25.04.2023

Fréijoersforum op der Metzeschmelz

De Samschden 22. Abrëll 2023 huet d’AGORA zesumme mat der Stad Esch an der Gemeng Schëffleng op de Fréijoersforum invitéiert. « Informatioun » a « Participatioun » gi bekanntlech beim Plangen an Ausschaffe vun dësem urbanistesch iwweraus wichtege Projet fir béid Gemenge grouss geschriwwen.

An dësem Zeeche stoung och de Fréijoersforum, deen am Bâtiment 5, der « Maison Metzeschmelz », stattfonnt huet. Am Viraus haten sech eng 150 Persounen ageschriwwe fir an 3 verschiddenen Oarbechtsgruppe matzeschaffen. Hei goung et em d’Mobilitéit um Site, déi tëschenzäitlech Notzung vum Site an em den ëffentleche Raum respektiv déi ëffentlech Plazen.

Informatiounen zu der Metzeschmelz:

– 63 ha

– 91% gehéieren zu der Stad Esch

– 9% gehéieren zu der Gemeng Schëffleng

– 8.000-10.000 Leit solle spéider heihinner wunne kommen

– weider Charakteristike vun dësem zukünftege Quartier: autoarm, klimaneutral, klimaresistent, nohalteg, mënschefrëndlech.

 

Méi Informatiounen op metzeschmelz.lu