14.06.2023

Fauchage tardif

LU
Fir d’Biodiversitéit z’ënnerstëtzen an d’Blummen- an Déierewelt ze schützen, huet d’Gemeng Schëffleng sech fir de fauchage tardif entscheet.

Weltwäit ginn d’Insektenaarten zeréck an domat och all déi Déieren, déi sech vun hinnen ernieren. D’Iddi vum Fauchage tardif ass et, fir am urbane Raum Flächen opzebauen, wou sech nees verschidden Insekten- a Blummenaarten usidelen kënnen. Dëst a Gebidder, wou d’Sécherheet vun de Stroossebenotzer net a Gefor ass an d’Grasvegetatioun seng maximal Gréisst erreeche kann.

D’Gréngflächen, d’Wisen an d’Stroosse ginn nëmmen eemol oder zweemol am Joer zréck geschnidden. Dëse Prozess erméiglecht eng méi grouss Pflanzendiversitéit, respektéiert déi verschidde Wuesstumszäite vun de Blummen, hir Planzereift a Somproduktioun a schützt d’Liewensraim vun den Déieren.

 

FR
Afin de soutenir la biodiversité et de permettre la floraison de la flore, la Commune de Schifflange  a choisi l’option du fauchage tardif.

Le fauchage annuel tardif s’applique aux zones pouvant accueillir sans danger pour la sécurité des usagers de la routes, une végétation herbacée ayant atteint sa taille maximale.

Les espaces verts, les pelouses et bords de routes ne sont fauchés qu’une à deux fois par an. Ce procédé permet d’augmenter la diversité végétale (temps de pousse différenciés, floraison, maturité des plantes et production de semences des espèces herbacées) et de maintenir les espaces vitaux du monde animal. Par son apparence différenciée et irrégulière et non domestiquée, il répond à des critères esthétiques naturels tout en favorisant l’apparition de fleurs, ce qui contribue à l’embellissement de l‘aspect d’ensemble.