Posts By: schifflange

Télévie 2020 Scheckiwwerreechung Live op RTL 19.09.2020 ab 19.00 Auer

D’Bierger vu Schëffleng hunn 2019 bis zum groussen Télévie Weekend 120.431,00€ gesammelt fir den Télévie z’ënnerstëtzen. Dono huet Télévie Schëffleng nach Sue vu Veräiner a Privatleit bis September 2020 gesammelt an iwwerwisen fir um Télévie Dag 2020 ee Scheck vun 30.000,00€ a Presenz vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch, dem Comité vum Télévie, der Coordinatrice vum Télévie, dem Diane Wunsch, z’iwwerreechen.

Ee grousse MERCI all de Privatleit an de Veräiner, déi d’Kriibsfuerschung ënnerstëtzen.

Eng nei Equipe huet sech zu enger Asbl zesummegeschloss, fir datt den Asaz fir d’Kriibsfuerschung och weiderhi bestoe bleift.

Méi Infoen zum groussen Télévie-Dag hei!

 

 

 

Éierung vun eise Cyclisten: Kevin Geniets, Ben Gastauer, Jempy Drucker

Felicitatiounen un « eis » Sportler!

D’Gemeng Schëffleng ass besonnesch houfreg op de Kevin Geniets, de Ben Gastauer an de Jempy Drucker an dofir goufe si geéiert!

Net méi spéit wéi e Méindeg, de 14. September 2020, huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch a Presenz vum Schäfferot de Kevin Geniets geéiert, deen déi national Landesmeeschterschaft am Stroossevëlo gewonnen huet. Hien ass nach ëmmer beim Vëlosclub LP07 lizenzéiert a konnt sech am Groupama-FDJ Trikot nach virum Bob Jungels duerchsetzen.

Gratuléiert krut awer och de Jempy Drucker fir seng 3. Plaz, déi hie mat op Schëffleng bruecht huet.

Bei dëser Geleeënheet gouf och de Ben Gastauer honoréiert fir all seng Victoiren, déi hie scho konnt afueren.

 

Škoda Tour LuXembourg – wichteg Informatiounen!

De 17. September 2020 ass géint 14.30 Auer an der Haaptstrooss virun der Gemeng d’Arrivée vun der 3. Etapp vum « Škoda Tour LuXembourg » ugekënnegt.

OPGEPASST:
Stroosse gespaart / Ruff-Bus deen Dag annuléiert / Collecte vun der grénger Dreckskëscht op den 18.09 verluecht

Passage difficile tëschent 8.00 an 18.00 Auer! E groussen Deel vun der Haaptstrooss am Zentrum vu Schëffleng ass dee Moment ganz gespaart. Méi Infoen zu de Changementer am Verkéier virun, wärend an no der Arrivée zu Schëffleng fannt Dir hei!

Wéinst den Ännerungen am Verkéier gouf dann d’Collecte vun der grénger Dreckskëscht op den 18. September verluecht!

Den Dag selwer fiert dann och kee Ruffbus!

D’Büroe vun der Gemeng bleiwe fir de Public op. Allerdéngs, duerch déi ze treffend Sécherheetsmoossnamen an Deviatiounen, ass just d’Entrée an der Aloyse Kayser Strooss op. Merci fir Äert Versteesdemech !

Vergiesst w.e.g. net Är Mask unzedoen an Iech un d’Sécherheetsmesuren ze halen.

Mir sinn houfreg, datt d’Cyclisten hei zu Schëffleng ukommen a wënschen hinnen all eng sportlech fair Kompetitioun.

Méi Infoen zum Tour fannt Dir hei!

Wat een op enger Parkplaz alles maache kann!

Den 18. September 2020 ass den Internationalen « Parking Day », do ginn zwou Parkplaze virum CCAMR (5, avenue de la Libération) zu Schëffleng vun 10.00 bis 17.00 Auer gespaart. Hei bitt Iech d’Jugendhaus ee Repaircafé fir Äre Vëlo un.

Heimat soll gewise ginn, wéi vill Platz, datt d’Parkplazen anhuelen a wéi een se anescht ka gebrauchen.

Verpasst déi Geleeënheet net a kommt mat Ärem Vëlo laanscht!

Fuer mat!

Im Rahmen der Europäischen Mobilitätswoche findet in Zusammenarbeit mit der lokalen Umweltkommission am Samstag, dem 19. September 2020 eine Fahrradtour statt. Treffpunkt vor der Gemeinde ab 9.15 Uhr.

Es geht von Schifflingen über Bettemburg nach Abweiler und dann wieder zurück nach Schifflingen.
Bitte die Teilnahme mit Angabe der Zahl der Erwachsenen und Kinder dem Service de l‘Urbanisme et du Développement Durable mitteilen: Tel.: 54 50 61-330 oder

Es wird empfohlen eine gelbe/orange Warnweste sowie einen Helm zu tragen.

Aufgrund der besonderen sanitären Situation werden die Teilnehmer in Gruppen von maximal 10 Personen aufgeteilt.

Die Gemeinde lehnt jede Verantwortung für den Fall eines Unfalls ab.

De Jean Spautz feiert haut seng 90 Joer!

D’Gemeng Schëffleng wënscht dem Spautze Jang all Guddes, eng gutt Gesondheet an nach vill Joren derbäi. Mat dësem Wonsch ass och e Grousse MERCI verbonne fir déi onermiddlech a vill Engagementer am Interessi vun de Matbierger.

E Merci dem Jean Spautz fir seng Aktivitéiten als Gewerkschaftler, als Deputéierten a Minister ewéi och als Schäffe vun der Gemeng Schëffleng; dëst alles nieft villen aneren Asätz fir Sozialgerechtegkeet a fir Fridden a Wuelstand.

« Eng spannend Juegd duerch de Süden »

Am Kader vun der « Europäescher Mobilitéitswoch » (16.09. – 22.09) kann Dir un engem Fotosrallye deelhuelen.

Beim « Kräiderguart » am Brill fannt Dir eng Fotostatioun, maacht een Selfie an sidd deen glécklechen Gewënner vun engem E-Bike.

Fir weider Informatiounen: www.esch2022.lu/concours

 

 

 

 

Conférence de presse « Schëfflenger Konschthaus » Programme 2020/21

 

Une conférence de presse s’est déroulée le 7 septembre 2020 pour inaugurer officiellement la galerie “Schëfflenger Konschthaus” en présentant son nouveau concept. Cela en présence du bourgmestre Paul Weimerskirch et des échevins Albert Kalmes, Marc Spautz et Carlo Lecuit.

À cette occasion, le bourgmestre Monsieur Weimerskirch, a reconnu que la culture sous toutes ses formes est utile et indispensable pour chacun. Elle offre une possibilité de s’évader, de se ressourcer et s’adresse aux personnes de tout âge et classe sociale. Avec le lancement de ce projet, la Commune de Schifflange veut inscrire son engagement envers la population.

Le bourgmestre Paul Weimerskirch précise que parmi les ambitions, sont inclus des ateliers pédagogiques, qui en relation avec chaque exposition seront organisés à destination des classes de la commune de l’enseignement fondamental, sous l’égide de la galeriste.
Dans un second temps, des ateliers écoresponsables font être mis en oeuvre. La galeriste Claudia D’Incà a présenté le programme des artistes qui commence avec une exposition de Stéphanie Uhres suivie par les artistes suivants : Peggy Dihé, Samuel Levy, Anne Lindner, Florence Hoffman, Patricia Lippert, Christian Neuman et Kevin B.

La galerie est ouverte au public du mardi au samedi inclus. Des visites guidées faites par la galeriste Claudia D’Incà peuvent se faire sur demande au numéro 621 63 83 93 ou par mail .

247-0120003-Schifflange-Brochure-Konschthaus-HR

 

 

Broschüre zum “Kräutergarten Beim Brill” erschienen

Der große öffentliche Heilkräutergarten der Gemeinde liegt unterhalb der Gemeindeateliers in der Hedinger Straße, umgeben vom Gemeindebongert und zwei Weihern. Die Gartenanlage, die in Zusammenarbeit mit dem SICONA angefertigt wurde, besteht aus zwölf Beeten von je rund 50 Quadratmetern.

Eine detaillierte Broschüre gibt nun einen Einblick in die Entwicklung der Kräuterheilkunde im Allgemeinen und über die thematischen Beete im Insbesonderen.

Kostenlos erhältlich ist diese lehrreiche, kommunale Publikation im Eingangsbereich (Rezeption) der Gemeinde, sowie im Amt für Urbanismus und nachhaltige Entwicklung (14, Liberationsstraße) oder durch Anfrage unter

Wir wünschen Ihnen ein angenehmes Lesevergnügen und einen lehrreichen, anschließenden Aufenthalt im Brill.

Bicherbus

Liesen deet gutt! 

De Bicherbus kënnt folgend Deeg vun 8.50 bis 9.20 Auer op Schëffleng:

23. September
14. Oktober,
11. November
2. Dezember

Hei fannt Dir Bicher op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.

De Bus kënnt op de Busarrêt an der Rue Albert Wingert.