31.08.2023

Gedenkfeier zum Generalstreik vum 31. August 1942

LU

Den 31. August 2023 huet de Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Schëffleng op den 81. Gebuertsdag vun der Streikgedenkfeier invitéiert fir den Affer vum Generalstreik vun 1942 ze gedenken. D’Feierlechkeeten hunn a Presenz vu Vertrieder vun der Ligue Luxembourgeoise des Prisonniers et Déportés politiques (LPPD), den Enrôlés de force, dem Syndicat d’Initiatives et de Tourisme (S.I.T), de Gewerkschaften a Veräiner, esou wéi dem Musée de la Sidérurgie « De Schmelzaarbechter » stattfonnt.

Mat der Kranznidderleeung zu Esch/Uelzecht(Portal Lalleng) hunn d’Festivitéiten zesumme mat der Staat Esch an ënnert der Regie vun der Amicale Schmelzaarbechter-Musée ronderëm de Präsident Alain Günther den Ufank gemaach. Dono ass et beim Monument am Park Léonie Koullen zu Schëffleng weidergaangen, a genau ewéi virun 81 Joer, wou d’Aarbechter zum Streik opgeruff gi sinn, ass um Punkt 18.00 Auer d’Sireen gaangen. A senger Usprooch betount de Buergermeeschter Paul Weimerskirch dat ni soll vergiess ginn wat geschitt ass an dat een déi Leit éiere sollen déi sech fir Fridden a Gerechtegkeet staark gemaach hunn. Näischt op dëser Welt ass selbstverständlech, scho guer net de Fridden an d’Gerechtegkeet.

 

FR

Le 31 août 2023, le Collège des bourgmestre et échevins ensemble avec le Conseil communal de la Commune de Schifflange ont invité à commémorer le 81e anniversaire de la grève générale de 1942. Des représentants de la Ligue Luxembourgeoise des Prisonniers et Déportés politiques (LPPD), des Enrôlés de Force, du Syndicat d’Initiatives et de Tourisme (S.I.T), des syndicats et des associations ainsi que du Musée de la Sidérurgie ont participé aux festivités.

C’est par le dépôt des gerbes à Esch/Alzette (portail de Lallange) que la cérémonie a commencé, ensemble avec la Ville d’Esch et sous le patronage de l’Amicale Fondeurs-Musée, autour de son président Alain Günther. Les festivités se sont ensuite poursuivies devant le monument dans le parc Léonie Koullen à Schifflange avec le déclenchement de la sirène à 18.00 heures. Le Bourgmestre Paul Weimerskirch souligne dans son discours qu’il ne faut jamais oublier le passé et honorés les personnes qui se sont battues pour la paix et la justice. Rien n’est acquis dans ce monde, et surtout pas la paix et la justice .