28.09.2022

Esch2022 – « L’arrivée de la jeunesse » ee Film iwwert déi italienesch Immigratioun

Am Kader vun Esch2022 an an Zesummenoarbecht mat der Associatioun PassaParola huet d’Gemeng Schëffleng den 28. September 2022 de Film “L’arrivée de la jeunesse” présentéiert. Dëse Film vum Realisateur Fabio Bottani behandelt d’Thema vun der italienescher Immigratioun zu Lëtzebuerg.

Vun den insgesamt 170 vertruedenen Nationalitéiten zu Lëtzebuerg, sinn d’Italiener am drëtt-stäerkste vertrueden no de Portugisen an de Fransousen. Déi italienesch Populatioun representéiert mat hire 24.116 Leit insgesamt 3,7% vun den Awunner zu Lëtzebuerg.

Zu Schëffleng liewen heivunner 167 italienesch Fraen an 169 Männer. Dës 336 Persoune stelle knapps 6% vun der Schëfflenger Bevëlkerung duer.

Duerch d’Gesetz vun der duebeler Nationalitéit ginn all déi Italiener, déi zousätzlech déi lëtzebuergesch Nationalitéit hunn, zu de Lëtzebuerger gezielt an zielen esou net zu deene 6%. Et ass dofir gewosst dass déi Leit mat italienesche Wuerzele vill méi ee groussen Undeel vun der Gesamtbevëlkerung duerstellen.

Passend zum Thema konnten déi ronn 100 Leit sech bei engem italieneschen Aperitif mam Regisseur an de Leit vu PassaParola iwwert déi italienesch Immigratioun ënnerhalen.

 

PassaParola