26.09.2022

Endlech: Sk8ing Girls 2022

Den 1. Oktober ass et erëm esou wäit! De Sk8ing Girls ass zeréck a bitt ewéi gewinnt nees vill sportlech a kënschtleresch Aktivitéiten:
Skateboarding, Longboarding, Gender Game, Slackline, Graffiti, Sérigraphie, Upcycling, Parcours, Bike Repair. etc.

Wann Dir also e flotten Nomëtteg mat Musek, Demonstratiounen a gudder Laun verbréngen, da kommt laanscht a maacht mat:
Den 1. Oktober vun 13.00 bis 18.00 Auer am Schëfflenger Skatepark!

D’Aktivitéite sinn op fir jiddereen, Meedercher a Jongen, jonk oder jonk-bliwwen, vun Ufänger bis Profi.
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.

« Sk8ing Girls » gëtt am Kader vum Internationale Meederchersdag (11. Oktober 2022) organiséiert an et geet an éischter Linn drëms fir de Skateboard, e Sport dee vun de Männer a Jongen dominéiert gëtt, och bei de Meedercher méi bekannt ze maachen.

Video Sk8ing Girls 2021

Kommt laanscht a maacht mat!

A wien dono nach net genuch huet, kann den Owend gären op eisem Kulturfest op der Gemengeplaz ausklénge loossen!