Posts By: schifflange

„Schëfflenger Konschthaus“ – Am Laf vun der Zäit

Den eeleften August 2020 huet a Presenz vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch, de Schäffe Marc Spautz a Carlo Lecuit a verschidde Memberen aus dem Gemengerot de Vernissage vun der Ausstellung « Am Laf vun der Zäit » am klenge Krees statt fonnt.

De Buergermeeschter ass op dat neit Konzept vum « Schëfflenger Konschthaus » a gaangen. D’Galeristin d’Claudia D’Incà huet erkläert wei an de verschidden Tableaue vun de Kënschtler déi historeschen a sozialen Entwécklung vu Schëffleng duergestallt gëtt.

D’Ausstellung ka vu Méindes bis Samschdes vun 10.00 bis 12.00 Auer a vun 13.00 bis 18.00 Auer besicht ginn (11.08 – 10.09).

Samschdes de 15 August ass d’Galerie zou!

Opgepasst : Brandgefor !

Mir rappelléieren, datt et strikt verbueden ass am Bësch Feier ze maachen. Et dierf net gegrillt ginn an et dierfen och keng Zigarettestëmp am Bësch entsuergt ginn.

Corona update: Solidaritéit, Disziplin a Responsabilitéit

Wéi der dëser Deeg an ärer Boite konnt feststellen, huet d’Gemeng Schëffleng een neien Dépliant a 5 Sproochen verëffentlecht mat Informatiounen zur aktueller Corona-Situatioun.

 

 

 

Recommandations lors d’une vague de grande chaleur

–  Si vous avez dans votre entourage une personne âgée ou malade qui vit seule, il sera important d’aller quotidiennement chez elle, pour notamment vérifier qu’elle dispose de suffisamment d’eau minérale et qu’elle en consomme assez.

–    Assurez-vous qu’elle consomme au moins 1,5 litre d’eau par jour ;

–    Veillez à ce qu’elle passe plusieurs heures par jour dans des endroits frais ou à l’ombre ;

–    Fermez les fenêtres – et volets des fenêtres exposées au soleil – pendant la journée ;

–    Assurez-vous qu’elle prend régulièrement des douches ou bains partiels rafraîchissants.

Insektenhoteller

En Hotel fir Insekten – firwat soll dat gutt sinn? Sinn Insekten net kleng genuch fir iwwerall kënnen ënnerzekommen?

Leider net.

Duerch den Agrëff vun de Mënschen huet sech d’Naturlandschaft esou staark verännert, dass nëmmen nach wéineg natierleche Liewensraum fir d’Insekten iwwreg ass. Andeems een Insektenhoteller opstellt, kann een deem entgéint wierken an de klengen Déieren eng Plaz bidden fir hier Näschter ze bauen an ze iwwerwanteren.

An eiser Gemeng fann dir eng ganz Rei déier Insektenhoteller, ëm déi sech eis Gärtnerequipe këmmert. Dir fannt se op folgende Plazen:

  • an der Millestrooss – beim rond-point beim Sumpfgebitt
  • Um Benn – am Park bei der Blummewiss
  • Op Hudelen – bei der Blummewiss
  • bei der Albert Wingert Schoul bei der Haaptentrée
  • an der Liberatiounsstrooss – op der Héischt vum Schëfflenger Konschthaus
  • beim Hall Polyvalent an der Blummewiss
  • op der Gemengeplaz am Uebst- an Insektegaart
  • an der Escher Strooss och bei der Blummewiss

All eis Insektenhoteller si gutt besat. Dir kënnt Iech se gäre bei Ärem nächsten Trëppeltour méi genau ukucken.

 

Vakanzenaktivitéiten vum Jugendhaus / Activités d’été de la Maison des Jeunes

Bedéngt duerch d’Neiinfektioune vum Coronavirus goufe virsiichtshallwer d’Aktivitéiten, déi am Ausland sollte stattfannen, ofgesot respektiv duerch nei Aktivitéiten hei am Land ersat.
Am Jugendhaus kritt Dir all Informatiounen iwwert déi aktuell Aktivitéiten an iwwert d’Méiglechkeet, Iech unzemellen.
Informéiert Iech

Présentation du diagnostic (CEFIS) de l’integration en vue de l’etablissement d’un plan communal d’intégration (PCI)

En date du 14.07.2020, le collège échevinal avait invité le conseil communal et la commission communale d’intégration au Centre Sportif pour la présentation du diagnostic de l’integration en vue de l’établissement d’un plan communal d’intégration (PCI). Ainsi, l’analyse d’un sondage effectué auprès de la population schifflangeoise en 2019 au sujet de l’intégration, a révélé des pistes de réflexion intéressantes en vue d’entamer la mise en oeuvre du PCI.

Le document présenté figurera également à l’ordre du jour de la prochaine réunion du conseil communal et se trouve être soutenu par le département de l’intégration auprès du Ministère de la Famille.

 

Annulatiounen

Entgéint den Informatiounen, déi am neie Newsmag ënnert der Rubrique « Save the Date » stinn, huet de Schäfferot op Grond vun den héijen Neiinfektiounen den Open-Air Kino (21. a 22.08) an de Skating girls (28.09) leider nees missten ofsoen. Mär zielen op Äert Versteesdemech.

 

Schéin Summervakanz

Mär wënschen Iech all eng schéin an erhuelsam Summervakanz!

Remise de médailles de mérite

Den 10. Juli 2020 huet de Schäfferot, am Kader vun enger Gemengerotssitzung, zwee Leit vum Personal déi säit 25 Joer am Déngscht vun der Schëfflenger Gemeng sti geéiert. De Buergermeeschter Paul Weimerskirch, ënnerstëtzt vu senge Schäffen Albert Kalmes, Marc Spautz a Carlo Lecuit, sou wéi all Conseilleren aus dem Gemengerot, huet da

Madame Henriques De Almeida Maria Luisa
femme de charge au service nettoyage säit 15.05.1995 (Centre sportif – piscine) eng Médaille en vermeil – Couronne de chêne

an dem

Monsieur Palluce Alain
maître-nageur säit 15.05.1995 (piscine de l’école Lydie Schmit) eng
Médaille  en vermeil – Ordre de mérite

 

an der Schëfflenger Gemeng, am Sall Grand Duc Jean, iwwerreecht.