31.08.2022

Streikgedenkfeier 2022 – 80. Gebuertsdag

Den 31. August 2022 huet de Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Schëffleng, zesumme mat der Stad Esch op den 80. Gebuertsdag vun der Streikgedenkfeier invitéiert fir den Affer vum Generalstreik vun 1942 ze gedenken. D’Feierlechkeeten hunn a Präsenz vu Vertrieder vun der Ligue Luxembourgeoise des Prisonniers et Déportés politiques (LPPD), den Enrôlés de force, dem Syndicat d’Initiatives et de Tourisme (S.I.T), de Gewerkschaften a Veräiner, esou wéi dem Musée de la Sidérurgie « De Schmelzaarbechter » a FerroForum stattfonnt. Mat der Kranznidderleeung zu Schëffleng hunn d’Festivitéiten ugefangen. Dono ass et beim Lallénger Portal zu Esch, ënnert der Regie vun der Amicale Schmelzaarbechter-Musée, ronderëm de Präsident Alain Günther weidergaangen, a genau ewéi virun 80 Joer, wou d’Aarbechter zum Streik opgeruff gi sinn, ass um Punkt 18:00 Auer d’Sireen gaangen.

A senger Usprooch am Pompelhaus um ale Site vun der Arbed huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch betount, datt mir déi Leit éiere wëllen, déi sech fir Fridden a Gerechtegkeet staark gemaach hunn. Weider Riede goufe vum Här André Zwally, Schäffe vun der Stad Esch, dem Här Yves Biwer vun der AGORA an dem Här Pierre Jacobs vun Arcelor Mittal gehalen, mat musikalescher Begleedung vum Eric Gherardi.

+ +