Fir eisen Open Air Kino dëst Joer, den 25. an 26. August, wëlle mir gäre vun Iech wëssen, wat fir e Film soll gespillt ginn.
Op der Schëfflenger App fannt Dir e Sondage dozou, dee bis de 5. Juni nach op ass.
Maacht och Dir mat a stëmmt of!
Fir eisen Open Air Kino dëst Joer, den 25. an 26. August, wëlle mir gäre vun Iech wëssen, wat fir e Film soll gespillt ginn.
Op der Schëfflenger App fannt Dir e Sondage dozou, dee bis de 5. Juni nach op ass.
Maacht och Dir mat a stëmmt of!
LU
Déi nächst Gemengewalen sinn den 11. Juni 2023.
Vun 08.00 bis 14.00 Auer sinn d’Walbüroen op.
FR
Les prochaines élections communales se dérouleront le 11 juin 2023.
Les bureaux de vote sont ouverts de 08.00 à 14.00 heures.
Nëtzlech Infoen iwwert d’Wielen / Infos utiles sur le vote :
zpb.lu (Méi Sproochen / plus de langues)
jepeuxvoter.lu (National Campagne / campagne nationale)
Le 24 mai 2023 le Collège des bourgmestre et échevins ensemble avec le Conseil communal ont organisé une cérémonie en l’honneur du F.C. Schëffleng 95 qui a été fondé en 1995 suite à une fusion des Amis des Sports et du The National. Il y a 10 ans le FCS terminait le championnat encore en division 2 sur la 10e place. Cette saison le FCS gagnait 20 matchs et réalisait 4 remis et depuis la fusion le club a établi un nouveau record avec 64 points synonyme avec le titre de champion de la PH pour la toute première fois dans l’histoire du club fusionné.
Le gros œuvre du nouvel Office social à Schifflange est achevé. A l’occasion de la fête du bouquet ce 24 mai 2023, la Commune de Schifflange fiers de présenter les caractéristiques principales de cet ouvrage.
Le projet comprend la construction d’un nouveau bâtiment avec bureaux, salle de réunion, local de repos avec terrasse pour les employés et un vestiaire avec douche pour le personnel. Un total de 11 postes de travail est reparti sur 9 bureaux avec la possibilité de rajouter 3 postes de travail supplémentaires.
L’accès à la zone d’accueil et d’attente au rez-de-chaussée se fait à plein pied pour personnes à mobilité réduite. Un jardin avec terrasse sera aménagé à l’arrière du bâtiment avec un local de vélo pour le personnel.
La façade existante côté rue de la maison sera conservée et réfectionnée ; une isolation intérieure est prévue. La façade isolée du nouveau bâtiment accolé à l’ancienne façade aura un bardage vertical en bois avec un socle et un raccord à la partie existante en tôle aluminium. La toiture en pente reçoit une couverture en zinc ; la toiture plate sur le dernier étage aura un complexe de toiture verte et des panneaux photovoltaïques.
Les finitions à l’intérieur prévoient du carrelage ou de la pierre naturelle dans les circulations, carrelage dans les sanitaires et dans la cuisine, du sol souple dans les bureaux et local repos du personnel et du parquet dans la salle de réunion. La zone devant le guichet vitré à l’accueil aura un revêtement mural et faux-plafond en bois.
Architectes: Beng Architectes Associés
Bureau d’études génie civil : Luxconsulting s.àr.l. Ingénieurs-conseils
Bureau d’études génie technique : Goblet Lavandier & Associés Ingénieurs-Conseils
Coordinateur de sécurité et santé : D3 Coordination
Organisme agréé : Socotec
Entreprise de gros-œuvre : Solid S.A.
En Dag an der Natur: Trëppeltour mam Fieschter beim Bëschkierfecht
Im Rahmen der Aktion „En Dag an der Natur“ fand am 20. Mai 2023 eine informative Wanderung durch den Wald zwischen Schifflingen und Kayl beim Waldfriedhof mit unserem Förster Daniel Sannipoli statt. Der Weg führte durch den Wald vorbei an Trockenwiesen, Orchideen und Ginster, einem frischen Fuchs- oder Dachsbau sowie Relikten des Bergbaus, zu denen unser Förster viele Erläuterungen gab. Die Teilnehmer erhielten auch Informationen zu den Renaturierungsgebieten entlang der Alzette, was diesen erlebnisreichen Spaziergang abrundete.
LU
Hutt Dir Iech och schonns gefrot wou déi fuarweg Bänk op der Gemengeplaz hirkënnt. De 17. Mee huet d’Schëfflenger Jugendhaus am Kader vum IDAHOBIT Day (internationalen Dag géint Homophobie, Biphobie, Interphobie und Transphobie) zu méi Toleranz a Respekt opgeruf. Zesumme mat youngcaritas konnten déi jonk, an och manner jonk, hirer Kreativitéit fräie Laf loossen an zu Schëffleng eng „place for tolerance“ schafen. Nierwend Konschtatelieren waren och flott Infostänn, ënner anerem vum Planning familial, esouwéi e Kleedertausch virun der Gemeng ze fannen.
Zesummen gouf en Zeechen fir méi Gläichberechtegung und géint Diskriminatioun gesat.
FR
Êtes-vous curieux de savoir ce qui s’est passé avec le banc peint de toutes les couleurs devant la commune ? Le 17 mai, la Maison des jeunes de Schifflange a lancé un appel à plus de tolérance et de respect dans le cadre de l’IDAHOBIT Day. En collaboration avec youngcaritas, les jeunes et les moins jeunes ont pu laisser libre cours à leur créativité et créer une « place for tolerance » à Schifflange. Outre des ateliers d’art, les visiteurs ont pu trouver des stands d’information intéressants en collaboration avec planning familial et un échange de vêtements devant la commune.
Un signe pour l’égalité et contre la discrimination.
LU
D’Albert Wingert Schoul kënnt dem Konzept « Bildungshaus » ëmmer méi no.
Den 22. Mee 2023 gouf neemlech offiziell déi nei Annex ageweit, déi de Kanner eng méi modern a flott Betreiung erméiglecht. Am Moment gëtt dësen Neiubau nach temporär vun de Kanner aus der Lydie Schmit Schoul benotzt, well hir 100-järeg Schoul an der Bëschstrooss jo komplett am Ëmbau ass.
Ab 2026 wäert dann an deem neien Deel vun der Albert Wingert Schoul endlech d’Maison Relais hir Servicer ubidde kënnen an dann ass d’Bildungshaus richteg operationell.
Fir d’Inauguratioun hunn no dem Buergermeeschter senger Ried bei sonnegem Wieder och d’Schoulkanner en Danz virgefouert, deen de Schoulpresident Alex Thill ugekënnegt hat an de Projetsberoder Didier Rozay vun MC Luxembourg huet d’Gäscht duerch d’Annex begleet an Erklärungen zu de Raimlechkeeten ofginn. D’Klassesäll, d’Bibliothéik an den Technikraum hunn d’Leit nawell staune gelooss. Dono krut och deen neie Bam hannert der Annex nach e puer Schëppe Buedem vun alle Gemengeresponsabel, sou datt e schéi propper a sengem Fundament steet. Deen ale Bam hat wéinst de Bauaarbechte misse Plaz maachen.
Mir waren och ganz frou, datt déi fréier Schoulpresidentin Christiane Schmit-Biewer bei der Aweiung dobäi war – well vill Akzenter fir dat neit Gebai goufe vun hir gesat.
FR
L’annexe de l’école Albert Wingert a été inaugurée le 22 mai 2023.
A part les mots classiques du bourgmestre, du bureau de consultation MC Luxembourg et du président de l’école, une danse des élèves, une visite des lieux, une inauguration d’un nouvel arbre et une réception conviviale étaient au programme de cette après-midi ensoleillée.
La Commune de Schifflange est heureuse d’annoncer que le « Bildungshaus » Albert Wingert sera officiellement opérationnel à partir de 2026, quand la Maison Relais sera intégrée dans le concept global de l’école. Pour le moment, 11 classes de l’école Lydie Schmit se retrouvent au quotidien pour leurs cours – ceci étant une solution temporaire bien évidemment.
Den 18. Mee 2023 ass de Schëfflenger Waasserwee am Schmëttbësch a Presenz vun de Membere vum Schäffen- a Gemengerot a ganz ville Projetspartner ageweit ginn.
Dëse Projet ass Bestanddeel vun der „So vum Marxeweier“ déi am Kader vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 ausgeschafft ginn ass. D’Waasser, dat an der So selwer eng wichteg Roll spillt woar der Gemeng esou wichteg, dass se em méi Visibilitéit wollt zoukomme loossen. Esou ass aus engem flotten Trëppeltour de Waasserwee gemaach ginn an dëst mat Hëllef vun direkt enger Rei Partner: dem Architektebüro BENG, der Kommunikatiounsagence Plan K, der SES Käerch mat virop dem Luc Berens a virun allem der Jongenheem Asbl, déi zoustänneg woare fir d’Realisatioun vun dëse flotte Waasserdrëpsen.
D’Zil woar et fir déi méi awer och déi manner couragéiert Wanderer ze motivéieren an dofir huet d’Gemeng (nieft dem Schëfflenger Wanderwee) zesumme mat Mediation SA e Spill a Form vun enger App ausgeschafft, dat d’Net-Wanderer vläicht zum Wandere kritt an de Wanderer vläicht eng flott Ofwiesslung erméiglecht. D’Spill « Déi 7 Schwëstere vum Schmëttbësch » ass eng „Schatzsuche“ also eng „Chasse au trésor“ fir déi Grouss an déi manner Grouss. Detailer zu der App fannt Där hei.
Am Kader vun der Aweiung vum Projet „Marxeweier“ am Joer 2022 hate mer schonn d’Buch mat der iwwerschafftener Geschicht vum Betsy Dentzer mat den Illustratioune vum Pit Wagner virgestallt. Well d’Accessibilitéit der Gemeng wichteg ass, sollt d’Buch fir ee méi breede Public zougänglech gemaach ginn an sou ass eng „gratis“ Versioun iwwersat an 3 Sproochen realiséiert ginn: Däitsch, Franséisch a Portugiesesch.
De „Waasserwee“ besteet eigentlech aus zwee Weeër, ee groussen Tuer vu 7,5km an ee klenge vu 5,5km. De leschte verleeft op stabiliséierten a breede Weeër an ass also ouni Problem zougänglech mat enger Kutsch. Op deem grousse Wee stinn insgesamt 8 Waasserdrëpsen, déi engem de Waasserzyklus erklären.
Lass geet et u sech mat der 1. Waasserdrëps déi bei der Gare steet. Mee d’Reiefolleg ass eigentlech egal. Hei kuerz eemol wéi mär de Wee proposéieren:
Wann Där en trëppelt, genéisst déi wonnerbar Natur, entdeckt d’So vum Marxeweier a vläicht begéint Där jo eng vun de 7 Waasserjofferen…
Dës awer och wieder Informatiounen a virun allem ee Plang zum Waasserwee fannt Där am Dépliant iwwert de Waasserwee.
Et gouf bei dëser Geleeënheet awer och dovu profitéiert fir de Schëfflenger Zirkuswon dem Public virzestellen an dësen hat seng Diere grouss opgemaach. Wann Där méi wëllt gewuer ginn, da kuckt hei eran.