, fondatrice de la première organisation de femmes au Luxembourg (1874-1947)
Cité Op Soltgen Cité Anne Beffort Enseignante, écrivaine et co-fondatrice du Lycée des Jeunes Filles (1880-1966)
Quartier Wendel Quartier Lou Koster Musicienne et compositrice luxembourgeoise (1889-1973)
Rue Albert Wingert Rue Astrid Lindgren Écrivaine suédoise, auteure d’ouvrages pour enfants (1907-2002)
Rue du Parc Rue Lory Koster Musicienne et nageuse, 6e aux 200 m brasse aux Jeux olympiques en 1924 (1902-1999)
Place de la Liberté Place Mahsa Amini  Étudiante iranienne, tuée pour avoir mal porté son voile (1999-2022)

 

Am Kader vum Projet « Who is she ? » wäerten déi Plazen, Gebaier a Stroossen, déi hei zu Schëffleng offiziell no Frae benannt sinn, dauerhaft eng Plack mat engem QR-Code kréien. Wann Dir dee scannt, kritt Dir eng Biografie vun der jeeweileger Damm ugewisen, déi um Site www.rues-au-feminin.lu op dräi Sproochen nozeliese sinn:

Place Grande-Duchesse Charlotte Grande-Duchesse

Symbole de la cohésion nationale

Parc Léonie Koullen Sage-femme, propriétaire de la maternité privée Koullen à Schifflange
Rue Florence Nightingale Infirmière pionnière

Fondatrice du Collège médical des femmes en 1869, ensemble avec Elizabeth Blackwell

Ecole Lydie Schmit Femme politique luxembourgeoise

Présidente du parti ouvrier luxembourgeois, présidente de la « Sozialistische Fraueninternationale », militante pour les droits des femmes

Ecole Nelly Stein Femme politique luxembourgeoise, professeure

Bourgmestre de Schifflange, membre de la Chambre des Député·es

No der Ënthüllung vum Schëld op der Gemengeplaz gouf op en Empfang an d’Galerie “Schëfflenger Konschthaus” invitéiert. Hei sinn den Här Buergermeeschter Paul Weimerskirch an d’Madamm Monique Stein, Responsabel vum Service « Politique communale d’égalité entre Femmes et Hommes » vum CNFL, op d’Wichtegkeet vum internationale Fraendag agaangen an hunn d’Campagne mat den zwee Projete virgestallt. De President vun der Chancëgläichheetskommissioun Carlo Lecuit an d’Conseillère Idette Cattivelli hunn an hire Riede weider Aspekter vun der Fra an der fréierer an haiteger Gesellschaft beliicht. An engem Zesummeschnëtt vun dräi Videoen huet d’Gemeng am Kader vum Fraendag an en vue vun de Gemengewalen déi dräi aktuell Conseillèren zu hirer Aarbecht am Gemengerot befrot. D’Kënschtlerin Iva Mrazkova, déi déi aktuell Ausstellung « Études sur le Temps Présent » ebenfalls an de Kader vum Fraendag gesat huet, huet den Invitéeë sur place an Abléck an hir Wierker ginn. Speziell fir d’Inauguratioun hat si zwee Portraite vun Fraen, der Madamm Marie-Thérèse Zerbato-Koenner (fréier Léierin zu Schëffleng) an der kierzlech verstuerwener Lëtzebuerger Lyrikerin Anise Koltz. D’Ausstellung kënnt Dir nach bis den 1. Abrëll besichtegen.

Am Virfeld, de 25. Februar, hat d’Schëfflenger Gemeng, och am Kader vun dësem wichtegen Dag, op en Jazz-Concert vum “Veda Bartringer Quartet” an d’Salle Grand-Duc Jean an der Gemeng invitéiert.

Den Detail zu de Projete am Kader vun der Campagne « Rues au féminin » fannt Dir am Pressedossier vum CNFL.

Weider Aktiounen am Kader vum Weltfraendag op nationalem Plang fannt Dir hei.

Hei e puer Impressioune vum Owend a weider Fotoe fannt Dir an eiser Galerie.