29.09.2022

Soirée de Bienvenue 2022

LU

Den 29. September 2022 hat de Schäfferot op déi traditionell „Soirée de Bienvenue“ an d’Salle Grand-Duc Jean invitéiert.

All Schëfflenger Neibierger, dee säit der Covid-Pandemie d’Gemeng Schëffleng als seng nei Heemecht erausgesicht hat, war op dësen Informatiounsowend invitéiert ginn.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch huet a Presenz vu Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot sou wéi der Integratiouns- a Biergerkommissioun d’Leit häerzlech begréisst an hinne wichteg Informatiounen an Erklärungen iwwert eis Gemeng ginn. Dozou krut all Famill och nach e flotten « Kit de Bienvenue » als Kaddo.

Fir den Owend gemittlech auslafen ze loossen, huet de Buergermeeschter op e Patt invitéiert an déi ronn 100 Leit, déi ugemellt waren, haten Méiglechkeet am Kontakt mat de Gemengeresponsabelen hir Froen ze stellen an eventuell Ureegungen ze ginn, wat een nach an der Gemeng kéint verbesseren.

 

FR

Le 29 septembre 2022, le Collège des bourgmestre et échevins ont invité à sa traditionnelle « Soirée de Bienvenue » à la Salle Grand-Duc Jean.

Tous les nouveaux habitants qui ont choisi Schifflange comme nouveau domicile depuis la pandémie Covid ont été invités à cette soirée d’information.

Le bourgmestre Paul Weimerskirch avec des membres du Collège échevinal et du Conseil communal ainsi que des commissions de l’intégration et des citoyens a accueilli chaleureusement les nouveaux membres de notre commune et leur a donné des informations et explications importantes sur Schifflange. Toutes les familles ont également reçue un kit de bienvenue comme cadeau.

La soirée a été clôturée par un vin d’amitié et les 100 participants, qui ont suivi l’invitation, ont pu poser leurs questions et s’échanger l’un avec l’autre.