24.04.2023

20 Käerzen fir de Gemengesyndikat Pro-Sud

De 19. Mee 2003 ass de Gemengesyndikat Pro-Sud gegrënnt ginn. Aus dësem Grond konnten déi 11 Südgemenge kierzlech hiren 20. Gebuertsdag feieren. Dass si och no ville Joren sech weiderhi sérieux Ziler setzen an dës och konkret wëllen ëmsetze weist d’Déclaration d’intention déi si an dësem Kader zesummen ënnerschriwwen hunn. D’Zil heivunner ass ganz kloer d’Dekarboniséierung um Territoire vun der Minett UNESCO Biosphere.

Weider Infos fann där hei am Pressedossier.
Fotoen: © Jessica Theis