Posts By: schifflange

30. Abrëll 2020 – traditionell 1. Mee-Virfeier

Dëst Joer war déi traditionell 1. Mee-Virfeier e bëssi anescht wei déi Jore virdrun! Et konnten sech wéinst der Corona-Kris net vill Leit virum Denkmal vun de Schmelzaarbechter afannen. A senger Ried ass den Alain Guenther, Präsident vun der Amicale Schmelzaarbechter op déi  aussergewéinlech Situatioun agaange, huet drun erënnert, dass och Aarbechter a schwéieren Zäiten hunn missen duerhalen, sech missen een op deen anere verloosse kennen.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch huet a senger Usproch all Schmelzaarbechter geéiert, si déi um Ufank vun eisem ekonomesche Wuelstand stoungen. Duerch déi sanitär Kris déi eis Alldagsgewunnechte geännert hunn, keime mir och zum Nodenken iwwer eis Gesellschaft, iwwer dat, wat eis verbënnt, iwwer dat, wat eis eent, iwwer dat, wat verbessert a nei orientéiert muss ginn, fir méi Gerechtegkeet, méi Fridden a méi Liewensqualitéit ze erméiglechen, reflektéiert weiderhin de Buergermeeschter.

Hei déi komplett Riede vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch a vum President vun de Schmelzaarbechter Alain Guenther:

 

                   

Nid de guêpes / Wespennest

Si des guêpes sont en train de s’installer dans ou autour de votre maison, veuillez-vous adresser au garde champêtre de la commune ; numéros de téléphone : 54 50 61 335 ou 621 195 208

Falls sich Wespen am oder um Ihr Haus angesiedelt haben, wenden Sie sich bitte an unseren Bannhüter, zu erreichen unter folgenden Nummern: 54 50 61 335 oder 621 195 208

(photo : natur&ëmwelt a.s.b.l.)

www.naturemwelt.lu

 

Kleng Schëfflenger Kënschtler

An eisem leschten Informatiounsblat hate mär en Opruff un eis Kanner gemaach eis eng flott Bastelaarbecht eranzeschécken déi si an deene leschten Deeg doheem realiséiert gin.

De Pit Faber Durbach, 11 Joer, a FC Bayern-Fan huet eis seng Kreatioun gemailt a mär soen him VILLMOOLS MERCI fir säi super flotten a kreative Modell vun der Allianz-Arena gebastelt aus Kartong a Pabeier mat LED Luuchten.

De Yannick Thorn Erpelding (8Joer) huet eis de COVIE (Anti CoronaRoboter) gemailt. Tip Top, gutt hues du daat gemach Yannick!

Un desen Beispiller gesait een dass d’Kanner hirer Fantasie fraie Laaf loosen an dass mär wirklech kleng Kënschtler hei zu Schëffleng wunnen hun.

 

Maach och du mat a schéck eis däi Bild oder deng Bastelaarbecht op die mär da kënne publizéieren

A lo lass! Mär si gespaant.

   

EXPOSITION DU CERCLE ARTISTIQUE D’ESCH-SUR-ALZETTE

Le Cercle Artisitique d’Esch-sur-Alzette (CAE) a été fondé le 15 décembre 2007 sur initiative de 4 passionnés d’art, dont trois étaient des artistes de professsion.

Aujourd’hui le CAE compte 10 artistes chevronnés et convaincus de leur art.
Une équipe qui est toujours prête à surprendre le public avec ses nouvelles créations.

Le 25 + 26 avril et le 02 + 03 mai 2020  (14.00 à 19.00 heures) une partie des artistes vont présenter leurs œuvres au « Schëfflenger Konschthaus ».

Vous pouvez venir admirer tableaux des artistes suivant : GOETZINGER Nicolas, HOUEL Michel, JOHANNS Jos, KIEFFER Frank, LUCAS Jean-Jacques, LUDOVICY-HENSEL Michèle, MEYER Lucien et THIEFELS Jean-Paul

20 Joer am Déngscht vun der Allgemengheet

De 27. Februar hat de Schäfferot op déi traditionelle „Auereverdeelung“ invitéiert wou all déi Leit geéiert gi sinn di schonn 20 Joer am Déngscht vun der Gemeng stinn.

Wärend enger klenger Feier an der „Salle Grand-Duc Jean“ am Gemengenhaus hat de Buergermeeschter a Presenz vun de Schäffen an de Membere vum Gemengerot di grouss Freed 11 Leit aus dem Gemengenatelier a 6 Leit vum Léierpersonal ze éieren.

Folgend Leit konnten hir „Gëllen Auer“ an Empfang huelen:

 

Nathalie Pauly; Sandra Valeriani; Romain Bertrang; Jean-Luc Bocci; Alain Dax; Christian Halsdorf; Czeslaw Kosalka; David Ongaro; François Reichel; Carlo Schenten; Marco Schneider

Katja Brunelli; Tina Giannessi; Damien Hever; Carole Materazzi;  Laureen Scheiwen; Ivan Schievenin

Esch2022

Esch/Uelzecht ass 2022 Kulturhaaptstad. Ënnert dem Thema « Remix » soll sech Esch2022 presentéieren. Den 20.02.2020 ass den offiziellen Lancement vun Esch2022. Demno gëtt 2022 während engem Joer all Mount eng Gemeng aus dem Süden an de Virdergrond gesat. A genau 2 Joer geet et lass a Schëffleng ass dobäi!

Mir sinn houfreg, datt mir haut eis Fändelen opgehangen hunn.

Méi Infoen: www.esch2022.lu