Posts By: schifflange

Portes ouvertes : Syndicat des Eaux du Sud

Le Syndicat des Eaux du Sud vous invite à venir découvrir 2 de ses sites le samedi 18 septembre de 9-17 heures.

 

 

Trouvez toutes les informations utiles ici!

Aktioun « De séchere Schoulwee »

Vill Leit hu sech scho gefrot wat déi Deckelsmouken op dem Buede vum Trottoir bedeiten. Et ass den Ufank vun der Initiativ “De séchere Schoulwee”.

Méi Informatioune fannt Dir hei.

Déplacement du monument

Eist Monument, dat den Affer vum 2. Weltkrich gedenkt, kritt eng nei Plaz.

Säit dem 7. September 2021 ass eng speziell Firma mat dem Ofbau amgaang. Stéck fir Stéck gëtt elo dat historescht Monument propper verpak a prett gemaach fir den Transport. Ab dem 20. September gëtt et dann e puer Meter weider – an deem fonkelneie Park « Léonie Koullen » (rue de Drusenheeim) – nees opgebaut.

Randonnées / Wanderungen

Wärend der Europäescher Mobilitéitswoch (16.-22. September 2021) invitéiert d’Gemeng Schëffleng Iech esou vill wéi méiglech op den Auto ze verzichten an op alternativ Fortbeweegungsmoyenen zréckzegräifen!

 

An dësem Kader ginn och zwou Randonnéeën ugebueden (mam Vëlo an ze fouss) an zwar den 18. September 2021 ab 9 Auer moies.

Hei all d’Infoen zu den Tier:

Schëfflenger Mobilitéitswoch DE

Schëfflenger Mobilitéitswoch FR

Streikgedenkfeier – Aussergewéinlechen Dag an aussergewéinlechen Zäiten

Den 31. August 2021 huet de Schäffen- a Gemengerot am klenge Krees den Affer vum Generalstreik vun 1942 geduecht, dëst a Presenz vu Vertrieder vun der Ligue Luxembourgeoise des Prisonniers et Déportés politiques (LPPD), den Enrôlés de force, dem Syndicat d’Initiative et de Tourisme (S.I.T), de Gewerkschaften a FerroForum. Mat der Kranznidderleeung zu Esch/Schëfflenger Schmelz (Portal Lalleng) hunn d’Festivitéiten ënnert der Regie vun der Amicale Schmelzaarbechter-Musée a ronderëm de Präsident Alain Günther den Ufank gemaach. Dono ass et beim Monument op der Fräiheetsplaz zu Schëffleng weidergaangen, a genau ewéi virun 79 Joer, wou d’Aarbechter zum Streik opgeruff gi sinn, ass um Punkt 18:00 Auer d’Sireen gaangen.

A senger Usprooch betount de Buergermeeschter Paul Weimerskirch, datt mir d’nächst Joer d’Commermoratioun vun den 80 Joer nom Generalstreik feieren an datt mir zesumme mat de Resistenzorganisatiounen, mat de Kolleege vun der Amicale Schmelzaarbechter a mat FerroForum dowéinst eng würdeg Festivitéit op d’Been stelle wäerten.

Zum Schluss geet den Här Buergermeeschter drop an, datt mir ni vergiesse sollen, wat geschitt ass, déi Leit éiere wëllen, déi sech fir Fridden a Gerechtegkeet staark gemaach hunn a sech virun An halen, datt Näischt op dëser Welt selbstverständlech ass, scho guer net de Fridden an d’Gerechtegkeet.

Ried vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch
(Et gëllt dat geschwate Wuert!)

an hei e flotten Filmreportage vun den Feierlechkeeten an eiser Gemeng

an zu Lalléng

 

 

Peep show : Visite guidée des anciennes friches Arcelor

Le Conseil communal de Schifflange a été invité par les responsables de « FerroForum » à une visite guidée dénommée « peep show » en date du 30 août 2021 à la KUFA à Esch-sur-Alzette.

Au départ de la Kulturfabrik, une brève introduction en la matière a été faite par le Schmelzaarbechtermusée.

Ensuite, les conseillers – munis de chaussures solides – ont été emmenés sur un circuit-découverte animé de récits et d’explications techniques et historiques. Le passage dans les zones sécurisées de la friche leur a donné un arrêt sur l’image de l’évolution actuelle du site.

Après cette partie, les visiteurs ont été accueilli dans l’ancien atelier central, aujourd’hui QG du FerroForum, situé au coeur du site. Datant de 1913, ce hall d’environ 3000 m2 abritera dès 2022 toutes les composantes du projet : atelier, archives et buvette.

Le retour s’est fait à nouveau par la KUFA où les membres du Conseil communal ont pu profité de la Summerbar.

 

Un mot sur le projet « FerroForum »

Le FerroForum a été créé avec le but de préserver et promouvoir le patrimoine culturel, industriel et artisanal ainsi que le savoir-faire autour de la création du fer et de l’acier. Le projet fait partie intégrante de la programmation d’Esch 2022 – Capitale européenne de la Culture, mais s’inscrira dans le long terme afin de devenir un acteur incontournable dans ce domaine. Établi sous forme d’une association sans but lucratif, le FerroForum est installé dans l’atelier central de l’ancienne usine sidérurgique d’Arbed Esch-Schifflange.

Plus d’infos sur le projet ici

Isabelle Solagna (CSV) nei Gemengeconseillère

D’Madamm Isabelle Solagna vun der CSV-Lëscht, ass den 30.08.2021 a Presenz vum Schäffen- a Gemengerot vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch vereedegt ginn. Dëst nodeems den Här Gilbert Godart an der Gemengerotssitzung vum 16.07.2021 seng Demissioun als Gemengeconseiller agereecht huet.

D’Madamm Isabelle Solagna-Van Goidsenoven ass den 19.09.1965 zu Déifferdeng op d’Welt komm, ass mam Daniel Solagna bestuet an ass Mamm vun dräi Kanner.

Vu Beruff ass d‘Isabelle Comptabel an deemno läit et op der Hand, dass si als Member vun der Finanzkommissioun besonnesch vill Wäert op eng gesond Finanzpolitik an eiser Gemeng leet.

Zënter enger Rei vu Joren ass d’Isabelle Solagna um lokalen Niveau besonnesch engagéiert. Si ass Member an der Kulturkommissioun, Sekretärin am Groupe de travail Design4all, am Conseil d’administration vum CIGL a vum Schëfflenger Konschthaus an am Comité vu Schëffleng Hëlleft a Schëfflenger Kriibshëllef.

Ausserdeem ass si säit ville Joren am Fiederball Schëffleng aktiv a setzt sech gäre fir dat sportlecht, kulturellt a soziaalt Liewen an der Gemeng an. D‘ass hir ëmmer eng Freed, sech am Benevolat z‘engagéieren.

Mir wënschen dem Isabelle Solagna eng glécklech Hand bei der Ausübung vun hirem neie Mandat an soen dem Gilbert Godart Merci fir seng Zäit als Gemengeconseiller.

Esch2022: ee weidere klengen Abléck an de Programm vum nächste Joer

Am Kontext vum Programm vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch2022, beäntwert de Buergermeeschter Paul Weimerskirch Froen zum Projet « D’So vum Marxeweier »… loosst Äerch iwwerraschen!

 

Interview mam Paul Weimerskirch

 

 

Esch2022: ee klengen Abléck an de Programm vum nächste Joer

Sidd och där e bësse virwëtzeg, wat Äerch erwaart wärend dem Kulturjoer an ärer Gemeng? Da kuckt Äerch un, wat den aktuelle Buergermeeschter Paul Weimerskirch an de fréiere Buergermeeschter Roland Schreiner an hirem Interview zum Projet « Europe goes Scuffelingen » verroden hunn…

Vill Spaass!

Interview mam Paul Weimerskirch a Roland Schreiner

18e édition du Meeting du Cercle Athlétique Schifflange

En date du 19 août 2021, le CA Schifflange avait invité à une conférence de presse à l’Hôtel de Ville de Schifflange au sujet de leur meeting international. En présence du bourgmestre Paul Weimerskirch et des élus locaux, les organisateurs ont présenté le programme du meeting. A part les athlètes phares luxembourgeois comme Charles Grethen (800m), Vera Hoffmann(1500m) et Bob Bertmes (poids), le meeting sous la direction de Luc Hensgen, accueillera de nombreux athlètes internationaux de haut niveau. En tout, 14 disciplines différentes seront pratiquées.

Chiffres clés :

  • 220 athlètes provenant de 37 pays différents
  • 28 athlètes ont participé aux derniers Jeux olympiques ou au Championnat du monde
  • 14 compétitions/disciplines

Le meeting aura lieu le dimanche, 22 août 201 à partir de 16.00 heures.

Afin de garantir un bon déroulement et au respect de l’environnement, la Commune de Schifflange a organisé une navette qui reliera le parking du Hall Polyvalent au Stade Jean Jacoby.

Plus d’informations sur le meeting sont disponibles via ce lien.