Posts Categorized: Actualités

Nationale Referendum

Matdeelung

vun der Gemeng Schëffleng am Kader vun den Artikelen 8 an 9 vum ofgeännerten Gesetz vum 4. Februar 2005 iwwert den nationale Referendum

 

De Schäfferot

Vu d’Demande vum Comité d’initiative vum 26 Juli 2022, déi de Premier- a Staatsminister de 27 Juli 2022 kritt huet, fir e Referendum iwwert d’Propositioun vun der Revisioun vun de Kapitel IV a Vbis vun der Verfassung ze organiséieren;

Vu d’Décisioun vum Premier- a Staatsminister vum 29 Juli 2022 iwwert d’Recevabilitéit vun där Demande;

Vu d’Kommunikatioun vum Premier- a Staatsminister am Journal officiel du Grand-Duché de Luxembourg, Memorial A vum 5. August 2022, an Ausféierung vum Artikel 5 vum ofgeännerten Gesetz vum 4. Februar 2005 iwwer den nationale Referendum;

informéiert

d’Wieler, déi d’Walrecht fir d’Chamberswalen hunn an déi an der Gemeng Schëffleng domiciliéiert sinn, datt si d’Demande iwwert d’Ofhale vun engem Referendum iwwert d’Propositioun vun der Revisioun vun de Kapitel IV a Vbis vun der Verfassung, déi an éischter Liesung den 13. Juli 2022 vun der Chamber ugeholl ginn ass, ënnerstëtze kënnen, andeem si sech an de Lëschten aschreiwen, déi an der Gemeng vum 20. August 2022 bis den 13. September 2022 abegraff, opleien.

Wärend dëser Period sinn d’Lëschten op folgende Plazen an zu folgenden Zäiten zougänglech:

 

Uert:   Am  Büro vum “Guichet unique” vu der Gemeng Schëffleng

Deeg an Zäiten:  Méindes bis Freides vun 08.00 – 12.00 Auer a vun 14.00 – 17.00 Auer

Samschdes vun 10.00 – 12.00 Auer

 

Den Text vun der Propositioun vun der Revisioun vun de Kapitel IV a Vbis vun der Verfassung kann op den uewe genannte Plaatzen an zu den uewe genannten Zaiten agesi gin.

Fir d’Demande iwwert de Referendum z’ënnerstëtzen muss de Wieler sech perséinlech op senger Gemeng presentéieren. De Wieler muss säin Numm, seng Virnimm a seng Adress dem zoustännegen Agent matdeelen an eng gülteg Pièce d’identité virweise kënnen.

Nodeems den Agent kontrolléiert huet ob de Wieler op de Wielerlëschten agedroen ass, leet den Agent dem Wieler d’Aschreiwungslëschte vir an dréit dem Wieler säin Numm, seng Virnimm a säi Gebuertsdatum an.

Nodeems de Wieler dës Aschreiwunge kontrolléiert huet, ënnerschreift hien d’Lëscht.

De Wieler deen duerch e physeschen Handicap net ënnerschreiwe kann, däerf sech vun enger Persoun begleede loossen, déi a sengem Numm ënnerschreiwen däerf. Dës begleedend Persoun däerf kee kommunaalt, nationaalt oder europäescht Mandat bekleeden, si muss liesen a schreiwe kënnen an däerf net gemäß de Bestëmmungen vum Artikel 6 vum ofgeännerten Walgesetz vum 18. Februar 2003, vum d’Walrecht ausgeschloss sinn.

Et däerfen déi Wieler ënnerschreiwen déi den Dag virum Ufank vun der Ënnerschrëfte Sammlung op de Wielerlëschte fir d’Chamberwalen agedroe sinn.

Déi Wieler déi net op der Wielerlëscht vun der Gemeng stinn, mussen eng Décisioun vum Buergermeeschter vun hirem Wunnuert respektiv vun enger Geriichtsinstanz virweise kënnen déi bezeit datt si d’Walrecht an där Gemeng hunn.

Déi Wieler déi zwar op dëse Wielerlëschten agedroe sinn, mee déi hiert Walrecht duerch eng gesetzlech Bestëmmung oder duerch e Geriichtsbescheed oferkannt kritt hunn, däerfe sech net un der Ënnerschrëfte Sammlung bedeelegen.

All Wieler däerf nëmmen eemol d’Lëscht ënnerschreiwen. D’Ënnerschreiwen am Numm vun enger drëtter Persoun ass verbueden ausser am Fall wou eng Persoun eng handicapéiert Persoun begleet.

D’Ënnerschrëft vum Wieler op der Lëscht bedeit datt dëse Wieler d’Demande fir d’Ofhale vun engem Referendum ënnerstëtzt.

Dës Demande ass nëmmen dann ugeholl, wa 25.000 Wieler se ënnerstëtzen.

 

 (s.) De Schäfferot

 

Communication de la Commune de Schifflange – référendum (FR)

Mitteilung der Gemeinde Schifflingen – Referendum (DE)

Esch2022 – Europe goes Scuffelingen 2022

LU
No enger super Woch gefëllt mat gudder Musek, leckerem Iessen an internationale Frëndschaften deele mir hei mat Iech déi schéinste Momenter vun eisem Festival Europe goes Scuffelingen.
E grousse Merci u jidereen, dee matgehollef a matgefeiert huet!

FR
Après une superbe semaine remplie de bonne musique, des échanges culturels et d’amitiés internationales, nous partageons aujourd’hui avec vous les plus beaux moments de notre festival Europe goes Scuffelingen. Un très grand merci à tous ceux qui ont aidé et participé à cette fête !

Weider Fotoe fannt Dir an eiser Galerie / Vous trouverez d’autres photos dans notre galerie

Gemengeservicer zou / services communaux fermés

LU

Opgrond vun de Meteosprevisiounen an deenen héijen Temperaturen, bleiwen d’Gemengeservicer en Donneschden, de 04.08.2022 vun 12.00 Auer mëttes un zou.

De Guichet unique (Populatiounsbüro, Etat civil) an eisen Atelier technique assuréieren allerdéngs eng Permanence (621 458 757  + 54 50 61-250).

D’Piscine bleift zu deene gewinnten Ëffnungszäiten op.

Merci fir Äert Versteesdemech!

 

FR

En raison des prévisions météorologiques et de la canicule annoncée, les services communaux  chômeront jeudi, le 04.08.2022 à partir de 12h00.

Le Guichet unique (Bureau de la population, état civil) ainsi que le service régie assureront une permanence (621 458 757  + 54 50 61-250).

La piscine est ouverte selon son horaire habituel.

Merci pour votre compréhension !

Grande chaleur

Recommandations lors d’une vague de grande chaleur :

 

– Si vous avez dans votre entourage une personne âgée ou malade qui vit seule, il sera important d’aller quotidiennement chez elle, pour notamment vérifier qu’elle dispose de suffisamment d’eau minérale et qu’elle en consomme assez

–    Assurez-vous qu’elle consomme au moins 1,5 litre d’eau par jour

–    Veillez à ce qu’elle passe plusieurs heures par jour dans des endroits frais ou à l’ombre

–    Fermez les fenêtres – et volets des fenêtres exposées au soleil – pendant la journée

–    Assurez-vous qu’elle prend régulièrement des douches ou bains partiels rafraîchissants.

Energiewende und Klimaschutz – transition énergétique et la protection du climat

DE
Was wäre, wenn Ihr Wohn- oder Mobilitätsprojekt dank Klima-Agence Wirklichkeit werden würde?

Da der Klimawandel und die Energiewende uns alle betreffen, ist aus myenergy  Klima-Agence geworden, Ihrem Partner in Sachen Energie und Klima.

Angesichts der Klima- und Energiekrise war es an der Zeit, uns zu verändern, um Sie weiterhin bei der Verwirklichung Ihrer Projekte für nachhaltiges Wohnen und Mobilität zu unterstützen. Gestalten wir gemeinsam unsere Zukunft: unsere Art zu wohnen, uns fortzubewegen, zu konsumieren und unsere Lebensgewohnheiten.

Gut informiert über die Energiewende und den Klimaschutz

Die Energiegrundberatung von Klima-Agence ist neutral und kostenlos. Sie ermöglicht es Ihnen, die notwendigen Schritte anzugehen, um Ihr Projekt für nachhaltiges Wohnen oder nachhaltige Mobilität, den Austausch Ihres alten fossilen Heizkessels durch eine umweltfreundlichere Lösung oder die Erzeugung von sauberem Strom mithilfe der Sonne erfolgreich umzusetzen.

Es handelt sich um eine Partnerschaft zwischen Ihrer Gemeinde und Klima-Agence.

Dieser Service soll Sie zu folgenden Themen beraten, informieren und sensibilisieren:

  • Ihre Energieeinsparungen im Alltag;
  • energetische Renovierung und nachhaltiges Bauen;
  • Heizungslösungen für Ihre Wohnung;
  • erneuerbare Energien;
  • Stromerzeugung und Eigenverbrauch;
  • Elektromobilität;
  • Energiepass;
  • die verfügbaren Fördermittel zur Finanzierung Ihres Projekts.

Wenn Sie Fragen zu unseren Dienstleistungen und der Beratung von Klima-Agence haben, vereinbaren Sie einen Termin mit Ihrem  Klima-Agence-Berater unter 8002 11 90.

 

 

FR
Et si votre projet d’habitat ou de mobilité prenait vie grâce à Klima-Agence ?

Parce que le changement climatique et la transition énergétique nous concernent tous, myenergy, la structure nationale pour une transition énergétique, est devenue  Klima-Agence, votre partenaire en matière d’énergie et de climat.

Face à la crise climatique et énergétique, il est temps de changer pour continuer à vous accompagner dans la réalisation de vos projets d’habitat et de mobilité durables. Ensemble, construisons notre futur :  notre façon d’habiter, de nous déplacer, de consommer  et nos habitudes de vie.

Bien s’informer sur la transition énergétique et la protection du climat

Le conseil de base en énergie Klima-Agence est neutre et gratuit. Il vous permet d’aborder les étapes nécessaires pour réussir votre projet d’habitat ou de mobilité durable, de remplacement de votre vielle chaudière à énergie fossile par une solution plus écoresponsable ou encore de production d’électricité propre grâce au soleil.

Il s’agit d’un partenariat entre votre commune et Klima-Agence

Ce service a pour objectif de vous conseiller, informer et sensibiliser sur les sujets suivants :

  • vos économies d’énergie au quotidien ;
  • la rénovation énergétique et la construction durable ;
  • les solutions de chauffage pour votre logement ;
  • les énergies renouvelables ;
  • la production d’électricité et l’autoconsommation ;
  • la mobilité électrique ;
  • le certificat de performance énergétique ;
  • les aides disponibles pour financer votre projet.

Si vous avez des questions sur nos services  et le conseil Klima-Agence, prenez-rendez avec votre conseiller Klima-Agence au 8002 11 90.

Infoblatt – Fiche d’information

 

 

 

 

 

 

 

E Réckbléck op d’Schëfflenger Fest

2 Deeg, 8 Museksgruppen, 17 Stänn,  divers Optrëtter a vill Ënnerhalung goufe gebueden. Kuckt Äerch elo an eiser Galerie d’Fotoen un.

Dëst Joer gëtt et och ee richteg flotten Aftermovie.

Méi Infoen zu all de Festivitéite rondrëm Nationalfeierdag 2022 fannt Dir hei.

Fairtrade Wall

LU

Eis Mauer ronderëm den CAS Terrain beim Stade Jean Jacoby krut en neit Gesiicht.

E jonke Kënschtler aus der Regioun – de Jo Malano – huet an deene leschte Woche seng Spraydousen, Pinselen a seng Kreativitéit ganz dem Thema « Fairtrade » dediéiert.

Den artistesche Projet vun der « Fairtrade Wall » ass eng Initiativ vun der ONG Fairtrade Lëtzebuerg, déi am Kader vum Kulturjoer Esch2022 a vum 30sten Anniversaire vu Fairtrade zu Lëtzebuerg entstanen ass. Déi eenzel Realisatiounen op deene verschiddene Maueren an de Südgemenge sollen de fairen Handel an Afrika, Asien, Latäinamerika an der Karaibik ervirhiewen an d’Leit dozou opruffen fair gehandelt Produiten ze kafen.

Méi Infoen iwwert de Projet fannt Dir hei.

 

FR

Le projet artistique «Fairtrade Wall » est une initiative de l’ONG Fairtrade Lëtzebuerg. Il s’agit d’une réalisation artistique de peinture murale représentant des acteurs du commerce équitable d’Afrique, d’Asie, d’Amérique latine et Caraïbes.

La démarche s’inscrit dans le cadre d’Esch2022, année européenne de la culture et des 30 ans de Fairtrade au Luxembourg.

Ces dernières semaines, l’artiste Jo Malano a dédié son temps, son énergie et sa créativité à la réalisation de cet oeuvre d’art, qui se trouve au terrain athlétique, Jean Jacoby.

Plus d’infos sur le projet ici.

 

Photos : ©Roberto Santoprete

Renaturatioun vun der Kiemelbaach

LU
Den 22. Juli 2022 waren  d’Ministeren Joëlle Welfring an Claude Turmes an der Gemeng Schëffleng op Visitt fir sech den interregionalen Renaturatiouns Projet A(l)qua vun der Kiemelbaach, en Zoufloss zur Uelzecht, unzekucken. Dëse Projete gët vum europäesche Programm fir eng grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht, Interreg V Grande Région / Großregion, ënnerstëtzt an huet zum Zil d’Waasserqualitéit ze verbesseren an d’Iwwerschwemmungen am Gebitt ronderëm ze begrenzen. Fir dëst ze ereeschen schaffe Gemengen op béid Säite vun der Grenz zesummen.

Hei nach e schéine Reportage iwwert dat Thema.

FR
Le 22 juillet 2022, les ministres Joëlle Welfring et Claude Turmes se sont rendus dans la commune de Schëffleng pour visiter le projet interrégional de renaturation A(l)qua de la « Kiemelbach », un affluent de l’Alzette. Ce projet est soutenu par le programme européen de coopération transfrontalière Interreg V Grande Région et a pour but d’améliorer la qualité de l’eau et d’éviter les inondations dans les zones adjacentes. Pour atteindre cet objectif, une collaboration des communes des deux côtés de la frontière est nécessaire.

Et voici encore un documentaire sur le sujet.

Weider Fotoen fann Dir an eiser Galerie / Plus de photos dans notre galerie.

 

 

Esch2022: « Passage du flambeau » oder d’Fakel kënnt op Schëffleng

Den 21. Juli huet d’Buergermeeschtesch vu Suessem, Simone Asselborn-Bintz, dem Buergermeeschter vu Schëffleng, Paul Weimerskirch, d' »Fakel » iwwerreecht fir d’Gemeng vum Mount ze ginn am Kader vun europäescher Kulturhaaptstad.

Bei dëser flotter Aktioun, wou et drëms geet symbolesch, déi nächst Gemeng an de Fokus vun Esch2022 ze setzen, gi keng richteg Fakelen iwwerginn, mee all Gemeng kann sech ee flotten Objet eraussiche mat deem sie sech identifizéiert. An dësem Fall wuar et eng Fläsch Waasser aus der Quell vum Belval. Dës Fläsch ass wéi scho virun 100 Joer gefëllt mat Bel-Val’er Waasser.

Wat Schëffleng sech ausgeduecht huet fir hirer Nofolgergemeng Monnerech z’iwwerreechen, dat fann Där eraus um offiziellen Ofschloss fir Schëffleng, den 18. August ab 19.00 Auer am Schëfflenger Haff.

Weider Fotoen fannt Där an eiser Galerie hei. (Copyright Esch2022)

Assermentation de nouveaux fonctionnaires

En date du 22 juillet 2022, Mme Anna Maria Specchio, M. Laurent Behm et M. Loïc Demaret ont prêté serment en tant que fonctionnaires communaux aux mains du bourgmestre Paul Weimerskirch et ceci en présence des échevins Albert Kalmes, Marc Spautz et Carlo Lecuit et du secrétaire communal Fabienne Diederich. Les chefs de service (M. Pascal Reuland – STNI et M. Guy Spanier – SUDD) ainsi que le chef du personnel (M. Gérard Schalk) ont complété la ronde.

Le bourgmestre a félicité les nouveaux collaborateurs pour leur nomination et leur a souhaité beaucoup de succès et de satisfaction au sein de l’administration.