11.08.2022

Visitt vun den Tiny Haiser

LU
Den 11. August war de Schäfferot zesumme mat Memberen aus dem Gemengerot, esou wéi der Bierger- an Integratiounskommissioun op Visitt vun den Tiny Haiser an der Drusenheimstrooss.

Et handelt sech ëm dräi fäerdeg miwweléiert Logementer, déi jeweils 35m2 Plaz fir eng Famill mat Kanner opweisen. Ekippéiert sinn déi kleng Haiser mat Better (ënnert an iwwert der Mezzanin), enger Klimaanlag, Foussbuedemheizung an allem wat een esou brauch. D’Haiser sinn zu Schëffleng installéiert ginn fir 3 ukrainesch Famillen opzehuelen.

 

FR
Le 11 août, le collège des bourgmestre et échevins ensemble avec les membres du conseil communal ainsi que les membres de la commission des citoyens et de la commission de l’intégration ont visité les « Tiny Houses » de la rue de Drusenheim.

Il s’agit de trois logements entièrement meublés, chacun offrant une superficie de 35m2 pour acceuillir une famille avec enfants. Les petites maisons sont équipées de lits (en bas et en haut de la mezzanine), de climatisation, d’un chauffage de sol et de tout ce dont on peut avoir besoin. Les maisons ont été installées à Schifflange pour héberger trois familles ukrainiennes.