08.08.2022

Mayors for peace

LU

An Zesummenaarbecht mat der Organisatioun  « Mayors For Peace » an dem  « Syndicat des Villes et Communes luxembourgeoises » (SYVICOL)  huet d’Gemeng Schëffleng de 6. August 2022 op déi 77. Gedenkfeier zu éiere vun den Affer  vun den Atomugrëffer zu Hiroshima und Nagasaki agelueden. « Mayors for peace » ass 1982 vum Här Takeshi Araki, dem Buergermeeschter vun Hiroshima gegrënnt gi mam Zil d’Gemenge vun der ganzer Welt dozou ze beweegen sech solidaresch ze weisen a sech fir eng Welt ouni atomar Waffen anzesetzen.

Op Initiative vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg asbl, déi 2018 an d’Liewe geruff ginn ass huet de SYVICOL d’Gemengen hei am Land  invitéiert sech dëser internationaler Organisatioun unzeschléissen.

Mat derbäi bei der Zeremonie am Park Léonie Koullen an d’Wuert ergraff hunn de japanesche Botschafter hei zu Lëtzebuerg, seng Exzellenz den Här Jiro Okuyama, de Buergermeeschter vu Schëffleng, den Här Paul Weimerskirch, esou wéi de Präsident vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform, den Här Raymond Becker an den  de SYVICOL-Vize President Louis Oberhag. No den Usproochen hunn d’Invitéen zesummen e Ginko Bam geplanzt, dëst ass déi éischt Zort vu Bam déi no dem atomaren Ugrëff vun 1945 nees gewuess ass. Et ass och e Konschtwierk a Symbol fir Fridde vum Här Kadamani und der Madamm Simone Weydert devoiléiert ginn. Dëst wäert an der Gemeng ausgestallt ginn. D’Gäscht vun der Zeremonie hunn als klenge Kado selwer gebastelt Blumme vun de Kanner aus der Maison Relais vu Schëffleng geschenkt kritt.

 

 

FR

En collaboration avec l’organisation « Mayors For Peace » et le SYVICOL, la commune de Schifflange a invité ce 6 août 2022 à la 77e cérémonie commémorative en l’honneur des victimes des attaques nucléaires de Hiroshima et de Nagasaki. L’association « Mayors for Peace » a été fondée en 1982 par Takeshi Araki, le maire d’Hiroshima, dans le but d’inciter les communes du monde entier à faire preuve de solidarité et à s’engager pour un monde sans armes nucléaires.

Sur l’initiative de la « Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg asbl », une association créée en 2018 pour promouvoir la paix et la solidarité, le SYVICOL avait lancé un appel aux communes luxembourgeoises de soutenir l’organisation internationale « Mayors for Peace ».

Après les paroles, de son Excellence Monsieur Jiro Okuyama, Ambassadeur du Japon accrédité au Luxembourg, du bourgmestre de la Commune de Schifflange, Monsieur Paul Weimerskirch, suivi des discours du président de l’association de la « Friddens- a Solidäritéitsplattform », Monsieur Raymond Becker et du vice-président du SYVICOL, Monsieur Louis Oberhag, les invités ont planté ensemble un arbre Ginkgo, la première espèce d’arbre à repousser après l’explosion de la bombe atomique le 6 août 1945 à Hiroshima.En plus, l’œuvre d’art et symbole de paix crée par Monsieur Kadamani et par Madame Simone Weydert, a été dévoilée. Cette œuvre sera exposée à la commune et signifie « PAIX ». Les invités de la cérémonie ont reçu en petit souvenir des fleurs confectionnées par les enfants de la Maison Relais de Schifflange.