28.09.2022

Ofschloss vun engem gelongene Summer

Ewéi gewinnt hunn de ganze Summer nees eng ganz Panoplie un Aktivitéite fir eis Jonk (12-17 Joer) stattfonnt. Dagesaktivitéiten oder kleng Vakanzen, ob sportlech, kreativ, léierräich, aktiv oder entspanend: jidderee koum op seng Käschten.

Fir dee flotte Summer ofzeschléissen hunn d’Educateuren an d’Animateuren aus dem Schëfflenger Jugendhaus op der traditioneller Ofschlossfeier mat de Jonken zesumme gekacht, all zesumme bei engem gudden Iessen de Summer Revue passéiere gelooss a Fotoen a Videoe vun de leschte Woche gekuckt.

D’Fotoe vum Summer fannt Dir an eiser Galerie. Am nächsten Newsmag fannt Dir weider Impressioune vum Summer.

Wann Dir Wënsch oder Iddien hutt fir Aktivitéiten, kënnt Dir dem Jugendhaus déi och ganz gär matdeelen. D’Team steet Iech fir all Froe bezüglech hiren Aktivitéiten zur Verfügung:  / www.schefflenger-jugendhaus.lu